Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Haart ëmkämpft: De Cochonnet um Tournoi vun der Boule d‘Or
job dating credit agricole amiens Neiegkeeten singapore mandatory dating

elizabeth i online dating

Mat engem flotten, oppenen Turnéier am „Tête a Tête“, huet

https://moien.lu/perks-of-dating-someone-in-a-wheelchair/
job dating credit agricole amiens Neiegkeeten singapore mandatory dating

Patrimoine Roses – Rousendiner am Schlass Aansebuerg!

Vir den 2. Abrëll luet Iech de Patrimoine Roses pour

Frankräich: Fra stierft u Kriibs no Transplantatioun vun de Longe vun enger Fëmmerin
job dating credit agricole amiens Neiegkeeten singapore mandatory dating

Frankräich: Fra stierft u Kriibs no Transplantatioun vun de Longe vun enger Fëmmerin

Eng Patientin déi u Mukoviszidose (eng zystesch Fibrose) erkrankt ass,

Hongereg Gefor: Den Äisbier ouni Äis!

Hongereg Gefor: Den Äisbier ouni Äis!

Den Äisbier braucht dat arktescht Mieräis fir Robben ze joen. Mëttlerweil geet déi kal Uewerfläch ëmmer weider zeréck a bedreet d’Iwwerliewe vum wäissen Déier. Ganzer siwe Woche méi laang bleift d’Regioun äisfräi, wéi viru 40 Joer. Op der Sich no Iessen trëtt den Äisbier a vum Mënsch bewunnt Gebidder an a stellt eng Gefor fir dës Awunner duer.

Ufank August koum den Äisbier dem Mënsch méi no. E war schei, mee och dat sollt sech schnell leeën, schliisslech ass en hongreg. Eng dose Bieren huet esou beispillsweis ee Liewensmëttellager vu Polarfuerscher geplëmmt. Verjoe loossen d’Äisbieren, déi soss ëmmer nëmmen zu 3 bis 4 Exemplaren an der Géigend ënnerwee waren, sech allerdéngs net.

Och aner Siidlunge, wéi beispillsweis dem russeschen Duerf Ryrkaipij, kréien e puer Mol am Dag Besuch vun den hongerege Bieren. Aus dësem Grond ass schonn extrat Personal agesat ginn, fir d’Déiere vun den Haiser verdriwwen ze kréien.

Wéi de WFF-Spriecher Roland Gramling erkläert, waart den Äisbier um Enn vum Summer un der Küst, datt sech Äis um Waasser bilt, sou datt d’Déier op Robbejuegt goe kann. Mat de steigenden Temperature mussen d’Bieren ëmmer méi laang op dësen Ament waarden, sou datt si ausgehéngert souguer den Offall vun den Dierfer duerchkämmen, op der Sich no eppes Iessbarem.

Op der Tschuktschen-Hallefinsel, wou Enn Juli schonn déi éischt Äisbieren agetraff sinn, erweisen sech déi oppen a well Dreckstippen als grousse Problem. Duerch de Geroch ginn d’Déieren nämlech ugelackelt a kommen dem Mënsch geféierlech no. Gejot ginn dierf den Äisbier awer glécklecherweis och a Russland net. Als gefährt Aart bleift de Bier och ënnert dëse Konditioune geschützt.

D’Populatioun ka just probéieren,, déi hongereg Liewewiesen op Distanz ze halen. Dobäi gi si vu WFF ënnerstëtzt. Si hoffen allerdéngs, datt et net zu enger Situatioun kënnt, wéi vergaangene Februar un der sibirescher Inselgrupp Nowaja Semlja. Iwwer Wochen si ronn 50 Äisbieren an d’Wunnhaiser, wéi och an ëffentlech Gebaier gaangen, fir no Fudder ze sichen.

Ähnlech Sujeten Äisbier, Honger, Klimawandel, Temperatur, WFF
Nächsten Artikel Virrechten Artikel