Search

You may also like

ANKAA Project: Formatiounszenter fir eng zweet Chance
Neiegkeeten WTF

ANKAA Project: Formatiounszenter fir eng zweet Chance

E Projet, dee méi ass wéi nëmmen dofir ze suergen,

Lebron X Mbappé
Neiegkeeten WTF

Lebron X Mbappé

D‘Weeër vun der Nationaler Basketball Associatioun (NBA) an dem europäesche

Fält National Feierdag aus? Zwar net!
Neiegkeeten WTF

Fält National Feierdag aus? Zwar net!

Gutt grouss Party an honnertdausende Mënsche wëll dëst Joer keen

surprise

Regierung schéisst den Honnertkommasiwen of

Aus dem soziokulturelle Radio, soll en ëffentlech-rechtleche Medium konstruéiert ginn

Regierung schéisst den Honnertkommasiwen of

Bei Bertelsmann zu Köln dierft een d‘Nouvelle, datt de Regierungsrot sech den 18. Dezember derzou duerchgerongen huet, de Gesetzprojet zur Schafung vun engem „ëffentlech-rechtleche“ Medium 100,7 unzehuelen, mat grousser Opmierksamkeet verfollegt hunn. Hir Filial RTL um Kierchbierg soll awer weiderhin d‘Haaptroll an hir Sonnerstellung behalen.

Dës Restrukturatioun kënnt allerdéngs net iwwerraschend. Schon am Koalitiounsaccord waren d‘Grondlagen dofir geschafe ginn, an beim Consultatioun-Debat vum 14. Juli war de Wee dann entspriechend virgezeechent ginn. Sënn an Zweck ass et, den ëffentlech-rechtleche Radio ze stäerken, andeems dësem een ugepasste juristesche Kader zougeschoustert gëtt.

Argument: Et brauch Upassungen déi dem Rôle vum Honnertkommasiwe gerecht ginn an de Sender soll sech den internationale Standarde fir ëffentlech Medien unhuelen. An dësem neie Gesetz sollen d‘Missioune kloer definéiert, d‘Gouvernance moderniséiert an de Finanzement perenniséiert ginn. Soziokulturell war gëschter, Mainstream ass d‘Zukunft.

Gutt, et kann een natierlech uféieren, datt de Programm vum Honnertkommasiwen sech un eng „besonnesch“ Clientèle geriicht huet, a quasi als den nationalen ARTE am kulturelle Beräich betruecht gouf. Dat gëtt dem Honnertkommasiwen esou wuel net gerecht, mee ganz vun der Hand weise léist et sech elo och net. Zudeem soll sech de Sender un déi ganz Populatioun wennen.

Objektivitéit ass tromp

D‘Regierung well mat dëser Restrukturatioun den ëffentlechen Déngscht revaloriséieren, dem Sender eng objektiv a pluralistesch Berichterstattung aus de Rëppe leieren, mat deenen déi demokratesch Wäerter an de Respekt vun de Mënscherechter kënnen ervirgehuewe ginn. A gläichzäiteg soll den Honnertkommasiwen och méi Onofhängegkeet zougestane kréien.

Esou géif den Honnertkommasiwen eng onofhängeg ëffentlech Institutioun bleiwen, déi dann eng juristesch „Perséinlechkeet“ ass an esouwuel finanziell wéi verwaltungstechnesch autonom bleift. Ëmstellunge sinn awer ee muss: den Honnertkommasiwe soll sech esou organiséieren, datt hien onofhängeg vun de sozialen, ekonomeschen a politeschen Entitéiten, am editoriale Sënn bleift.

Beim Verwaltungsrot – dee weiderhin néng Membere behält – sollen nëmmen nach dräi Vetrieder vun der Regierung ee Mandat erhalen. Déi aner sechs Memberen, kann de Verwaltungsrot fräi wielen. Heibäi handelt et sech ëm Representante vun der Zivilgesellschaft. De Conseil wielt sech dann de President aus dësen néng Memberen eraus. Op et vläicht dofir Kompetenze brauch?

De Public… wéi ee Public?

Am Gesetzprojet ass festgehale ginn, datt den Honnertkommasiwe d‘Audienz consultéiere muss, dat iwwert den Ëmwee vun enger consultativer Assemblée, oder all anerem appropriéierte Moyen zur Programmatioun. Zudeem muss ee permanente Kader geschafe ginn, deen et erlaabt sech mat Froe betreffend d‘Audienz ze beschäftegen. Och hei feelt et konsequent u Präzisiounen.

Den Honnertkommasiwen dierf och weiderhi keng Reklammen (och net um Internetsite) unhuelen an de Parrainage vun Emissioune soll strenge Konditiounen ënnerworf ginn. De Finanzement vum Ganze soll iwwert eng Konventioun (gülteg 5 Joer) gereegelt ginn. De Premier huet betount, datt dëse legale Kader d‘Ënnerstëtzung vun der Regierung fir den ëffentlechen Déngscht ënnersträicht.

Heizou géif et ee puer Froen: Sinn d‘Mataarbechter dann och Beamten a kritt d‘CGFP ee Syndikat „Medien“? Wann déi ganz Bevëlkerung soll ugeschwat ginn, muss den Honnertkommasiwen nieft Englesch dann elo och Däitsch a Franséisch Emissiounen ubidden? Wéi séchert een d‘Nischen of, wann alles soll Mainstream ginn? Wéi eng Qualifikatioun brauchen d‘Mataarbechter?

Illustratioun: Et geet dem Honnertkommasiwe wéi dësem Autosradio: hien huet seng beschten Zäit hannert sech. © Frank Albrecht / unsplash

Related topics ëffentlech-rechtlech, Honnertkommasiwen, Mainstream, Radio, Regierung
Next post Previous post