Mam Vëlo op d’Schaff – an dobäi flott Präisser gewannen!
Et gëtt elo déi 12. Editioun vun der traditioneller Aktioun
Et gëtt elo déi 12. Editioun vun der traditioneller Aktioun
Ech wollt schonn ëmmer an een Escape-Room, ma meng éischte
Zanter enger Rei Woche sinn an der Stad, méi spezifesch
Well de Confinement vill Salariéeën aus den administrative Beruffer an den Homeoffice gejot huet, hu sech entspriechend vill Leit vum ale Material getrennt, a sech besonnesch bei der „flexibeler“ an bequemer Hardware op den neiste Stand vun der Technik bruecht. De Laptop huet entspriechend Zousproch fonnt. Dat dierft sech op dat traditionellt Geschäft zu de Feierdeeg auswierken.
Dës Erkenntnis fält elo net vum Himmel, si ass eigentlech nëmmen de Resumé vun enger gëschter verëffentlechter Etüd säitens Eurostat. Dës europäesch Institutioun stellt fest, datt et schonn am Abrëll – also quasi matten an der éischter Well – zu engem enormen Ofsaz, besonnesch ebe bei de portabelen Apparater komm ass. Am Februar/Mäerz waren dës Zuelen nach zolidd réckleefeg.
Laut Eurostat gouf am Abrëll EDV-Hardware am Wäert vu ron 5,2 Milliarden Euro un de Mann, respektiv d‘Fra bruecht. Dat entsprécht engem Plus vu ganzer 44%. Iwwert d‘Folgequartal, also Mee, Juni a Juli, ass d‘Demande weider op héijem Niveau bliwwen. Hei ass Hardware am Wäert vun ëm déi 4,5 Milliarden Euro kaf ginn. D‘Etüd léisst och Ënnerscheeder an der EU erkennen.
Besonnesch Rumänien (+38%), mee iwwerraschender Weis och Dänemark (+35%) an Italien (+26%) stellen de Podium; eis belsch Nopere verzeechnen dogéint „nëmmen“ ee Plus vu 6%. Lëtzebuerg huet tëscht Januar a Juli eleng am Segment „Laptop“ en Import am Wäert vu 56,5 Milliounen Euro (2019 waren et nach 45,7 Milliounen Euro) agefouert. Et huet ee Kafkraaft.
Hei dierf preziséiert ginn, datt am zweete Quartal 2020, 52% vun de Salariéeën am Homeoffice waren. Net ze vergiessen, datt ronn 93% vun de Schüler a Studenten hir Coursen „online“ hu misse verfollegen. Och dat huet entspriechend Auswierkungen op d‘Acquisitioun vun „neiem“ Material gehat. Leider ass d‘Qualitéit vun der „Internetverbindung“ nach ëmmer net zefriddestellend.
Illustratioun: © Radek Grzybowski / unsplash