Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Spa-Francorchamps: Lëtzebuerger gewënnt Porsche Mobil1 Supercup Rennen
somerset dating website Neiegkeeten

gamers matchmaking

De Lëtzebuerger Pilot vum Team „Momo Megatron Lechner Racing“ hätt

popular dating site in ghana
somerset dating website Neiegkeeten

Hëtztwell iwwer Lëtzebuerg fuerdert eis Opmierksamkeet

Et ass waarm dobaussen. Ze waarm fir Mënsch a Natur,

Boko Haram seng Bluttspur gëtt méi laang
somerset dating website Neiegkeeten

Boko Haram seng Bluttspur gëtt méi laang

Zanter Abrëll hunn déi hannerlëschteg Uschléi an Ugrëff vum Grupp

Hong Kong Protest féiert zum diplomatesche Sträit

US-Senat ënnerstëtzt oppen d‘Demokratiebeweegung a veriergert déi chinesesch Zentralregierung

Hong Kong Protest féiert zum diplomatesche Sträit

No den heftegen Ausenanersetzunge bei der polytechnescher Universitéit zu Hong Kong, hält ee kleng Grupp aus a verschanzt sech weider. Et gëtt zur Stonn wuel mat de „Rebellen“ verhandelt, mee d‘Vertrauen an d‘Autoritéiten ass fleete gaangen. Datt sech den US-Senat elo ëffentlech zur Demokratiebeweegung ausgeschwat huet, riskéiert zum diplomatesche Clash ze féieren.

Zu Hong Kong halen nach ee puer Dosen Demonstranten d‘Héichschoul besat an d‘Police huet de Beräich am Quartier Hung Hom ofgerigelt. D‘Autoritéiten hunn déi schätzungsweis 80 bis 100 verbliwwen Aktivisten opgefuerdert d‘Gelänn „friddlech ze verloossen“. Um Dënschdegowend hate kleng Gruppe versicht sech vum Campus ze „verdrécken“, sinn awer vun der Police verhaft ginn.

Laut der Police hunn awer och 800 Demonstranten d‘Universitéit friddlech verlooss an hätte mat den Autoritéite kooperéiert. Ënnert hinnen eng 300 Mannerjäreger, déi nodeems se „registréiert“ waren, heem goe konnten. Déi aner si verhaft ginn a wäerten sech fir Rebellioun, Widderstand a Gewalt géint d‘Police musse veräntwerten. Si riskéieren dofir a China viru Geriicht gestallt ze ginn.

Den US-Senat mëscht sech an

Datt d‘Autoritéiten hei zolidd duerchgräifen, ass dem Fait geschëlt, datt d‘Aktivisten d‘Héichschoul deeglaang besat haten a sech mat der Police regelrecht Schluechte geliwwert huet. Mat Brandsätz (Molotowcocktail) a Steng déi mat Katapulter op d‘Beamten ofgeschoss goufen, bis hunn zum Asaz vu Feiler, hätten si sech „gewiert“. D‘Police huet mat Tréinegas a Gummiskugelen dergéint gehalen.

Hong Kong

Elo huet dës Kris an der chinesescher Sonnerverwaltungsregioun awer och um internationale Plang seng Repercussiounen. Déi längst „ugespaante Situatioun“ tëscht Washington a Peking gëtt net doduerch besser, datt sech gëschter nom US-Kongress, och den US-Senat amëscht. Hei goufen elo Gesetzprojeten zur Ënnerstëtzung vun der „Demokratiebeweegung“ zur Ofstëmmung abruecht.

Leider och vill waarm Loft

An am Senat – dee vun de Republikaner geleet gëtt – ass dann och eestëmmeg eng „Mënscherecht- an Demokratieveruerdnung“ ugeholl ginn, déi Wirtschaftssanktioune virgesäit. No fënnef Méint déi de Protest unhält, wëllen d‘Amerikaner dann och den Export vun Tréinegas, Gummiskugelen, Handschellen a Waasserwerfer un d‘Police vun Hong Kong verbidden. Kléngt Konsequent…

Hong Kong

Esou en „Export-Stopp“ mécht allerdéngs an der Realitéit nëmmen dann och Sënn, wann et esou Exporter gëtt. Daten iwwert Ëmfang an Regelméissegkeet vun esou „Liwwerungen“ sinn awer net disponibel. D‘Police vun Hong Kong gëtt, zanter d‘Briten et de Chinesen zréckginn hunn, vun der Zentralregierung „beliwwert“. Mee bei esou Geschichten och eppes Propaganda néideg.

Peking reagéiert verhalen

Aus dem chineseschen Ausseministère heescht zu de Beschlëss vum US-Senat: „Dat ass eng onverhuelen Amëschung an bannenzeg Ugeleeënheeten. (…) Et geet zu Hong Kong kengeswees ëm Mënscherechter a Demokratie, mee dorëms d‘Gewalt an de Chaos ze beendegen an d‘Uerdnung nees esou séier wéi méiglech hierzestellen“, esou de Spriecher Geng Shuang.

Interessant bei dësen neien Entwécklungen, de Fait datt sech den US-President ganz erauszehale schéngt. Dobäi ass hie bekanntlech ni verleeën, wann et drëms geet säi géinteniwwer op d‘Schëpp ze huelen. Anersäits wëllen d‘Amerikaner mat de Chinesen d‘Handelsbezéiunge verbesseren.

„Ee Land – Zwee Systemer“ dat war den Deal deen 1997 béi der Réckgab vun Hong Kong offiziell ausgehandelt ginn ass. Mee d‘Autonomie bréckelt a grad déi jonk Hong Kong Chinese fäerten hire Privileg – géintiwwer de Mënschen an der Volleksrepublik – vu Versammlung- a Meenungsfräiheet ze verléieren. Lassgaange war et mat engem mëttlerweil zeréckgezunnen Ausliwwerungsgesetz…

mat indymedia/tpe/was

Foto: Studenten an der belagerter Universitéit zu Hong Kong. © Li Bron Jiang (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Demokratiebewegung, Hong Kong, Molotowcocktail, Polytechnesch Universitéit, Protest
Nächsten Artikel Virrechten Artikel