Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kriss du 8 Richteger an eisem Weltfraendag Quiz?
kodachrome slide dating guide Kultur dating sri lankan guys

https://moien.lu/is-saffron-barker-dating-joe-weller/

Haut ass Weltfraendag. Grond genuch also, fir eng Kéier e

dating in bethlehem free state
kodachrome slide dating guide Kultur dating sri lankan guys

27. Oktober: FFW Coupe Alpina

Déi ganz Equipe an d‘Supporter vun der Fine Fléche Walfer,

Klimawandel: Kappzerbrieches a Wallounien
kodachrome slide dating guide Kultur dating sri lankan guys

Klimawandel: Kappzerbrieches a Wallounien

Nach besteet kee Grond zur Panik, mee d‘Suergefale loossen sech

Traditioun trëfft op Eleganz: Mat Hospes Hotels Andalusien spieren

Traditioun trëfft op Eleganz: Mat Hospes Hotels Andalusien spieren

Hospes Hotels bitt mat sengen 9 Hoteller a ganz Spuenien déi ideal Kombinatioun tëscht Al an Nei. Bei der Ëmsetzung vun hirem Konzept huet een d’Geschicht vum Land net vergiess, an awer geet een mat der Zäit. Een Drëttel vun hirer Offer ass dobäi an Andalusien ze fannen. Hospes iwwerzeegt zu Sevilla, Córdoba a Granada mat familiärer Atmosphär, Perséinlechkeet an immensem Charm.

Hospes Las Casas del Rey de Baeza (****)

Hei vereenen sech déi andalusesch Architektur mat der purer Magie vun der Alstad. An direkter Proximitéit zur Kathedral vu Sevilla bitt Hospes Hotels 41 Kummeren, déi an hirer eegener Aart a Weis een exquisitte Kontrast tëscht Traditioun a Moden bidden. Traditionell Keramiken, typesch spuenesch Teppecher an ee super Faarfklima suerge fir een immens authenteschen Openthalt an der andalusescher Haaptstad.

Wärend e puer Meter weider alles a Beweegung ass, kann een am ehemolegen Aarbechterhaus aus dem 18. Joerhonnert d’Rou ënnert der spuenescher Sonn genéissen. Ee weidere Pluspunkt: Hausdéiere sinn als Gäscht wëllkomm. Ee Privatparking mat Luedstatiounen fir Elektroautoen, ee Pool, eng Terrasse mat Restaurant an eng Bibliothéik schwätze fir d’Verbrénge vun enger oder méi Nuechten an dësem Hotel.

Hospes

© Hospes Hotels | Infitie Places (hospes.com)

Hospes Palacio del Bailío (*****)

Wéi den Numm et schonn undeit ass dës Ënnerkonft een ale Palast, deen zum Kulurierwen erkläert ginn ass. Am Restaurant kann ee souguer Iwwerreschter vun nger beandrockender réimescher Villa aus dem 1. Joerhonnert no Christus fannen. Passend dozou huet den Hotel zu Córdoba net nëmmen 51 Zëmmer, eng andalusesch Oas aus Uebstbeem an aromatesch richende Planzen, sou wéi ee Swimmingpool ënnert fräiem Himmel, mee och nach als eenzegen Hotel an der Géigend ee réimescht Bad am Banneberäich virzeweisen.

Kuckt ee sech d’Zëmmer méi genee un, ass een dem eegene Stil trei bliwwen. D’Kummere sinn an déi historesch Architektur integréiert ginn, wouduerch een och emol an engem Zëmmer mat prächtegem Kräizgewëlbe, Fresken an alen Ornamenter hause kann. Hausdéiere si Wëllkomm an och soss gëtt ee sech vill Méi, fir mam Spa, der Bibliothéik, dem private Parking an der Terrasse de ganz besonnesche Wuelfill-Peegel klammen ze loossen.

Hospes

© Hospes Hotels | Infitie Places (hospes.com)

Palacio de los Patos (*****)

Als drëtte Kandidat an Andalusien presentéiere mir den Hotel zu Granada. Speziell hei ass, datt een zwee historesch Gebaier vereent huet. De Patos-Palais am klasseschen Industriestil aus dem 19. Joerhonnert gehéiert zum Kulturierwen a grenz direkt un d’Alabastro-Gebai, deen Déift an Transparenz opzeweisen huet. Duerch déi héich Plafongen fillt de Gaascht sech wéi ee Kinnek. Dobäi kënnt, datt verschidden Zëmmeren original al Mosaiker a Molereien d’Kummer vereedelen.

D’Mëschung tëscht al an nei setzt sech net nëmme baussen, mee och bannen duerch. Traditionell an historesch Elementer ënnerstëtzen dobäi just nach déi elegant modern Ariichtung, loossen awer trotzdeem een harmonescht Bild zou. Mupp a Kaz sinn erlaabt, den eegenen Auto kritt eng Privatparkplaz, de Restaurant an de Spa verwinnen d’Séil. Wat wëll ee méi?

Hospes

© Hospes Hotels | Infitie Places (hospes.com)

Opmaacherbild: © Hospes Hotels | Infitie Places (hospes.com)

Ähnlech Sujeten Andalusien, Córdoba, Fresken, Granada, Hospes Hotels, Iwwernuechtung, Modern, Molerei, Mosaik, Schlofen, Sevilla, Spa, Spuenien, Traditioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel