Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Europa ass nach ëmmer Géigewaart!
International Neiegkeeten Stories

Europa ass nach ëmmer Géigewaart!

Zum 70. Joresdag vum Studentestuerm op d’Grenzstatioun bei St. Germanshof-Wissembourg,

Nach ëmmer keen neit Denkmalschutzgesetz
International Neiegkeeten Stories

Nach ëmmer keen neit Denkmalschutzgesetz

Entgéint der Ukënnegung vum Regierungsprogramm ass, an dëser Legislaturperiod, keen

money
Frankräich kritesch géintiwwer dem Fräihandelsofkommes mat Mercosur-Staaten
International Neiegkeeten Stories

Frankräich kritesch géintiwwer dem Fräihandelsofkommes mat Mercosur-Staaten

Wann ee mengt Europa hätt endlech d‘Kéier kritt a géif

Hong Kong: Éischt Auswierkunge vum nationale Sécherheetsgesetz

De prominenten Aktivist vun der prodemokratescher Beweegung, Nathan Law, huet d‘Stad verlooss

Hong Kong: Éischt Auswierkunge vum nationale Sécherheetsgesetz

Elo wou den Text ugeholl an dat sougenannte „Sécherheetsgesetz fir Hong Kong“ a Kraaft ass, huet et éischt Reaktioune ginn, an och d‘Auswierkunge vum Gesetz si wesentlech méi extensiv, wéi een dat nach bis virun e puer Wochen hätt wëlle fir méiglech halen. Dräi Deeg nom Akraafttriede sinn d‘Awunner sech net méi sécher, wat si nach soen dierften, wéi eng Sloganen nach zoulässeg sinn…

Déi allermeeschten Aussoen a Slogane vun der Demokratiebeweegung – wéi beispillsweis „befreit Hong Kong“ oder „Ech si fir en Enn vun der Eeparteienherrschaft a China – vun der Police riicht eraus „Verbuede“ ginn. Plakater, Fluchblieder a Autocollanten si gëschter vun der Police confisquéiert ginn an et ass een den Ament schlecht beroden dee „falschen“ T-Shirt unzedoen.

HongWell d‘Angscht natierlech grouss ass verhaft ze ginn, an esou an Zentralchina deportéiert ze ginn, wou d‘Chancen op ee gerecht Verfaren éischter ausgeschloss ass, hunn eng ganz Rëtsch Aktivisten sech aus dem Stëbs gemaach. De wuel prominentsten ass de 26 Joer jonke Studenteleader a Parlamentarier Nathan Law. Hien huet wësse gelooss, datt hie den Kampf äis dem Exil weiderféiert.

Ausweechméiglechkeete bestinn

De brittesche Premierminister Boris Johnson hat virun engem Mount géintiwwer der Zeitung South Morning China Post, erkläert, datt Groussbritannien de Bierger eng vereinfacht Abiergerung géif an Aussicht stellen. Elo hunn sech och Taiwan an Australien bereet erkläert, Bierger aus Hong Kong bei sech opzehuelen. Dat fënnt Peking net wierklech „anstänneg“ an huet „Mesuren“ annoncéiert.

Am grousse Ganze muss een awer feststellen, datt um internationale Plang d‘Meenunge schonn eppes ausenaner ginn. Dat allerdéngs no gewinntem Muster: déi meescht „Demokratien“ versiche méiglechst diplomatesch Kritik un dem oft ganz wichtegen Handelspartner auszeüben, wärend autokratesch oder diktatoresch gefouert Natiounen, d‘Sécherheetsgesetz éischter begréissen.

Wann dann elo déi fräi Medien an den Demokratien, den Aktivisten a Bierger vun Hong Kong, déi sech géint d‘Gesetz an esou de Verloscht vun der Autonomie vun der Sonnerverwaltungsregioun (Ee Land 2 Systemer) eng Ausdrocksplattform bidden, esou maachen déi chinesesch kontrolléiert (Staats)Medien dat selwecht, allerdéngs mat Bierger, déi sech iwwert dëst Gesetz „freeën“.

Den Internet muss kontrolléiert ginn

Op Twitter huet de chineseschen Ambassadeur zu Berlin, Wu Ken, d‘Sécherheetsgesetz verdeedegt. Hie betount datt Awunner wéi Auslänner, déi sech u „Recht an Uerdnung“ halen, net vun dësem Gesetz betraff wieren. Interessante „fun fact“, a China huet keen dat matkritt, well Peking Twitter scho virun eppes méi wéi zéng Joer zenséiert huet. De Kuerznoriichtendéngscht ass gespaart ginn.

Hong

D‘Gesetz zum Erhalt vun der nationaler Sécherheet zu Hong Kong, wier vun der Majoritéit vun der Bierger begréisst ginn, och vun den Auslänner déi an der Stad liewen a schaffen. © Xinhua

An dësem Kontext ass et wichteg drop hinzeweisen, datt elo d‘Internet-Serviceprovider et elo och net einfach wäerten hunn. Mam Sécherheetsgesetz muss d‘Police vun Hong Kong sech net méi un e Geriicht wennen, fir vun dëse Provider Zougang zu den Identitéite vun „User“ ze kréien an eng einfach „Demande“ geet duer fir Inhalter aus dem Netz ze huelen. Dat kann net ouni Folge bleiwen.

HongLaut dem Verband vun den Internet-Serviceprovider zu Hong Kong wäerten sech déi international Déngschtleeschter net méi dauerhaft an der Sonnerverwaltungsregioun hale kënnen. Déi hätte wuel éischter wirtschaftlech Interessen, a géifen sech „neutral“ géintiwwer Peking verhalen, mee an dësem Gesetz géif et vill ze vill Spillraum fir Interpretatioun. De Risk dierft hinnen ze grouss sinn.

Masseg Verhaftungen zu Hong Kong

Direkt nom Akraafttriede vum Sécherheetsgesetz um 1. Juli, hunn d‘Autoritéite vun Hong Kong sech agesat, all Form vu Protest ze ënnerbannen. Dausende Mënsche waren op d‘Strooss gaange, fir géint dat ëmstriddent Gesetz ze manifestéieren. Et war zugläich den 23. Joresdag vun der Réckgab vun der fréierer brittescher Krounkolonie. Zum feiere war awer net wierklech vill Zäit bliwwen.

Géint d‘Demonstranten huet d‘Police Waasserwerfer, Tréinegas a Pefferspray agesat, well dës ganz Demonstratiounen net bewëllegt waren. Iwwer 300 Aktivisten hunn den deiere Präis bezuelt: si goufe vun der Police verhaft. Si mussen sech elo wéinst „Verstouss géint Versammlungsverbuet“, „Tätlechkeete géint Polizisten“ a villem anere méi viru Geriicht veräntwerten.

Entspriechend dem nationale Sécherheetsgesetz ass elo villes verbueden, wat bis dohinner duerch d‘Recht op fräi Meenungsäusserung „toleréiert“ gouf. Wien elo d‘Onofhängegkeet vun Hong Kong oder anere „Gebidder“ verlaangt oder sech dofir asetzt, mécht sech strofbar. Och ginn elo Kontakter zu auslännesche „Kräften“, déi sech zum Erhalt vum Sonnerstatut bekennen, mat Strofe beluecht.

mat indymedia/tpe a Xinhua

Foto: © Xinhua

Annex: Déi englesch Iwwersetzung vum nationale Sécherheetsgesetz

Ähnlech Sujeten Autonomie, China, Hong Kong, Meenungsfräiheet, Sécherheetsgesetz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel