Search

You may also like

Tripartite-Aviatioun: Si sinn sech am „Prinzip“ eens
International Neiegkeeten

Tripartite-Aviatioun: Si sinn sech am „Prinzip“ eens

Wa Cargolux a LuxAirport elo net déi grouss Suergekanner waren,

ArcelorMittal: Den Duo Schneider-Biancalana wëll de Standuert Diddeleng net opginn
International Neiegkeeten

ArcelorMittal: Den Duo Schneider-Biancalana wëll de Standuert Diddeleng net opginn

Den 13. Abrëll hat de Stolgigant ArcelorMittal bekannt ginn, datt

Esou kann et kee Fridde ginn
International Neiegkeeten

Esou kann et kee Fridde ginn

D‘US-Regierung gesäit am Bau vun israelesche Siidlungen am Westjordanland, kee

Hong Kong: Washington setzt d‘Carrie Lam op d‘Sanktiounslëscht

Hong Kong: Washington setzt d‘Carrie Lam op d‘Sanktiounslëscht

Well d‘Regierungscheffin vun Hong Kong d‘Wahle verluecht huet, hunn d‘Amerikaner Sanktioune géint d‘Carrie Lam geholl. Hier a weideren zéng Persounen hir Verméigenswäerter gi vun der US-Regierung agefruer. Esou de Communiqué vum US-Wirtschaftsministère.

Fir d‘US-Regierung gëllt als erwisen, datt d‘Carrie Lam perséinlech verantwortlech fir d‘Ëmsetze vun der Politik, esou wéi vun de kommunistescher Partei virgeschriwwen, ass. Si géif sech aktiv un der Ënnerdréckung vun der Fräiheet an den demokratescher Prozesser bedeelegen.

Dat d‘Wahlen an der Sonnerverwaltungsregioun Enn Juli verluecht goufen, hat am Kontext vun de Protester géint dat vu Peking beschlossen Nationaalt Sécherheetsgesetz, zimmlech hefteg Kritik op internationalem Niveau ausgeléist. D‘Carrie Lam hat d‘Wahle verluecht nodeems och zu Hong Kong d‘Zuel vun de Covid19-Neiinfektiounen nees zougeholl hunn.

Laut Washington handelt et sech awer faktesch nëmmen ëm e Virwand. D‘Regierungscheffin vun Hong Kong géif esou versichen sech eng Blamage ze erspueren. Déi der Zentralregierung verflichte Majoritéit géif iwwert dësen Ëmwee en Erfolleg vun der Oppositioun verhënneren.

Och an Europa huet et um neien nationale Sécherheetsgesetz eppes Kritik ginn, iwwer Sanktioune gëtt awer éischter net geschwat. An der Konsequenz huet Däitschland d‘Ausliwwerungsofkommes mat Hong Kong ausgesat. D‘Regierung vun der Sonnerverwaltungsregioun hat dës Entscheedung als Verstouss géint international Reegelen denoncéiert.

Peking steet wéinst senger Aflossnam op Hong Kong scho länger am Fokus vun de Kritiker an dëst Gesetz schéngt elo d‘Drëps ze sinn, déi d‘Faass zum iwwerlafe bruecht huet. D‘Gesetz riicht sech géint Aktivitéiten, déi vun der Zentralregierung als „subversiv, separatistesch an/oder terroristesch“ betruecht ginn. Och heemlech Ofsprooche mam „Ausland“ sinn ënner Strof gestallt ginn.

Washington a seng politesch Alliéiert gesinn an dësem Gesetz een Agrëff an d‘Autonomie vun Hong Kong. De Statut vun der Sonnerverwaltungsregioun gëtt esou a Fro gestallt an et kéint een ënnert dësem Ëmstänn net méi vun „Ee Land, zwee Systemer“ schwätzen.

Groussbritannien huet sengersäits erkläert, ënner gewësse Konditioune Bierger vun Hong Kong déi britesch Staatsbiergerschaft ze vergënnen. Wärend Washington méi „proaktiv“ mam Problem ëmgeet, ginn sech déi meeschten europäesch Länner mat verbaler Kritik zefridden. Et gëtt jo och eng Rei wirtschaftlech Grënn, sech et net wéinst Hong Kong mat Peking ze versauen…

mat indymedia/was/nyc/lon

Illustratioun: D‘Autonomie vun der fréierer britescher Krounkolonie Hong Kong, déi laut dem Accord mat London bis 2037 sollt garantéiert sinn, kann een als hifälleg betruechten. © Robson Hatsukami Morgan / unsplash

Annex: Rapport zum Schutz vun US-Investisseure viru signifikante Risike säitens chineseschen Entreprisen

Related topics Carrie Lam, China, Hong Kong, Sanktiounen, USA, Washington
Next post Previous post