Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng landwirtschaftlech Entrevue mat villen Diskussiounsthemen
International Neiegkeeten https://moien.lu/stars-in-the-sky-dating-cost/

dating site free of cost

De Romain Schneider, Minister vun der Landwirtschaft, dem Wäibau an

Déi Lëtzebuerger Sprooch géif ëmmer méi populär, heescht et…
International Neiegkeeten https://moien.lu/stars-in-the-sky-dating-cost/

Déi Lëtzebuerger Sprooch géif ëmmer méi populär, heescht et…

Schoulrentrée, datt ass net eppes datt nëmmen de Krapperten an

What the Fakt – Viru 36 Joer kënnt den Album Thriller eraus
International Neiegkeeten https://moien.lu/stars-in-the-sky-dating-cost/

What the Fakt – Viru 36 Joer kënnt den Album Thriller eraus

Hie war ee vun der erfollegräichste Museker an Entertainer weltwäit,

Hong Kong: Opruff zum „Marsch vun de Milliounen“

EU rifft d‘Acteuren op friddlech ze demonstréieren a fuerdert vu Peking de Respekt vun de Biergerrechter

Hong Kong: Opruff zum „Marsch vun de Milliounen“

Aktivisten a Politiker hunn um Sonndegmueren zu neie Masseprotester opgeruff. Esou d‘Claudia Mo, prodemokratesch Deputéiert, déi op hirer Facebooksäit de „Marsch vun de Milliounen“ ugekënnegt huet. D‘Autoritéiten hunn zwar d‘Kundgebung erlaabt, verbidden dem Mouvement awer duerch d‘Stroossen ze zéien.

De Sträit, dee mat engem Projet fir en „Ausliwwerungsgesetz“ lassgetrëppelt ginn ass, geet a seng eeleft Woch, obwuel d‘Regierungscheffin vun der Sonnerverwaltungsregioun, Carrie Lam d‘Gesetz als „gestuerwen“ erkläert huet. Den Aktiviste geet dës „Erklärung“ net wäit genuch. Si verlaange vun hirer Regierung seriéis Zougeständnesser. Dat allerdéngs léisst sech net mat Peking maachen.

Hong Kong

Et gëtt och eng Géigebewegung: 470.000 Awunner hunn e Samschdeg un enger Demo am „Tamar Park“ deelgeholl, a fir de Fridden an d‘Stabilitéit vun der Sonnerverwaltungsregioun Demonstréiert. © China Daily

Et wier dann och der „haarder Haltung“ vun der Zentralregierung zu Peking, wéi och d‘Gewalt déi vun der Hong Kong Police ausgaangen ass, déi derzou gefouert hunn, datt sech de Protest zu enger „Bewegung“ géint déi politesch Muecht, a besonnesch géint den Afloss vun Zentralchina op déi fréier Krounkolonie, gewandelt huet. Schonn um Samschdeg waren honnertdausende Leit „derbäi“.

Bréissel huet sech zu Wuert gemellt an rifft d‘Aktivisten op sech ze behuelen a fir hir Fuerderunge friddlech ze demonstréieren. U Peking da gläichzäiteg den Appell, den Aktivisten hir Biergerrechter ze respektéieren. D‘EU-Kommissioun betount, datt vill Awunner vun Hong Kong an de leschte Méint vun hirem Recht op Versammlung gebrauch gemaach hätten, dat sollt Peking behäerzegen.

Bréissel „besuergt“

Déi europäesch Kommissärin fir Aussenugeleeënheeten, Frederica Mogherini, verweist an dësem Zesummenhang op inakzeptabel Tëschefäll, déi nëmmen zu weiderer Gewalt an Instabilitéit féiert. „Et ass wichteg datt ee sech zeréckhält, Gewalt zréckweist a Weeër zur Deseskalatioun fënnt. Hei muss et elo zu engem Dialog vun alle Bedeelegte kommen“, esou d‘Schreiwes aus der EU-Zentral.

Peking dierft vun de geäusserter Kritik Notiz geholl hunn, eng Äntwert dorops gouf et zur Stonn nach net. D‘Zentralregierung bezeechent d‘Aktiviste vun der Prodemokratie-Bewegung als „Randaléierer“ an rifft d‘Bierger vun Hong Kong op sech net manipuléieren ze loossen. Datt Peking massiv Sonnereenheete vun der Police zu Shenzhen zesummegezunn huet, suergt fir Onrou.

An der Staatszeitung „Global Times“ gouf et um Freideg dann och eng onverhuele Warnung un d‘Aktivisten: „Peking huet net beschloss gewaltsam géint d‘Onrouen zu Hong Kong virzegoen, mee dës Optioun steet der Zentralregierung eendeiteg zur Verfügung“. An d‘Manöver vun der Police zu Shenzhen gi vun der Zeitung als däitlech Warnung un déi prodemokratesch Bewegung gedeit.

Vill Propaganda

Déi kommunistesch Parteileedung begéint der „Kris“ – déi ufänkt och wirtschaftlech Konsequenze mat sech ze zéien – mat enger massiver „Informatiounscampagne“. Esou huet de Staatssender CCTV eng Aart „Reklamm“, ganz an der Manéier vun engem Hollywood-Actionfilm, produzéiert, an deem de Protest zu Hong Kong, wéi en zolitten Opstand duergestallt gëtt. Et gouf net gespuert.

Hong Kong

Propaganda geet ëmmer, hei d‘Versioun vun der chinesescher Zentralregierung…

Esou geet an dësem Clip, deen däitlech als „Propaganda“ erkennbar ass, rieds vu Banditten an Terroristen an de Message ass onmëssverständlech: „Dat Béist wäert eis net no ënnen Zéien. 1,4 Milliarde Landsleit sti bereet d‘Hong Kong Police ze ënnerstëtzen“. Eng Demonstratioun vu Muecht, virun allem an Zentralchina, mee och eng Warnung un d‘Aktivisten zu Hong Kong.

Zur gläicher Zäit huet en héije Police-Offizéier bei enger Pressekonferenz annoncéiert: „Mir sinn zouversiichtlech och weiderhi fir Recht an Uerdnung suergen ze kënnen“. D‘Police vun Hong Kong huet säit Ufank vum Mouvement, iwwer 700 Mënsche verhaft, a behaapt sech drop d‘Situatioun am Grëff ze hunn. Dat hëlleft der Wirtschaftswelt den Ament net wierklech, hei ass een reell besuergt.

Den Drock breet sech aus

An dofir gëtt et gutt Grënn. Wéi Peking säin Drock elo och op Entreprisen auswäit, léisst sech un der Cathay Pacific – eng renomméiert Fluchgesellschaft a sécherlech eng vun de wirtschaftleche Pärelen – festmaachen. Hei huet de CEO Rupert Hogg iwwerraschend seng Kënnegung op den Dësch geluecht. Hie war ënner Drock geroden, well et Mataarbechter gëtt, déi de Protest stëtzen.

Hong Kong

…an déi Versioun vum „Noriichteproduzent“ vun Apple Nordamerika.

D‘Staatsmedien hunn eng hefteg Campagne géint d‘Fluchgesellschaft lancéiert, an den Aktiëkurs vun der Cathay Pacific ass ofgestierzt. Woubäi d‘Cathay Pacific net eleng an der Bredouille ass. Generell lieft d‘Wirtschaft vun Hong Kong vun de Konditiounen déi der Sonnerverwaltungsregioun bei der Iwwergab zougestane goufen. Géifen déi a Fro gestallt, hätt et Folge fir den Handel.

„Ee Land. Zwee Systemer“ esou de Slogan 1997, mat deem Peking versprach huet Hong Kong eng Iwwergangszäit vu 50 Joer zouzegestoen. Zäit während där un de bestoende Rechter, wéi Meenung- a Pressefräiheet net sollt gefréckelt ginn. Mee d‘Mënschen hunn „Autonomie“ a „wirtschaftlech Ëffnung“ mat „demokratesche Prozess“ verwiesselt. China ass a bleift nu emol kommunistesch…

Mat indymedia/tpe

Foto: Et kann ee soe wat ee wëll, mee si hunn eng ganz besonnesch Aart a Weis ze demonstréieren. © Yang2020

Ähnlech Sujeten China, Frederica Mogherini, Hong Kong, Peking, prodemokratesch Bewegung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel