Search

You may also like

En neien Tapis fir d’Autobunn A13 (11.-14.09.2020)
Neiegkeeten

En neien Tapis fir d’Autobunn A13 (11.-14.09.2020)

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt op der Autobunn A13 tëscht der

Boko Haram seng Bluttspur gëtt méi laang
Neiegkeeten

Boko Haram seng Bluttspur gëtt méi laang

Zanter Abrëll hunn déi hannerlëschteg Uschléi an Ugrëff vum Grupp

Tierkei: Den Erdogan féiert seng Victoire an e gestäerkte Mandat
Neiegkeeten

Tierkei: Den Erdogan féiert seng Victoire an e gestäerkte Mandat

Den tierkesche Staatschef, Recep Tayyip Erdogan, ass e Sonndeg schonn

Verännerunge bei der Goodyear zu Kolmer-Bierg

Ronn honnert Goodyear Mataarbechter musse reaffektéiert ginn, nodeems de Pneuenhiersteller ugekënnegt huet, d‘Produktioun vun den Autospneuen ze restrukturéieren

Verännerunge bei der Goodyear zu Kolmer-Bierg

Am gemeinsame Communiqué vu LCGB an OGBL heescht et, datt op de 24. November säitens Goodyear decidéiert gouf, d‘Produktioun vun den Autospneue mat klengem Volummen (LVTP) bannent der europäescher Unioun ze restrukturéieren. Dat heescht, datt d‘Produktioun vun dëse Pneuen op déi aner europäesch Standuerter solle verdeelt ginn, déi esouwuel iwwert déi heifir noutwenneg Kapassitéite wéi och Ressource verfügen.

De Standuert Diddeleng gehéiert zu dësen europäesche Standuerter an et gouf confirméiert, datt d‘Aktivitéite (hierstelle vu Pneue-Prototyppe an de Service „Pneu“) op dësem Site duerch dësen Transfert net affektéiert géife ginn. An der Konsequenz, an obwuel LCGB an OGBL dës Delokalisatioun bedaueren, mussen elo d‘Direktioun vu Goodyear an d‘Gewerkschaften sech op Diskussiounen zum Erhalt vun den Aarbechtsplazen astellen.

Heibäi geet et an éischter Linn drëms ze verhënneren datt Leit hir Aarbecht verléieren. Et soll dann och ee Plang ausgeschafft ginn, deen dem gemeinsame Wonsch vun Direktioun a Gewerkschaften entsprécht, alle déi betraffe Mataarbechter op de Lëtzebuerger Standuerter ze reaffektéieren. Dat wäert net einfach ginn, well et heescht net ze träntelen. Laut dem Stand vum 26. November, soll d‘Prozedur bannent 12 – 18 Méint ofgeschloss sinn.

Illustratioun: © Robert Laursoo / unsplash

Related topics Goodyear, LCGB, OGBL, Pneuen, Reaffektatioun, Restrukturatioun
Next post Previous post