Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Treffe vun den Autokraten – Eng Staatsvisite, erkläert
https://moien.lu/stars-in-the-sky-dating-cost/ Neiegkeeten

speed dating bury st edmunds

De 16. Mee haten sech den tierkesche President Recep Tayyip

dating sites springfield mo
https://moien.lu/stars-in-the-sky-dating-cost/ Neiegkeeten

Däitschland: Bei der Boma hält de Spaass op

Nodeems de Post mat enger iwwerspëtzter a satirescher Versioun vum

Senat zu Roum hieft Immunitéit vum Salvini op
https://moien.lu/stars-in-the-sky-dating-cost/ Neiegkeeten

Senat zu Roum hieft Immunitéit vum Salvini op

Elo wou dem Matteo Salvini seng Immunitéit opgehuewe gouf, ka

Feelt et u näischt ausser Hotellen an der Stad?

Feelt et u näischt ausser Hotellen an der Stad?

Den Här Claude Strasser, Direkter vun der Post, huet de Mëttwoch-Moien op RTL Radio gesot, datt den Ursprong vun dem Hotel-Projet am Postgebai „bei der Stad Lëtzebuerg“ läit „déi un eis erugetrueden ass a sot, et géing e Manktem un Hotellerie an der Uewerstad ginn“.

Datt en Hotel geplangt war, ass jo näischt Neies, mee wat eis muss schockéieren ass datt der Stad Lëtzebuerg näischt Besseres afält wéi e „Manktem un Hotellerie“ festzestellen. Ass et dann net esou, datt mer säit Joren dovu schwätzen d‘Uewerstad erëm ze beliewen an dat zum Beispill andeems een se méi accessibel fir Awunner mécht oder nach duerch sozial-associativ-kulturell Raimlechkeeten. Hu mer an der Stad Lëtzebuerg net eng dramatesch Wunnsituatioun, wou souguer Leit mat engem normale Salaire keng Wunneng méi fannen?

Mir héieren och eraus datt et kee 5-Stären-Luxushotel soll ginn (uff!) mee e „Genre Boutique Hotel“. Wéi wann dat e groussen Ënnerscheed géing maachen! An den Hotel soll tëscht 60 an 80 Zëmmer maximal hunn, wat och net wéineg ass. De Projet vum Hotel schéngt also ze räifen, mee de Rescht schéngt nach ganz vague ze sinn. Op d‘Fro vun der Journalistin, datt déi Lénk „eppes fir d‘Ëffentlechkeet„ gefuerdert hunn, mengt den Här Strasser, dat wier e Prinzip dee sech eigentlech beim Gebai imposéiere géif a weider, et sollt een dee “flotte Bannenhaff zougänglech maache fir de public.“. Hie kéint sech duerchaus virstellen, datt een deen dann herno zumindest am Dag géing opmaache fir de Grand public, „datt ee ka zirkuléieren, datt een do kleng Commercë beispillsweis bannendran“ hätt.

Wann dat der Direktioun vun der Post an dem Stater Schäfferot hiert Verständnis vun Déngscht un der Ëffentlechkeet ass, dann seet dat vill aus iwwer si an hier Visioun vun der Stad. Dat ass eng Stad fir Ultraräicher, Investoren, Ultra High Net Worth Individuals (UHNWI), wou dem Gros vun den Awunner nach just erlabt gëtt, doduerch ze „zirkuléieren“ an sech d´Maueren unzekucken.

Mir verstinn eppes ganz Aneres ënner Déngscht un der Ëffentlechkeet, nämlech d‘Installatioun vu kulturellen Ariichtungen, Konferenzraim a Büroen fir déi vill Veräiner an ONGen an der Stad, déi sech et net kënne leeschten, honnerten Euro ze bezuelen; d’Ariichte vun Atelieren oder d‘Schafe vu bezuelbarem Wunnraum fir Studenten a Familljen.

Dat schéint aalt Postgebai huet en enormt Potential als Géigegewiicht zum neie Konsumtempel an den Luxuswunnengen am Royal Hamilius a mir fuerderen den zukünftege Minister Franz Fayot an d’Postdirektioun op, direkt vun deem schickimicki-Projet ofzeloossen an aus dem ale Postgebai e Biergerhaus ze maachen!

An deem Sënn invitéiere mer all Leit, déi grad esou denken, d’Petitioun vum Här Bob Picard an deem selwechte Sënn um Internet-Site www.chd.lu vun der Chamber ze ënnerschreiwen!

Matgedeelt vun déi Lénk Stad

Illustratioun: Pixabay

Ähnlech Sujeten déi Lénk Stad, Hotel des Postes, Post Lëtzebuerg, Postgebai, Stad Lëtzebuerg, VDL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel