Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Danica Roem gewënnt als éischt Transgender-Kandidatin d’Walen a Virginia
https://moien.lu/dating-sites-database/ Neiegkeeten

https://moien.lu/chelsea-dating-scott/

D‘Danica Roem, fir d‘Demokraten am Staat Virginia als Kandidatin an

bowes lyons dating
https://moien.lu/dating-sites-database/ Neiegkeeten

„We Ride“: Du brauchs e Vëlo oder e Skateboard? Da bass de hei richteg

E Vëlo oder e gutt „Briet“ kann engem schonn en

Wéi gesäit d‘Zukunft vun den Diddelenger Siderurgisten aus?
https://moien.lu/dating-sites-database/ Neiegkeeten

Wéi gesäit d‘Zukunft vun den Diddelenger Siderurgisten aus?

A gutt 14 Deeg soll feststoen, wien de Site vun

Hong Kong: déi politesche Grenze vu der Autonomie

Hong Kong: déi politesche Grenze vu der Autonomie

Dausende Bierger zu Hong Kong, hunn an der Nuecht op e neits massiv géint e geplangte Gesetz protestéiert, mat deem Mënschen u China dierfen ausgeliwwert ginn. Haut soll am Parlament doriwwer ofgestëmmt ginn…

Schonn ee Sonndeg waren se op d‘Strooss gaangen, a jee nodeems wiem seng Zuelen ee wëll fir gutt halen, sollen et bis zu enger Millioun Demonstrante gewiescht sinn. Hong Kong, dat ass eng sougenannten „Sonnerverwaltungsregioun“ déi den Awunner eng „gewëssen Autonomie“ erlaabt.

D‘Regionalparlament, datt méi Peking vu agesat, wéi vun de 7 Milliounen Awunner gewielt wier, ass majoritär „Peking-Trei“ an d‘Cheffin, Carrie Lam, géif et begréissen, wann dës Majoritéit dat Gesetz haut géif unhuelen. Sënn an Zweck vun dësem Gesetz: den Hong Kong Autoritéiten ze „erlaben“ op Ufro, Persounen déi géint allgemengt Recht verstoussen, u Peking auszeliwweren.

Hong Kong

Fred Boot (via Twitter)

Kritiker fäerten an dësem Kontext, datt et der Zentralregierung guer net drëms geet den „Déif“ oder soss „allgemeng Krimineller“ ausliwweren ze loossen, mee „politesch Dissidenten“ ënnert dësem Virwand ausliwweren ze loossen, an esou „onschiedlech“ ze maachen. Dogéint geet sech gewiert.

Dualistescht Hong Kong

Déi chinesesch Sonnerverwaltungsregioun huet eng Spezifizitéiten, déi mat der Geschicht vun Hong Kong verknäppt sinn. 1997 ass déi fréier britesch Krounkolonie nom Grondsaz: „E Land, zwee Systemer“ un déi chinesesch Zentralregierung zréckgaangen, mee soll Autonom bleiwen.

Hong Kong

Martin Aldrovandi (via Twitter)

Heimatter sollt séchergestallt ginn, datt d‘Awunner vun Hong Kong hir „Fräiheeten“ behalen. Dozou gehéiert awer och d‘Recht op fräi Meenungsäusserung an zu Peking schéngen se net wierklech erfreet doriwwer, datt d‘Leit grad vun dëser Fräiheet intensiv gebrauch maachen. E weidere Virdeel géintiwwer China sinn d‘Pressefräiheet an d‘Versammlungsrecht.

No 2014, wou sech d‘Awunner vun Hong Kong zesummegedoen haten an sech fir méi Demokratie agesat haten, huet déi chinesesch Regierung zolidd Widderstand geleescht. Iwwer Wochen ewech war d‘Stad blockéiert. Peking awer huet d‘Muecht, an zitt zanterhier d‘Zigel eppes méi stramm un.

mat indymedia/tpe

Foto: D‘Leit verlaangen datt déi britesch-chinesesch Erklärung zu de Rechter an der Fräiheet geschützt ginn, a fuerderen hiert Regionalparlament op, sech géint Peking ze stellen an nee zum Ausliwwerungsgesetz ze soen. Dee Wonsch wäert hinnen haut leider net erfëllt ginn. © KrK

Update 12.Juni 05:45: D’Regionalparlamant huet grad bekannt ginn, datt de Vott zum ëmstriddene Gesetz verluecht ass. Domatter hunn d’Demonstranten zumindest eng kleng Victoire fir sech an d’Meenungsfräiheet erziilt. (LS)

Ähnlech Sujeten Ausliwwerungsgesetz, Autonomie, China, Hong Kong, Meenungsfräiheet, Mënscherechter, Pressefräiheet, Sonnerverwaltungsregioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel