Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sport fir Jiddwereen: eng gesellschaftlech Integratioun iwwer Sport
good dating profile for guys https://moien.lu/dating-site-free-of-cost/

https://moien.lu/nigerian-singles-black-dating/

De Sport ass net nëmme fir eis do, mee och

wrestlers dating sites
good dating profile for guys https://moien.lu/dating-site-free-of-cost/

De Konkurrenzkampf ass bei de Schoulen ukomm, esou d’Gewerkschaften

Fir den SEW-OGBL ass déi ëffentlech Schoul einfach net méi

Editorial: d‘SNCT op der Sich nom Goss…
good dating profile for guys https://moien.lu/dating-site-free-of-cost/

Editorial: d‘SNCT op der Sich nom Goss…

Nodeems elo bekannt ass, datt déi technesch Kontroll vum Gefier

Hong Kong: Einstweileg Verfügung géint d‘Demonstranten

Aktiviste blockéieren de Fluchhafen, d‘Police setzt Pefferspray an a Peking muss duerchgräifen

Hong Kong: Einstweileg Verfügung géint d‘Demonstranten

Um Dënschdegowend, nodeems de Fluchhafe vun Hong Kong schonn den zweeten Dag a folleg vun den Aktiviste vun der Pro-Demokratie-Beweegung blockéiert gi war, huet d‘Police agegraff. D‘Spezialeenheeten hu kuerzzäiteg Knëppel a Pefferspray agesat, d‘Demonstranten hu Barrikaden opgeriicht. No etlechen Zesummestéiss huet sech d‘Police dunn awer nees zréckgezunn.

Fir de Gestionnaire eng „onméiglech Situatioun“ déi fir en internationale Fluchhafen, deen zudeem als „Fluchkräiz“ eng ganz wichteg Roll fir de Fluchverkéier am asiatesche Raum huet, esou net méi vertrietbar ass. D‘Direktioun vum „Chek Lap Kok Airport“ huet um Mëttwochmueren awer eng einstweileg Verfügung géint d‘Aktivisten erwierkt, firwat all Demo um Fluchhafe verbueden ass.

D‘Aktivisten hunn sech dann och zréckgezunn an de Fluchbetrib konnt nees opgeholl ginn. Wann op den Tafelen nach weider vill Flich als „Gestrach“ ugewise goufen, esou sinn awer vill Fliger um Moien ofgeflunn, an de Réckstau vun de leschten zwee Deeg gëtt zügeg ofgebaut. Eng 50 Aktiviste solle laut der „South China Morning Post“ um Fluchhafe bliwwe sinn, wieren awer friddlech…

Wat „Pro-Demokratie“ eigentlech wëll

De Protest vun der Pro-Demokratie-Beweegung hält sech zanter elo gutt zéng Wochen. Ausgeléist gouf den „Opstand“ duerch de Versuch vun der lokaler Regierung, en Ausliwwerungsgesetz anzeféieren, mat deem d‘Iwwerstelle vu verdächtege Kriminellen un Zentralchina erméiglecht sollt ginn. D‘Aktiviste fäerten, datt dat genotzt kéint gi politescher Kritiker aus dem Verkéier ze zéien.

Zu Peking ass een net erfreet an de Protest huet sech och net geluecht nodeems d‘Regierungscheffin vun der Sonnerverwaltungsregioun d‘Gesetz op Äis geluecht huet a Gespréicher ugebueden huet. A China kann sech och hei keng Bléist ginn. Zum enge kuckt den ament déi ganz Welt op Hong Kong, an zum aneren ass dovunner auszegoen, datt d‘Amerikaner de Mouvement tatkräfteg ënnerstëtzen.

Géigemoossname lafen un

Déi zentralchinesesch Regierung schéngt – zumindest geet dat aus engem vun der Global Times verëffentlechtem Video ervir – deem Ganzen esou net méi wëllen „onbedeelegt“ nozekucken. An der Nopeschstad Shenzhen si Policeeenheete mat gepanzerte Gefierer ze gesinn. Offiziell huet d‘Staatszeitung de Video „zougespillt“ kritt, mee alles deit drop hin, datt dësen als Warnung gëllt.

Während zu Peking an dësem Kontext vun enger „grouss ugeluechter Übung“ rieds ass, sollen d‘Bierger vun Hong Kong net Gefill kréien, datt si sech alles erlabe kënnen. D‘Regierungscheffin Carrie Lam huet d‘Virgoe vun der Police verdeedegt, a verweist op „extrem schwiereg Ëmstänn“ deenen sech d‘Beamten ze stellen hunn. Si warnt virun enger Situatioun aus där et keen zréck gëtt.

Zu Genève wëll den UN-Mënscherechtsbüro festgestallt hunn, datt d‘Police vun Hong Kong bei den Demonstratiounen d‘Liewe vun den Aktiviste bewosst gefäerdet huet. Et géif glafwierdeg Beweiser dofir, datt d‘Polizisten aggressiv géint d‘Demonstrante virgaange sinn an hei widderholl Tréinegaskanister direkt op Mënschen ofgeschoss hätt. En ähnleche Wuertlaut gëtt aus Washington.

mat indymedia/tpe/lon

Foto: D‘Aktiviste vun der Pro-Demokratie-Beweegung hunn net grouss op d‘Tromm geschloen, mee sech just dohigestallt oder gesat. Dat ass duer gaange fir de ganze Fluchhafen ze blockéieren. Um Dënschdegowend huet Police duerchgegraff fir sech séier nees zréckzezéien. E Geriicht huet um Mëttwoch mat enger einstweileger Verfügung, all weider Demonstratioun verbueden © GTTO

Ähnlech Sujeten Demokratie, Hong Kong, Protest
Nächsten Artikel Virrechten Artikel