Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
D’international Communautéit gräift dem Irak mat 30 Milliarden Dollar ënnert d’Ärem – wat nach laang net duer geet!
International Neiegkeeten

D’international Communautéit gräift dem Irak mat 30 Milliarden Dollar ënnert d’Ärem – wat nach laang net duer geet!

Um Mëttwoch hunn sech déi „Alliéiert“ vum Irak am Kader

Wann’s de léiwer Virtuell ënnerwee bass, da bléif um Canapé setzen
International Neiegkeeten

Wann’s de léiwer Virtuell ënnerwee bass, da bléif um Canapé setzen

Dënschdegowend zu Esch Uelzecht, et ass eng Auer zéng an

Ruckelzegen Humor a Marionetten: d’Produzente vun der Sesame Street zéie viru Geriicht
International Neiegkeeten

Ruckelzegen Humor a Marionetten: d’Produzente vun der Sesame Street zéie viru Geriicht

De Studio hannert der mythescher US-Sendung Sesame Street ass net

De bayresche Pharisäer

Wat et mam Horst Seehofer sengem Flüchtlingsplang op sech huet

De bayresche Pharisäer

Op den éischten Androck kann ee sech net ëmmer verloossen, well och wann alles drop hindeit, datt den Horst Seehofer 1.500 Flüchtlingen aus Griicheland wëll ophuelen, dann huet dat leider wéineg mam Lager Moria op der Insel Lesbos ze dinn. An awer kéint een unhuelen, de Bundesinneminister hätt dem Drock vun der Oppositioun an dem Koalitiounspartner noginn.

Bis heihinner huet den Horst Seehofer ëmmer déi europäesch Léisung prekoniséiert a sech stur an der Fro gewisen, op Däitschland Flüchtlingen aus dem Lager Moria soll ophuelen. Héchstens 150 onbegleete Mannerjäreger hätten et solle sinn. Elo sollen et dann awer méi Flüchtlinge sinn an den Inneminister weist wéi e mam gudde Beispill virgeet, an hofft datt der méiglechst vill matmaachen.

Horst

Kuckt een dann elo awer eppes genee op den däitsche Virstouss gëtt engem séier kloer: mat Moria, den Zoustänn am Lager an op de Stroossen, wéi och mat de Mënschen déi zanter Méint op dëser Insel hocken, huet dat alles wéineg ze dinn. Déi Flüchtlingen déi Däitschland ophuele wëll, solle schonn ee gepréiften an unerkannte Statut hunn. Dat trëfft kaum op d‘Mënschen aus Moria zou.

Hei geet et erwisenermoossen ëm déi Flüchtlingen, déi vun de griicheschen Autoritéiten no engem positive Bescheed sech selwer iwwerlooss ginn a gréisstendeels op der Strooss liewen, an dat net onbedéngt op Lesbos. Zudeem wëll déi griichesch Regierung d‘Flüchtlinge vu Moria net goe loosse well ee sech net mat Brandstëftung wëll erpresse loossen. Dat zumindest ass den offiziellen Deel.

Et misst an et kéint…

D‘SPD hat nach um Weekend gefuerdert, datt Däitschland eng héich véierstelleg Zuel u Flüchtlinge sollt ophuelen. Wéi d‘Sozialisten dat allerdéngs géint de Wëlle vun de Griichen duerchsetze wëllen ass do net erkennbar. An der Realpolitik sinn eesäiteg Aktiounen zum scheitere verurteelt. Déi gréng bleiwen sech dogéint trei, a fuerderen datt all d‘Flüchtlinge vu Moria mussen evakuéiert ginn.

A wärend zu Berlin a méi generell an Europa iwwert „Méiglechkeeten“ debattéiert gëtt, bleift de Flüchtlingen op Moria eenzeg de Protest. De Ministerpresident Kyriakos Mitsotakis „Et besteet keen Zweiwel, datt Moria vun ee puer hyperaktive Flüchtlingen a Migrante verbrannt gouf, déi d‘Regierung erpresse wollten, andeem se Moria néiergebrannt an hier Ëmsiidlung gefuerdert hunn“.

Et gesäit also duerno aus, wéi wann d‘Regierung wéilt haart bleiwen. 12.000 Mënsche sollen also weider op der Insel Lesbos bleiwen a sech an dat neit provisorescht Lager apierche loossen. Zur Erënnerung: dat duerch d‘Feier zerstéiert Lager hat offiziell Plaz fir 2.800 Mënschen. A Moria ass net dat eenzegt Lager wou d‘Elend Kinnek ass, datt ass och op Samos, Chios, Kos a Leros de Fall.

En aneren Androck

Op der Plaz ass och d‘ONG „Mission Lifeline“ an déi zeechent kee schéint Bild vun der aktueller Lag op der Ägäis-Insel. Vill Mënsche géifen sech virum ofgebrannte Lager ophalen, anerer hunn sech tëscht Moria an Mytilini néiergelooss, do gëtt et ee grousse Supermarché. D‘Leit sinn net wéi behaapt gëtt „rosen“, si hunn es genuch, si midd an einfach nëmmen nach traureg…

Horst

Och zu Salzburg (Éisträich) gouf ee Sonndeg fir d‘Opnam vu Flüchtlingen demonstréiert © Mission Lifeline

Wie ka protestéiert géint d‘Erriichtung vun engem neie Lager. An et sinn net nëmmen d‘Flüchtlinge wou sech géint en neit Lager wieren. Nee och d‘Bewunner vun der Insel wëlle keen neit Lager, an dësem Punkt sinn sech Awunner a Flüchtlingen zimmlech eens. Zur Stonn ginn d‘Leit wéineg a wann dann éischter schlecht versuergt. Ofgelafen Iesswueren, keng Toiletten, keng Duschen.

A matten dran: d‘Staatsgewalt. Spezialeenheete vun der Police, déi éischter d‘Bewunner beschützt déi mat holze Laten oder soss Knëppel Juegd op Migrante mécht, wéi Gewalt verhënnert. An dat neit „Lager“, dat mat pickegem Drot ëmspaant ass, geet kaum ee fräiwëlleg, déi meescht esou de Fazit vun der ONG, ginn hei mat alle Mëttel gezwongen. Esou gesäit EU-Asylpolitik aus…

mat indymedia/ber/ath

Foto: Deen „aneren“ Alladag © Danilo Campailla / Mission Lifeline

Ähnlech Sujeten EU-Asylpolitik, Flüchltlingen, Griicheland, Horst Seehofer, Kyriakos Mitsotakis, Lesbos, Moria
Nächsten Artikel Virrechten Artikel