Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den 11. Februar mécht d‘Cinemathéik vun der Stad Lëtzebuerg nees op
Neiegkeeten

Den 11. Februar mécht d‘Cinemathéik vun der Stad Lëtzebuerg nees op

No enger duerch Parasitten organiséiert „Zwangspaus“ mécht d‘Cinemathéik vun der

Am Kampf géint HIV: Lëtzebuerg als éischte Partner beim weltwäite Fong
Neiegkeeten

Am Kampf géint HIV: Lëtzebuerg als éischte Partner beim weltwäite Fong

D’Ministesch fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheete Paulette Lenert huet leschten

Macron: „Mir musse mat villen Affer rechnen“
Neiegkeeten

Macron: „Mir musse mat villen Affer rechnen“

Den Orkan Irma, vun enger ni erlieften Intensitéit, huet op

Tansania verfollegt Ënnerstëtzer vun Homosexuellen

Déi homophob Regierung dreet weider

Tansania verfollegt Ënnerstëtzer vun Homosexuellen

D’Regierung vun Tansania huet domadder gedréit, all d’Verdeedeger vun de Rechter vun Homosexuelle festzehuelen. Se wëll och all Auslänner aus dem Land ze geheien, wann se sech fir deenen hir Rechter géifen asetzen.

„Ech wëll d’Organisatiounen an Institutiounen, déi virginn sech fir d’Rechter vun Homosexuellen anzesetzen, drun erënneren a warnen (…) Mir wäerten all déi wou implizéiert sinn, festhuelen a vru Geriicht bréngen“, sot ee Sonndeg den Inneminister, Mwigulu Nchemba an enger ëffentlecher Ried, déi ee Méindeg vun der regierungstreier Zeitung „Daily News“ opgegraff ginn ass.

All déi wou sech homosexuelle Praktike wëllen higinn, sollten a Länner auswanderen déi esou Praktike guttheeschen

Mwigulu Nchemba, Innenminister vun Tansania

„All déi wou sech homosexuelle Praktike wëllen higinn. sollten a Länner auswanderen déi esou Praktike guttheeschen (…) Wann eng Organisatioun an dësem Land déi Homosexuell ënnerstëtzt an hir Saach verdeedegt, verléiert se hir Zouloossung“, esou den Nchemba weider.

De Minister huet gewarnt, datt säi Land net een Abléck géif zécken, all Auslänner aus dem Land ze joen, dee sech fir d’Rechter vun den Homosexuelle géif asetzen. „Wa mir een Auslänner fannen, deen sech fir deenen hir Rechter asetzt, gëtt hien oder hatt ouni Delai ausgewisen. Se kréien nach net emol Zäit hiren Handy aus der Steckdous ze zéien.“

Kontrovers Ried vum President

Scho leschten Donneschdeg hat de President John Magufuli, an enger kontroverséierter Ried sech den Organisatiounen, déi d’Rechter vun den Homosexuellen an d’Recht vun de Kannermamme weider an d’Schoul ze goe verdeedegen, entgéint gestallt. „Déi, wou eis esou Saache bäibréngen, déi meng Bridder, hunn eis net gären. Si hunn eis d’Droge bruecht, homosexuell Praktiken déi esouguer d’Kéi veruerteelen“, esou den Magufuli.

Am Ufank vum Joer hat d’Regierung nach gedréit, Leschten ze verëffentlechen, op deenen d’Nimm vun Homosexuelle sollte stoen, déi hire Kierper verkafen.

Den tansanesche President hat seng Minister opgeruff opzehalen „esou onwierdeg Praktiken nozeafen“ och wann dat zur Folleg kéint hunn, datt en Deel vun der Entwécklungshëllef kéint agestallt ginn. „Si (déi westlech Muechten) erzielen eppes vun Hëllef, mee et sinn eis Ressourcen déi se klauen. (…) Dir zitt Béischte grouss; mee hutt dir jeemools eng Gees oder ee Schwäi gesinn, dat esou eppes géif maachen? A si hätte gären, datt d’Tansanier sech deem higinn“.

Am Ufank vum Joer hat d’Regierung nach gedréit, Leschten ze verëffentlechen, op deenen d’Nimm vun Homosexuelle sollte stoen, déi hire Kierper verkafen. Dovunner ass dunn awer ofgesi ginn. Virun ee puer Deeg awer, huet de President den Uerder ginn, all Gesondheetszentren, déi sech dem Kampf géint den Aids verschriwwen hunn, zouzemaachen. Hie beschëllegt déi, d’Homosexualitéit ze fërderen.

Homosexualitéit ass an Tansania strofbar. Hei ginn et laang Prisongsstrofen. Et ass awer elo rezent, datt d’Autoritéiten eng esou Homophob Rhetorik an d’Ëffentlechkeet droen.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Homophobie, LGBT, Tansania
Nächsten Artikel Virrechten Artikel