Search

You may also like

Gault & Millau Lëtzebuerg – den beschte Kach vum Joer gouf ausgezeechent
International Neiegkeeten

Gault & Millau Lëtzebuerg – den beschte Kach vum Joer gouf ausgezeechent

De bekannte gastronomesche Guide Gault & Millau huet gëschter d’Gewënner

De Jeremy Corbyn wëll Premier ginn an de Brexit-Chaos beendegen
International Neiegkeeten

De Jeremy Corbyn wëll Premier ginn an de Brexit-Chaos beendegen

Chef vum „Labour-Party“ an erkläerten Euroskeptiker, sollt sech de Jeremy

dislike
Normal ass dat net
International Neiegkeeten

Normal ass dat net

D’Lëtzebuerger Wahlkampf-Saison geet dëst Joer iergendwéi méi fréi lass. Grond ass dem

Hong Kong: Mediemogul an Aktivist fir d‘Demokratie festgeholl

D‘Police bestätegt 7 Persoune wéinst Verstéiss géint d‘Sécherheetsgesetz festgeholl ze hunn

Hong Kong: Mediemogul an Aktivist fir d‘Demokratie festgeholl

Siwe Männer am Alter tëscht 39 bis 72 Joer sinn am Kontext vun der Ëmsetzung vum ëmstriddenen nationale Sécherheetsgesetz zu Hong Kong festgeholl ginn. Dat geet esou aus dem Policebericht vun der Sonnerverwaltungsregioun ervir. Nimm hunn d‘Autoritéite keng genannt, mee de Mark Simon, en enke Mataarbechter vum Jimmy Lai, huet seng Verhaftung via Twitter annoncéiert.

Dem Mediemogul Jimmy Lai, dee sech ganz oppe géint dat vu Peking imposéiert Sécherheetsgesetz agesat huet, gëtt säitens den Autoritéiten eng „geheim Concertatioun mat auslännesche Muechten“ virgeworf. De Jimmy Lai gëtt als eng vun de féierende Figure vun der Demokratiebewegung vun der Sonnerverwaltungsregioun genannt, a steet zanter längerem ënner Beschoss vu Peking.

HongEsou ass de Jimmy Lai vun de chinesesche Staatsmedien als Verréider oppen un de Pranger gestallt ginn. D‘Autoritéite gesinn am Mediemogul de Strëppenzéier hannert de méintelaang unhalende Protester vun der Demokratiebewegung, déi zanter dem leschte Joer ëmmer nees fir gréisser Schlagzeile suergt. D‘Beweegung gëtt besonnesch vun den USA a Groussbritannien ënnerstëtzt.

D‘USA, déi rezent Sanktioune géint d‘Regierungscheffin vun Hong Kong, de Police-Chef an nach néng weider héich Fonctionnaire vun der Sonnerverwaltungsregioun verhaangen hunn, esou wéi d‘Britten, d‘Kanadier an d‘Australier, gesinn am nationale Sécherheetsgesetz ee Verstouss géint den Accord vun 1997, an deem Hong Kong fir 50 Joer eng gewëssen Autonomie zougestane gëtt.

Hong

No der Verhaftung vum Jimmy Lai huet d‘Police vun Hong Kong eng Perquisitioun vun de Raimlechkeete vun AppleDaily, ee vun de gréisste Medien zu Hong Kong, duerchgefouert. © Apple Daily HKG

Och an Europa ass een net wierklech glécklech iwwert déi nei Interpretatioun déi vu Peking am Kontext vun „E Land, zwee Systemer“ un den Dag geluecht gëtt, mee weder d‘EU-Kommissioun, nach EU-Memberlänner kënnen sech zu Sanktioune géint dat mächtegt „Räich vun der Mëtt“ entschléissen. Vill EU-Länner hu sech wirtschaftlech vu China ofhängeg gemaach, hir Séil verkaf.

A wou et ëm dat grousst Geld geet, kann ee keng Récksiicht op Mënscherechter oder den Usproch op Demokratie huelen. Däitschland huet zwar symbolesch d‘Ausliwwerungsofkommes mat Hong Kong ausser Kraaft gesat, mee huet kee Problem domadder, datt Volkswon a China d‘Produktioun mat uigureschen Zwangsaarbechter oprecht erhält. Och Lëtzebuerg hält sech mat Kritik zeréck…

HongDe Jimmy Lai sollt sech dann elo och net allzevill Hoffnung maachen, vun der Weltgemeinschaft gestëtzt ze ginn. No den US-Presidentschaftswahlen am November, wäert och Washington sech nees neie Prioritéiten am Kontext vun der Aussepolitik zouwennen. Och Groussbritannien, datt zum Joreswiessel zum „Drëttland“ gëtt, wäert sech da wuel vun Hong Kong ofwennen.

Fir den Jimmy Lai an déi aner sechs „Aktivisten“ déi um Sonndeg verhaft goufen, sinn dat éischter schlecht Noriichten. Dat der Sonnerverwaltungsregioun Hong Kong operluechte Sécherheetsgesetz ass net vun ongeféier: wien sech dem Virworf vu Subversioun, Ofspaltung an/oder Terrorismus ze stellen huet, sollt sech op Liewenslänglech astellen. Gutt datt d‘Justiz nach onofhängeg ass…

mat indymedia/tpe/lon

Foto: De Jimmy Lai, Patron vun „Next Digital“ ass 1948 zu Guangdong (China) gebuer an huet eng duebel Staatsbiergerschaft (Brittesch – Taiwanesch). Säi Privatverméige war 2008 op 1,2 Milliarden US-Dollar geschätzt ginn. Hie gëllt als ee vun de Financiere vun der Demokratiebewegung, wat him net dierft beim Prozess entgéint kommen. Zudeem huet hie sech ëmmer zur Bewegung bekannt. © Apple Daily HKG (Archiv)

Related topics China, Demokratiebewegung, Hong Kong, Jimmy Lai, Mediemogul, Sécherheetsgesetz
Next post Previous post