Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kënnt et zu neie Reesbeschränkungen?
International Neiegkeeten

Kënnt et zu neie Reesbeschränkungen?

Am Kontext vun der Covid19-Pandemie heefen sech nees d‘Infektiounen. Datt

Tierkei: Schweden besuergt, Däitschland geet et duer
International Neiegkeeten

Tierkei: Schweden besuergt, Däitschland geet et duer

No der Verhaftung vu sechs Amnesty International (AI) Membere bei

Buchpresentatioun vun „Der Report der Magd“
International Neiegkeeten

Buchpresentatioun vun „Der Report der Magd“

Dës Graphic Novel vum Margaret Atwood sengem Report der Magd (berlin

Hong Kong Regierung wëll Sécherheetsgesetz riguros ëmsetzen

Nodeems um Méindeg nei „Eenzelheeten“ zum nationale Sécherheetsgesetz bekannt goufen, schwätzen d‘USA vun „orwellsche Verhältnisser“

Hong Kong Regierung wëll Sécherheetsgesetz riguros ëmsetzen

Den 1. Juli ass déi vu Peking beschlosse „National Security Law“ a Kraaft getrueden, wat fir eppes Onrou an der Sonnerverwaltungsregioun Hong Kong gefouert huet, wou d‘Bierger eigentlech méi Fräiheete genéisse wéi soss am Land. Laut dem Ofkommes mat de Britten, huet d‘Zentralregierung den Awunner „ee Land mat zwee Systemer“ versprach, also och Presse- a Meenungsfräiheet.

Béides gëtt duerch dat nationaalt Sécherheetsgesetz elo a Fro gestallt, an och d‘Protester huelen net of. Elo huet d‘Regierungscheffin Carrie Lam eng riguros Ëmsetzung vum Gesetz ugekënnegt. Esou huet si haut de radikalen Aktivisten eng Warnung zoukomme gelooss. Sollten si keng Rou ginn a weiderhi géint dat zanter Woch gültegt Gesetz verstoussen, hätt dat gravéierend Konsequenzen.

KongNo de rezente Protestaktioune waren honnerte Mënschen – virun allem Jonker – wéinst Verstéiss géint Gesetz verhaft ginn. Op de Grondlag vun dësem huet et leschte Freideg éischt formell Ukloe ginn. De Virworf: Terrorismus an Ustëppelen zur Sezessioun. Dës Virwërf riichten sech géint en 23 järege Student de mat engem Moto soll an ee Grupp vu Poliziste gerannt sinn.

Stramm Moossnamen

Op der Basis vum Gesetz kann d‘Zentralregierung zu Peking, géint Aktivitéiten zu Hong Kong virgoen, déi vun hir als: Subversiv, Separatistesch, Terroristesch an/oder als Verschwierung mat auslännesche Kräften, interpretéiert ginn. D‘Gesetz ass zudeem als Äntwert op déi méintelaang Protester ze gesinn, déi vun der Demokratiebeweegung ageleet a vun den USA ënnerstëtzt goufen.

KongDer Police sinn iwwert dëst Gesetz wäitreechend Vollmuechten zougestane ginn, besonnesch am Kontext vu Perquisitiounen an Iwwerwaachung. Wann d‘Police also vun enger onmëttelbarer Bedreeung vun der nationaler Sécherheet ausgeet, brauch si kee Mandat fir ze perquisitionéieren. Och d‘Iwwerwaachung vun der Bierger kann net méi seriéis vun de Geriichter verhënnert ginn.

Net ze vergiessen, dat de Chef vun der Police elo de Pouvoir huet, Informatiounen aus dem Internet läschen ze loossen, wann hie doranner eng Gefährdung vun der nationaler Sécherheet erkennt. Fir Provider déi sech géife Weigeren dem Uerder vum Policechef nozekommen hätt dat Folgen. Nieft enger zolitter Geldstrof, riskéieren déi „Verantwortlech“ bis engem Joer am Prisong ze landen.

Éischt Konsequenzen

Facebook, Google, Twitter a Zoom hunn dann och schonn ugekënnegt, wéinst dësem Gesetz net méi op Ufroe säitens den Autoritéite vun Hong Kong reagéieren ze wëllen. Déi chinesesch Plattform „TikTok“ huet sech derzou entschloss hir Aktivitéiten zu Hong Kong voll ëmfänglech opzeginn. Dat heescht, datt d‘Applikatioun TikTok zu Hong Kong net méi funktiounsfäeg ass.

Interessant ass och – esou zumindest geet et aus dem Gesetzestext ervir – datt elo d‘Schoulbicher zu Hong Kong sollen enger strenger Iwwerpréiwung ënnerzu ginn. Peking wëll besonnesch préiwen ob dat didaktesch Material nach „Legal“ ass. Den Educatiounsministère vun Hong Kong huet all d‘Enseignanten ugewisen, déi mam Gesetz a Konflikt stoend Inhalter ze läschen/erauszehuelen.

Kong

Fir den US-Ausseminister Mike Pompeo, wieren datt alles „orwellesch“ Methoden. Hie bezitt domadder op ee Roman vum Schrëftsteller George Orwell, dënn a sengem Wierk „1984“ den totalen Iwwerwaachungsstaat beschriwwen huet. Zudeem ass de Mike Pompeo der Usiicht, datt déi kommunistesch Partei un der Zerstéierung vum „fräien“ Hong Kong schaffe géif…

mat indymedia/nyc/tpe

Foto: „Auslännesch Verleumdungen zum nationale Sécherheetsgesetz fir Hong Kong, gräifen an déi bannenzeg Ugeleeënheete vu China an, a verstousse géint d‘Grondprinzipie vum Vëlkerrecht“ behaapt zumindest de Vyacheslav Sevalnev, féierende Wëssenschaftler um Institut fir Legislatioun an vergläichend Recht ënnert der Regierung vun der russescher Federatioun. © Xinhua

Ähnlech Sujeten Autonomie, China, Hong Kong, Meenungsfräiheet, Sécherheetsgesetz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel