Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Katalounien brennt
Neiegkeeten

Katalounien brennt

Am Hannerland vu Katalounien, net wäit ewech vun Tarragona hunn

Yemen: Déidlech Konfrontatioun an der Hafestad
Neiegkeeten

Yemen: Déidlech Konfrontatioun an der Hafestad

Säit Donneschdeg huelen déi déidlech Konfrontatiounen tëscht de Regierungstruppen, déi

Bëlleg Provokatioun? – Net mat eis!
Neiegkeeten

Bëlleg Provokatioun? – Net mat eis!

Mir wëssen net wat sech de jonke Borscht dobäi geduecht

Ab muer gëtt et nees eppes méi geselleg

Ab muer gëtt et nees eppes méi geselleg

D‘Regierung huet gëschter dem Drock vum HORESCA-Secteur noginn an scho muer ginn d‘Terrasse vun de Restauranten an de Bistroen nees op. Ab e Freideg sollt een dann och nees dobannen zerwéiert ginn. Mee dat ass bei wäitem net alles wat am Regierungsrot entscheet gouf…

Mir hunn eis gutt gehalen, waren disziplinéiert an hunn eis no deem geriicht wat eis vun Uewen zougedroe ginn ass. D‘Zuele vun den Neiinfektiounen si réckleefeg, et befannen sech ëmmer manner Leit op den Intensivstatiounen an mat Covid19 am Spidol. Dat ass zwar alles kee Grond unzehuelen, datt een et elo nees kéint lafe loossen, mee eppes méi Convivialitéit schéngt méiglech.

Am spéiden Nomëtteg hunn dann de Premierminister Xavier Bettel an d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert e Méindeg, déi vu ville Leit gefuerdert Decisiounen annoncéiert, déi eisem Land nees esou eppes wéi „Normalitéit“ vermëttele sollen. Déi wuel wichtegst Annonce: Bistro an/oder Restauranten dierfe muer hir Terrassen nees opmaachen, e Freideg dann och hir Raimlechkeeten.

Dat ganzt natierlech ënnert strikten Oplagen, well et huet een definitiv keng Loscht déi selwecht „Iwwerraschungen“ wéi an Däitschland ze erliewen. Et ass also net fir sech de Batti ze stellen. Wann engem säi Bistro/Restaurant um Häerze läit, ass ee gutt Beroden sech och weiderhi méiglechst disziplinéiert a verstänneg ze behuelen. De Virus, deen ass schliisslech nach do.

Flott sécher och, datt een nees sollt dierfen an de Kino goen, an d‘Kulturzentren, déi reliéis Tempel, d‘Fitnessstudioen an d‘Sportshalen och – ënnert strenge Konditiounen – nees fir de Public zougänglech ginn. Nach eng erfreelech Annonce: esou wéi et sech aktuell presentéiert, ass d‘Lag esou gutt ënner Kontroll, datt sollt et an engem Eck zu engem Ausbroch kommen, een net méi dat ganzt Land muss ënner Quarantaine stellen. Dat setzt viraus, datt mir eis un d‘Reegelen halen.

De Premierminister huet dann och bestätegt, datt déi zwee Gesetzprojeten (Pandemie- / Covid19-Gesetz) an der Chamber deponéiert goufen, esou datt een zäitno iwwert den Inhalt vun dësen Texter dierft am Bild sinn. Elo wäerten sech dann och d‘Parteien zäitno zu dësen Texter äusseren, et ass jo vill Chamber um Programm an dëser Woch, a béid Gesetzer solle virum 24. Juni gestëmmt sinn…

Illustratioun: Endlech nees Häerzhaft zoubäisse kënnen, mee dat ëmmer am Respekt vun de Gest Barrière an den Oplagen. Esou kann een déi nei Fräiheet dann och genéissen. © Alora Griffiths / unsplash

Ähnlech Sujeten Covid19, Deconfinement, Fitnessstudioen, HORESCA, Kierchen, Kulturzentren, Regierungsrot, Reprise, Tempel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel