Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Biergcourse zu Eschduerf – Timeline European Hill Race
dating apps for introverts 2017 Neiegkeeten

dating profile example for man

Schluss, fäerdeg, aus, eriwwer… No dräi fir d‘Piloten erausfuerderend Montéeë

https://moien.lu/dark-side-of-internet-dating/
dating apps for introverts 2017 Neiegkeeten

Patiente fuerdere vun de „wäisse Gëtter“ méi Transparenz

De leschten Donneschdeg huet d‘Asbl Patiente Vertriedung säi Joresbericht fir

Chantier: Brëtell zur A1 Richtung Kierchbierg gespaart!
dating apps for introverts 2017 Neiegkeeten

Chantier: Brëtell zur A1 Richtung Kierchbierg gespaart!

Am Kader vun den Ëmbauaarbechten am Rond-Point Irgäertche wäert d’Brëtelle

Hong Kong: US-President fuerdert eng human Léisung

Hong Kong: US-President fuerdert eng human Léisung

Nodeems et Berichter ginn huet, datt déi chinesesch Regierung Sonnereenheete vun der Police mat gepanzerte Gefierer zu Shenzhen zesummenzitt, ass déi politesch Elite weltwäit a Suerg. Esouguer den Donald Trump ass beonrouegt a géif sech gäre mam chinesesche President Xi Jinping iwwert d‘Situatioun ënnerhalen. Hie fuerdert via Twitter eng „human Léisung“ vum „Konflikt“…

Interessanterweis huet den US-President d‘Kris zu Hong Kong och an den Zesummenhang mam bestoenden Handelskrich tëscht den USA a China bruecht. Peking géif Milliounen Aarbechtsplazen u Länner verléieren, déi net vun den Douanestaxe betraff sinn, déi hie géint China beschloss huet. An hie behaapt sech drop, datt Peking „natierlech“ en Handelsofkommes mat den USA wëll.

Hong KongDat gesinn eng Rei Wirtschaftsexperten eppes anescht, mee de Milliardär mam diplomatesche Geschéck dat Sengesgläiche sicht, ass vu sech iwwerzeegt. Den Donald Trump ass dann och iwwerzeegt, mam Xi Jinping d‘Kris zu Hong Kong an de Grëff ze kréien. Dat géif allerdéngs nëmmen dann Aussicht op Erfolleg hunn, wann d‘Zentralregierung mat Hong Kong human ëmgeet.

Hong Kong ass net China?

Virum presidentielle Gezwitscher hat sech d‘US-Regierung „beonrouegt“ gewisen, dat well et eng Rei Berichter ginn huet, laut deene Peking géif massiv Truppen zesummenzéien, déi sech den Ament an engem Stadion zu Shenzhen gesammelt hunn. Si sollen angeblech un engem „Manöver“ deelhuelen. Den US-President schéngt awer iwwerzeegt, datt déi zu Hong Kong sollen agesat ginn.

E Spriecher vum US-Ausseministère huet erkläert, datt d‘US-Regierung Peking ausdrécklech opfuerdert d‘Autonomie vun Hong Kong ze respektéieren. Washington veruerteelt d‘Gewalt a verlaangt vun allen Acteuren sech zréckzehalen. D‘USA géifen sech och weiderhi fir d‘Meenung- a Versammlungsfräiheet zu Hong Kong engagéieren. Si hunn awer och Reeswarnungen ausgeschwat.

Hong KongOch EU-Länner hunn hir Bierger virun enger Rees op Hong Kong gewarnt. Et wier am beschte guer net dohinner ze goen, heescht et beispillsweis aus dem däitschen Ausseministère. Lëtzebuerg, dat besonnesch Bezéiungen zu China ënnerhält, schéngt dogéint keen Ulass ze gesinn, viru Reesen op Hong Kong warnen ze mussen. Et kann also net ganz esou schlëmm sinn wéi behaapt gëtt…

mat indymedia/nyc/tpe

Foto: Zu Hong Kong huet sech d‘Lag säit gëschter nees eppes berouegt. China hat bei der Iwwergab vun der Krounkolonie 1997 de Bierger versprach, datt esou „Grondrechter“ wéi Meenungsfräiheet a Pressefräiheet fir mindestens 50 Joer géife geséchert bleiwen. China huet domatter onverhuele bestätegt, datt déi genannte Fräiheeten an Zentralchina net zougelooss sinn… Marc Marci / Pixabay

Ähnlech Sujeten China, Demokratie, Donald Trump, Hong Kong, Meenungsfräiheet, Pressefräiheet, Protest, Xi Jinping
Nächsten Artikel Virrechten Artikel