Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Volleyball D1: Keen Erbaarme mam Géigner
Money Neiegkeeten

Volleyball D1: Keen Erbaarme mam Géigner

Um Samschdeg stoungen sech zu Bartreng zwee verhältnesméisseg ongläich Géigner

Steierreform 2.0
Money Neiegkeeten

Steierreform 2.0

Se stieche matten an de Koalitiounsgespréicher, an d‘CGFP fuerdert vun

Trump: „D‘USA dierfe kee Lager fir Migrante ginn!“
Money Neiegkeeten

Trump: „D‘USA dierfe kee Lager fir Migrante ginn!“

Hie bleift sech trei, och wa seng Aart a Weis

money

Si hunn d‘Convivialitéit nees hiergestallt

D‘Leit hu Loscht déi nei Fräiheet ze ergräifen, an datt et sech bis muer nëmmen op der Terrass genéisse léist ass bei dësem summerleche Wieder franchement egal

Si hunn d‘Convivialitéit nees hiergestallt

Fir d‘Reouverture vun den Entreprisen ze wierdegen, fir net ze soen „ze zelebréieren“ war d‘Press gëschter op de Knuedler ageluede ginn. Beim „Reenert“ war den Undrang grouss, an och soss am Land sinn d‘Terrassen aus dem Buedem geschoss. Wéi wichteg dëse Schratt war, dat trotz enger Rei fundéierte Bedenken, konnt ee reegelrecht Spieren. De Mënsch ass nu emol en Häerdendéier…

Aus de bekannte Grënn awer, muss sech Convivialitéit mat Sécherheet reimen, soss kéint dëse Grëff an d‘Box goen. Et ass also net fir sech vun der Disziplin ze distanzéieren, an et ass ee gutt beroden déi jo mëttlerweil vun all Mënsch bekannte Gest Barrière ganz besonnesch ze behäerzegen. Sollt eis dat Konschtstéck da geléngen, kënnen de Summer a d‘Vakanz kommen. #LëtzMakeItHappen …

Et war ee siichtlech begeeschterten HORESCA-President, begleet vu sengem Generalsekretär, dem CEO vun der Handelskummer an dem Mëttelstandsminister, deen aleedend ënnerstrach huet, datt si frou sinn nees lasszeleeën. Den Alain Rix, dee jo och nach Vizepresident vun der Handelskummer ass, huet sech zouversiichtlech gewisen, datt d‘Sécherheet an der Gastronomie kann assuréiert ginn.

De Generalsekretär François Koepp ass dann och sengersäits op d‘Campagne vum Beruffsverband agaangen a stellt fest, datt sech d‘Clienten an d‘Betriber un déi opgestallte Recommandatiounen halen. A fir datt Betriber sech gutt virbereede konnten, war dësen een zimmlech ausféierleche Guide zougestallt ginn. Et gouf betount datt dësen och un déi Betriber gaangen ass déi net Member sinn.

Politesche Bäistand huet vill gehollef

Datt sech de Mëttelstandsminister Lex Delles esou staark fir de Secteur engagéiert huet, huet och nach emol missen ervirgestrach ginn. De Betriber ass am Kontext vun der Reouverture mat all sengen Aschränkungen a Moossnamen eng Charta ënnerbreet ginn, a wien dës ënnerschreift kritt dann och de Label „Safe to Serve“ (Sécher fir ze Zerwéieren). 60 Betriber hunn dat scho gemaach.

Fir de CEO vun der Handelskummer, Carlo Thelen, wier de Projet ouni déi exzellent Kooperatioun tëscht allen involvéierten Acteuren net méiglech gewiescht. Mee och déi sëllechen online Seminäre waren eng grouss a wichteg Hëllef, déi vu ville Betriber gutt opgeholl ginn ass. Och dës Aktioun, déi net esou ëffentlech gemaach gouf, huet ganz vill derzou bäigedroen, datt et nees lass ka goen.

HORESCA

De Mëttelstandsminister Lex Delles, huet dat grousst Engagement vum Beruffsverband an alle Betriber ervirgehuewen. Hien appelléiert un de Verstand vun de Leit, sech wann ech gelift de Reegelen entspriechend ze verhalen an d‘Recommandatioune vun der HORESCA Rechnung ze droen. Nëmmen esou ka séchergestallt bleiwen, datt déi gewënschte Fräiheet kann erhale bleiwen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Hei huet de Carlo Thelen dann och nach emol eng Lanz fir de Versteesdemech vum Public gebrach. Et wier eng progressiv Relance, déi nëmmen da vum Erfolleg ka gekréint ginn, wa sech d‘Vertraue béidersäits vum Comptoir etabléiert. Et wier jo net wéi wann sech de Covid19 verfuusst hätt, an och un Erausfuerderungen – hei dann nees éischter fir d‘Betriber – géif et den Ament net feelen.

De Mëttelstandsminister Lex Delles huet d‘Engagement fir d‘Convivialitéit an d‘Sécherheet vum Beruffsverband begréisst. Hien huet drun erënnert, datt si mat als éischt d‘Aarbecht hu missen néierleeën (ofgesi vun deenen Etablissementer, déi sech mat Ausliwwerunge konnten eppes iwwer Waasser halen) an mat déi lescht sinn, déi nees hir Betriber fir de Public elo dierfen opmaachen.

Einfach gëtt et awer nach net

Hei ass sech de Minister dann och bewosst, datt et wuel nach op där enger oder anerer Plaz wäert schwiereg bleiwen an och wa scho vill Hëllef geleescht ginn ass, esou wäert et därer nach brauchen, bis den Ëmsaz nees een vollstännegt autonoomt Schaffen erméiglecht. Et ass jo verständlech, datt wann ee seng Raimlechkeeten net voll kann notzen, dat och en Impakt op d‘Rentréeën huet.

Et ass also, aus wirtschaftlecher Siicht net esou, datt d‘HORESCA-Betriber elo iwwert de Bierg wieren. Dofir war jo dann och en Appell un d‘Gemenge geriicht ginn, iwwerall do wou et sech ariichte léisst, eng „gréisser Flexibilitéit“ bei der Ausweisung vun der Fläch, déi een als Terrass dierf benotzen, ënner Beweis ze stellen. En Appell dee vum Inneministère voll ënnerstëtzt gouf.

D‘Inneministesch Taina Bofferding (LSAP), déi de Gemenge virun der sanitärer Kris zolidd méi Autonomie zougestanen huet, huet eng Circulaire an dësem Sënn un all d‘Gemengen a Stied am Land verschéckt. Et ass also u sech alles esou an d‘Wee geleet ginn, datt méi „Raum“ méiglech ass, an erlaabt eng kleng Remark: Eng Parkplaz mat dräi Dëscher ass méi flott wéi eng mat engem Auto.

Wien elo sollt fäerten, datt eventuell de Patt an/oder d‘Iessen „onbezuelbar“ géif ginn, deem sief gesot, datt et d‘Betriber dat schonn aus eegenem Interessi éischter net wäerten zouloossen. Wéi agaangs bemierkt, geet et och drëms nees d‘Vertraue vun de Leit ze gewannen. Wat d‘Sécherheet betrëfft, esou gouf ofschléissend nach drop higewisen, datt et natierlech och Kontrolle wäert ginn.

Foto: (v.l.n.r.) Carlo Thelen, CEO vun der Handelskummer; Alain Rix, HORESCA-President; Lex Delles, Mëttelstandsminister; François Koepp, HORESCA-Generalsekretär. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Alain Rix, Carlo Thelen, François Koepp, Handelskummer, HORESCA, Lex Delles
Nächsten Artikel Virrechten Artikel