Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ass eng Legaliséierung vum medezinesche Cannabis ze kuerz gegraff?
https://moien.lu/dating-in-your-forties/ dating st helens merseyside

dating sites with search

Op mannst gesinn dat d’Piraten esou. Fir si geet de

dating a professor in college
https://moien.lu/dating-in-your-forties/ dating st helens merseyside

Éischte Ministerrot fir de Macron

Haut um 11.00 Auer presidéiert de franséische President Emmanuel Macron

Krus de mat? De Wochequiz (Woch vum 4. Dezember)
https://moien.lu/dating-in-your-forties/ dating st helens merseyside

Krus de mat? De Wochequiz (Woch vum 4. Dezember)

  Eng weider beweegte Woch läit hannert eis. Net méi

Depenalisatioun vun der Homosexualitéit an Indien

Depenalisatioun vun der Homosexualitéit an Indien

Et hätt ee kënne mengen, si wieren direkt aus engem „Bollywood-Film“ entsprongen. Eng 20 Employéeën, ausstafféiert mat faarwefroue Foularden, hunn an engem vun de „schicksten“ Hoteller vun Delhi eng elaboréiert Choreographie presentéiert, an esou d‘Depenalisatioun vun der Homosexualitéit an Indien zelebréiert.

Delhi, Mumbai, Bangalore, Chemnai… De Reeboufändel war um Donneschdeg an ville Groussstied vun dësem südasiatesche Land omnipresent. Iwwerall hu kleng LGBT-Gruppen d‘Entscheedung vum ieweschte Geriichtshaff zelebréiert, dat e Gesetz aus der britescher Kolonialzäit „gestrach“ huet, well et net méi Verfassungskonform war.

Am Lalit Hotel vun der Haaptstad, danzen d‘Employéeën op de Rhythmus vun „Scream an Shout“ vum Sänger „will.i.am“. D‘Schampesstëpp si geflunn, wéi e risege Schockelaskuch, dee mat engem séissen Hummer, an de Faarwe vun der Gay-Pride dekoréiert war, opgeschnidde ginn ass. Den Direkter vum Hotel, Keshav Suri, ass mat Applaus empfaange ginn.

D‘Freed war grouss um Donneschdeg, an de Keshav Suri, en Aktivist vun der éischter Stonn, konnt säi franséische Mann, deen hien am Juni zu Paräis bestuet huet, ganz legal an der Ëffentlechkeet kussen. Den Direkter vum Lalit Hotel, hat eng sozial Schutzpolitik fir seng homosexuell Salariéeën agefouert. Hie war och vun de Kläger, déi d‘Bestrofung vun der Homosexualitéit denoncéiert hunn.

Homosexualitéit

Aktiviste vun der indescher LGBT-Communautéit hunn d‘Entscheedung vum ieweschte Geriichtshaff zu Delhi op hir eegen Aart a Weis zelebréiert. D‘Gesetz aus de britescher Kolonialzäit dat d‘Homosexualitéit ënner Strof gestalt hat, ass elo endgülteg ofgeschaaft ginn. Et wäert awer nach Zäit brauchen, bis och d‘Gesellschaft an Indien d‘Homosexualitéit toleréiert. © Sajjad Hussain/AFP

„Et ass de Moment fir ze feieren. Et ass de Moment fir an d‘Ëffentlechkeet ze trieden“, esou de Geschäftsmann, deen och de Grënner vun enger Diskothéik-Chaîne ass, déi bekannt ass fir hir extravagant Soiréeë fir LGBT-Communautéit. A sengen Aen, ass d‘Uerteel vum Donneschdeg, awer nëmmen den éischte Schratt, fir d‘Unerkennung an d‘Gläichstellung fir homosexuell Mënschen.

„Villes muss nach gemaach ginn. Op bei Froen zur Ierfschaft, dem Bestietnes, Versécherungen (…) mee mir kommen der Saach esou lues a lues méi no“, esou de Keshav Suri.

De „coming out“

Et ass d‘Zäit vun den Emotiounen, de Gefiller, wéi am spéide Moien d‘LGBT-Communautéit mat Uspanung d‘Lecture vum Jugement, vun der héchster juristescher Instanz an dëser Natioun vun 1,25 Milliarde Bierger, erwaart huet. Vill Militanten haten sech a „klenge“ Comitéë virun der Tëlee versammelt hunn. Hir Freed, beim Riichtersproch, ass mat Wierder net ze beschreiwen.

Virum Gebai vum ieweschte Geriichtshaff zu Delhi, sinn onendlech Tréine gefloss, jiddereen huet sech ëmäermelt. Eng jonk Fra, déi op dësem geschichtsträchtegen Dag d‘Schoul ausfale gelooss hat, huet virun de sëlleche Kameraen hire „coming out“ gemaach.

D‘Depenalisatioun vun der Homosexualitéit ass keng Bagatelle an dësem héich konservative Land. Juristesch betruecht, huet dëse „Prozess“ iwwer 20 Joer gebraucht, fir endlech Gerechtegkeet erbäi ze féieren. Woubäi een awer och muss betounen, datt trotz dem „Verbuet“, an Indien nëmme seele Leit wéinst hirer Homosexualitéit viru Geriicht gestallt goufen.

Fir d‘Riichter war et erwisen, datt déi penal Dispositiounen „zum Instrument vum Harcèlement géint d‘LGBT-Communautéit ginn ass“. Faktesch verännert sech den Alldag vun der LGBT-Communautéit wéineg. Déi wäert nach laang an der indescher Gesellschaft stigmatiséiert gi, well sech Gesetzer sech méi liicht ophiewe loossen, wéi d‘Barrièren an de Käpp vun de Leit.

Zu Chemnai hunn Aktiviste Schockela verdeelt, fir dëse groussen Dag ze zelebréieren. An der Wirtschaftshaaptstad Mumbai, huet Bollywood dës Decisioun vum ieweschte Geriichtshaff begréisst. „D‘Homosexualitéit depenaliséieren an den Artikel 377 ganz sträichen, datt ass e grousse Fortschrëtt. D‘Land kann opootmen!“, esou de Realisateur Karan Johar op Twitter.

mam Ruchika Chitravanshi/AFP

Foto: „Endlech dierfe mir eis och an der Ëffentlechkeet kussen, ouni mussen ze fäerten, mam Gesetz a Konflikt ze geroden“, esou d‘Aktiviste vun der LGBT-Communautéit um Parvis vum ieweschte Geriichtshaff zu Delhi. © Diptendu Dutta/AFP

Ähnlech Sujeten Depenalisatioun, Homosexualitéit, Indien, LGBT
Nächsten Artikel Virrechten Artikel