Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Am chinesesch-amerikaneschen Handelsaccord sicht Peking de Konsens
pot smokers dating site dating your landlord

https://moien.lu/best-dating-sites-for-married/

China huet e Mëttwoch drop higewisen, datt ee beméit wier

se7en singer dating
pot smokers dating site dating your landlord

Chile muss Klimasommet ofginn

Wéinst den unhalenden Onrouen am Land huet den chilenesche President

Déi grouss europäesch Erausfuerderungen
pot smokers dating site dating your landlord

Déi grouss europäesch Erausfuerderungen

Während den Ament déi politesch Acteuren domadder beschäftegt sinn sech

Hong Kong: De Protest hält sech

Demonstrante wëllen net goen esoulaang d‘Gesetz net vum Dësch ass

Hong Kong: De Protest hält sech

Nom Protest vun engen zwou Milliounen Awunner vun Hong Kong, waren an der Nuecht op e Méindeg, nach honnerten Demonstranten op der Strooss bliwwen. Si hu sech virgeholl esoulaang ze bleiwen, bis dat ëmstriddent Ausliwwerungsgesetz ganz vum Dësch an net nëmmen ausgesat ass.

Während d‘Police d‘Demonstranten opgefuerdert huet d‘Versammlung opzeléisen, hunn sech déi virun allem jonk Leit geweigert ze goen. „Mir hënnere keen dorunner schaffen ze goen, mee mir ginn eréischt dann, wann d‘Carrie Lam (Regierungscheffin) eis ugehéiert a mat eis geschwat huet“, esou d‘Äntwert vun enger Militantin un d‘Autoritéiten. De Protest virum Parlament geet weider…

Hong Kong

Iwwert de Weekend hate gutt 2 Milliounen Awunner vun der „Sonnerverwaltungsregioun“, wéi Hong Kong vu Peking administrativ genannt gëtt, virum Parlament demonstréiert. An der Nuecht op e Méindeg waren nach kleng Grupp um Parvis an op de Stroosse bliwwen. D‘Police huet sech zréckgehalen, an déi friddlech sëtzend an op der Strooss schlofend Demonstrante a rou gelooss.

Carrie Lam: Regierungscheffin oder Marionett vum Zentralcomité?

De ganze Stress ass dem Wëlle geschëlt, zu Hong Kong en Ausliwwerungsgesetz anzeféieren, mat deem „kriminell Elementer“ och no China extradéiert kënne ginn. D‘Leit zu Hong Kong, déi iwwert eng gréisser Autonomie a méi Fräiheete wéi d‘Chinese verfügen, fäerte schlicht an ergräifend, datt d‘Gesetz geduecht ass, politesch Géigner ënner falsche Beschëllegungen aus dem Verkéier ze zéien.

Wat d‘Carrie Lam ubelaangt, esou ass si vu Peking als Regierungscheffin vun Hong Kong bestëmmt ginn, firwat och hire Récktrëtt gefuerdert gëtt. Si huet sech an der tëscht bei den Awunner entschëllegt a versprach d‘Kritik unzehuelen a Verbesserungen am Sënn vun de Bierger an der Ëffentlechkeet virzehuelen. Datt si d‘Gesetz awer just „op Äis geluecht“ huet, geet de Leit net duer.

Hong Kong

Schwaarz T-Shirter… méi wéi nëmmen de Symbol vum Protest

Déi onroueg Zäite bréngen och eng Rei batter Erënnerunge mat sech. Esou un d‘Protester vun 2014, déi als „Präbbeli-Demonstratiounen“ an d‘Geschicht agaange sinn. Deemools haten sech d‘Awunner vun Hong Kong wochelaang fir méi Demokratie, fräi Walen a géint den Afloss vu Peking agesat. Ob a wéi dësen neie Protest vu Peking nach toleréiert ka ginn, ass nach ongewosst.

D‘Weltgemeinschaft bléckt op Hong Kong

Esoulaang wéi d‘Opmierksamkeet nach besteet, muss gehandelt ginn. Esou hunn Aktivisten zum Generalstreik opgeruff a ginn heibäi vun de Gewerkschaften an esouguer Patronatsverbänn ënnerstëtzt. Déi prodemokratesch „Civil Human Rights Front“ rifft d‘Awunner vun Hong Kong op, d‘Campagne weiderzeféieren a sech net vun den Autoritéiten un der Nues féieren ze loossen.

Hong Kong

Beandrockend esou eng Demonstratioun vu Millioune Mënschen © Kim Sothany

Aus Peking den Appell un d‘Awunner, sech net vum Ausland instrumentaliséieren ze loossen. Wéi ëmmer, hunn sech d‘EU, d‘USA an eng Rei weider Natioune mat den Demonstrante solidaresch erkläert. Et si wuel nëmme symbolesch Lëpsebekenntnisser aus Europa an d‘Amerikaner hunn et souwisou op Kaméidi ofgesinn, mee un eppes mussen sech d‘Mënsche schliisslech festhalen…

mat indymedia/tpe

Foto: D‘Awunner vun der Sonnerverwaltungsregioun Hong Kong hunn d‘Stroosse besat a wieren sech géint en Ausliwwerungsgesetz, dat si als Bedreeung fir déi politesch Fräiheete gesinn, déi hinnen (nach) zoustinn, esou wéi datt am Accord mat der Zentralregierung bei der Réckgab vun der Krounkolonie vereenbaart gi war. © Vivienne Chow (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Ausliwwerungsgesetz, Autonomie, China, Hong Kong, Meenungsfräiheet, Mënscherechter, Pressefräiheet, Sonnerverwaltungsregioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel