Search

You may also like

Escher Familljendag um 26. September 2020
International Neiegkeeten

Escher Familljendag um 26. September 2020

D’Stad Esch invitéiert e Samschdeg, de 26. September 2020 op

Esch-Uelzecht: Rabbelkapp geet mat Messer op Poliziste lass
International Neiegkeeten

Esch-Uelzecht: Rabbelkapp geet mat Messer op Poliziste lass

An der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg ass

Déidlecht Accident zu Recken-op-der Mess
International Neiegkeeten

Déidlecht Accident zu Recken-op-der Mess

Wéi d‘Police um spéide Freideg Nomëtte matgedeelt huet, ass et

Hong Kong dreift d‘Diplomatie a rau Gewässer

De Sträit tëscht London a Peking ass speziell, och well d‘Britten den Awunner eng schëlleg sinn

Hong Kong dreift d‘Diplomatie a rau Gewässer

Nom Aussetze vum Ausliwwerungsofkommes vu Groussbritannien mat Hong Kong, huet China elo mat „entspriechende Géigemoossname“ gedreet. De Spriecher vum chineseschen Ausseministère huet de Britten nogeluecht hire Feeler direkt ze korrigéieren. Och de Waffenembargo fir China war op Hong Kong ausgewäit ginn.

Zu den Decisiounen déi London am Sträit wéinst Hong Kong geholl huet, seet de Spriecher Wang Wenbin: „Hong Kong ass eng bannenzeg Ugeleeënheet vu China a kee Land huet d‘Recht sech an intern Ugeleeënheeten anzemëschen“. Datt d‘Britte rezent och beschloss hunn den amerikanesche Wee ze goen, an Huawei beim 5G-Netzwierkausbau auszeschléissen, ass hei och keng Hëllef…

HongLondon gesäit am neie Sécherheetsgesetz fir Hong Kong ee Verstouss géint d‘Vereenbarunge vun 1997, betreffend d‘Réckgab vun der Krounkolonie u China. Peking géif géint déi beschlossen Autonomie vun der asiatescher Milliounemetropol verstoussen. D‘Gesetz riicht sech géint méiglech subversiv an terroristesch Aktivitéiten, ass awer faktesch ee Maulkuerf fir d‘Demokratiebewegung.

Dës vu Studente gegrënnte Beweegung werft Peking vir, de Grondsaz „1 Land, 2 Systemer“ wéi och d‘Autonomie vun Hong Kong beendegt ze hunn. Richteg ass, datt d‘Gesetz de chinesesche Sécherheetsorganer wäitreechend Vollmuechten zouséchert, déi hinnen en Agräifen zu Hong Kong erlaabt, ouni sech fir esou Operatioune mat de lokalen Autoritéite mussen ofzeschwätzen.

HongIwwert dëse Wee ass faktesch d‘Onofhängegkeet vun der Justiz zu Hong Kong ofgeschaaft ginn. An och d‘Auslänner, déi an der Metropol liewen, kënnen un Zentralchina ausgeliwwert ginn, wann si géint dëst Gesetz verstoussen. Dat ka séier zum Problem ginn, well de chinesesche Justizsystem ass alles ausser onofhängeg, an wat vun de Prisongen a China bekannt ass, verleet net zur Freed.

Wat Peking elo ënnert „Géigemoossname“ versteet, ass am Detail net vum Wang Wenbin erkläert ginn. Et dierft awer esouwuel diplomatesch Beräicher betreffen, wéi et sech och op den Handel wäert auswierken. Vun direkte Sanktiounen am eigentleche Sënn wäert China awer ofgesinn et sief, Groussbritannien géif an dësem Kontext den éischte Schratt maachen.

mat indymedia/mco/lon

Foto: Net all d‘Awunner vun Hong Kong hunn e Problem mam nationale Sécherheetsgesetz. An och wann et sech heibäi wuel éischter ëm Staatspropaganda handelt, sollt kee méi dovunner ausgoen, datt d‘Demokratiebeweegung d‘Auer nach emol zréckgedréint kritt. Fir de Xi Jinping wier e Retour zur Autonomie och ee Gesiichtsverloscht, an dee Fall wäert bestëmmt net antrieden. © Xinhua

Related topics China, Groussbritannien, Hong Kong, London, Peking, Sécherheetsgesetz
Next post Previous post