Search

You may also like

De Lëtzebuerger Journal wëll op de Pabeier verzichten
Kultur Neiegkeeten

De Lëtzebuerger Journal wëll op de Pabeier verzichten

Dat publizistescht Parteiorgan vun der Demokratescher Partei an de Geschäftsleit

15 Doudeger bei Fligerofstuerz am Kasachstan
Kultur Neiegkeeten

15 Doudeger bei Fligerofstuerz am Kasachstan

Onmëttelbar nom Start vum Fluchhafen zu Almaty, ass d‘Fokker 100

Parlamentaresche Bilan déi lénk: „Mir hunn eist Bescht gemaach!“
Kultur Neiegkeeten

Parlamentaresche Bilan déi lénk: „Mir hunn eist Bescht gemaach!“

Si sinn déi „klengsten“ Oppositiounspartei, an et ass d‘Wuertspill erlaabt

Hooverphonic Sängerin Luka Cruysberghs verzaubert d‘Gemidder

Club-Sessioun an der Rockhal (bal) ausverkaaft

Hooverphonic Sängerin Luka Cruysberghs verzaubert d‘Gemidder

Hooverphonic ass eng vun de richteg erfollegräiche Bands aus der Belsch, déi 1995 gegrënnt ginn ass, an vu villen an d‘Kategorie „Trip Hop“ placéiert ginn ass, och wann sech den Grond dofir haut net novollzéie léisst. Woubäi duerch den däitlech erkennbaren Afloss vun „Alternative“, „Rock“ an „Elektropop“ een op dëser Plaz vun der „Harmoniséierung vun de Genren“ schwätze sollt.

D‘Geschicht vun der Band, déi vum Bassist Alex Callier, dem Gittarist Raymond Geerts an der Sängerin Esther Lybeert gegrënnt ginn ass, ënnerscheet sech eigentlech kaum vun där, wéi se aner Bands aus dësem Genre erlieft hunn. Aus der „Underground-Zeen“ erop an de „Mainstream“ ouni d‘Fangemeinschaft widder de Kapp ze stoussen, dierf een als „Markenzeechen“ ervirhiewen.

Eng „Tréin am Knapplach“ kéint dann awer hunn, wann ee e sech de Verschläiss u Sängerinnen emol ukuckt. Esou hat d‘Matbegrënnerin Esther Lybeert d‘Handduch um Dag vun Ënnerschrëft beim Label Sony Music, gehäit, a gouf um Sprong vum Liesje Sadonius ersat, dat dunn 1997 selwer vum Kyoko Baertsoen ersat gëtt an am selwechte Joer de Mikro un Geike Arnaert weiderreecht.

Dat nennt ee wuel e „mouvementéierten Ufank“ an domatter war et och net gedoen. D‘Geike Arnaert huet sech awer am längste gehalen. Haut huet dat Bluttjonk Luka Cruysberghs d‘Heft, oder villméi de Mikro fest an der Hand, a wéi et vun der Band offiziell heescht: „d‘Luka ass net einfach déi nächst Sängerin op der Lëscht, mir hunn eis hat ausgesicht, einfach well et perfekt passt“.

Hooverphonic

© Martine de Lagardère/moien.lu

A wéi dës Knetzel zu Hooverphonic passt. Erënnerungen un féier Concerte waren da gëschter och ubruecht, well Hooverphonic net nëmmen iwwerzeegend op der Bühn a musikalesch eriwwerkënnt, mee sengerzäit vill fir dësen neie Genre gemaach huet. Esou huet d‘Luka d‘Männer gëschter Owend „ausgeblend“ an ass eis, wéi dem Public, ass et schwéier gefall et nees „goen“ ze loossen.

Opmaacherfoto: Déi nei Frontfra vun Hooverphonic: Luka Cruysberghs. Dës Knetzel huet gëschter iwwerzeegt, iwwerrascht a fir immens gutt Laun gesuergt. Et war nees ee vun de Concerten deen all Eurocent wäert war. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Alex Callier, Hooverphonic, Luka Cruysberghs, Raymond Geerts, Rockhal
Next post Previous post