Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Katharina Schwirkus am Klimawahn: Sinn Hënn Schold?
Neiegkeeten

D’Katharina Schwirkus am Klimawahn: Sinn Hënn Schold?

Säit kuerzem schockéiert dem Katharina Schwirkus säin Artikel mam provozéierenden

Mercosur-Ofkommes scheitert un Éisträich
Neiegkeeten

Mercosur-Ofkommes scheitert un Éisträich

Et gëtt méi europäesch Politiker déi den Ament kee gutt

SEW/OGBL: Nee zu der ugekënnegter Nohëllef an der Vakanz am Fondamental
Neiegkeeten

SEW/OGBL: Nee zu der ugekënnegter Nohëllef an der Vakanz am Fondamental

Fënnef Deeg virun der Summervakanz huet den Educatiounsminister Nohëllefcoursë vum

D‘Hoteller zu Lëtzebuerg si besser wéi ee vläicht mengt

D‘Hoteller zu Lëtzebuerg si besser wéi ee vläicht mengt

Den 30. Januar huet den Tourismusminister Lex Delles (DP), an der Handelskummer un der Zeremonie zur Iwwerreechung vum begierte Klassifikatioun-Ofzeeche, fir zéng weider Hoteller deelgeholl. Iwwerreecht hunn d‘Ofzeechen, den HORESCA-President Alain Rix an de Verbands-Generalsekretär François Koepp.

Agefouert gouf d‘Klassifikatioun am Abrëll 2017, an déi erfreet sech bei den Hotelieren iwwert e groussen Zousproch. A Manner wéi zwee Joer, hunn 63 Etablissementer dëst Ofzeechen d‘Prozedur zur Klassifikatioun hannert sech bruecht. D‘Kapassitéit vun de klasséierten Hoteller bedréit den Ament 3.563 Zëmmer, wat ongeféier der Hallschent vum Maart duerstellt. D‘Nofro ass grouss…

Bei der Klassifikatioun vun den Hoteller zu Lëtzebuerg handelt et sech ëm e „fräiwëllege System“, deen awer als modern an zouverlässeg beschriwwe gëtt. Et géif domatter der Evolutioun vum Tourismus-Maart an den Erwaardunge vun der Clientèle Rechnung gedroen. D‘Klassifikatioun ass eng Zesummenaarbecht tëscht dem Beruffsverband HORESCA an dem Wirtschaftsministère.

Ausgeschafft, huet dëse System „Hotelstars Union“. Den europäesche System baséiert op enger eenheetlecher Klassifikatioun vun den Hoteller, an den Direktive wéi de Kritären, déi all sech um System bedeelegt Länner festgeluecht hunn. Hotelstars Union gouf 2009 ënnert der Leedung vun Hotrec, der Associatioun déi all d‘Verbänn aus dem europäeschen HORESCA-Secteur federéiert.

E subventionéierte Secteur?

Fir de Projet „Klassifikatioun“ ze lancéieren, huet de Wirtschaftsministère iwwert den Zäitraum 2017/18 d‘Käschte fir d‘Prozedur iwwerholl. De Lex Delles, deen de Ministère eréischt rezent iwwerdroe kritt huet, begréisst de Succès vum System an ass gewëllt déi finanziell Participatioun vum Wirtschaftsministère ze verlängeren. Och 2019 kascht d‘Klassifikatioun den Hotelier näischt.

Sënn an Zweck vun dëser Klassifikatioun ass et, eng op nationalem wéi internationalem Niveau transparent Offer unzebidden. De Client soll op Informatiounen zougräife kënnen, déi aktuell a richteg sinn. Et erlaabt zudeem den Hotelieren sech ëmmer nees selwer a Fro ze stellen, an eng duerchgoend fir de Client adaptéiert Offer ze hunn. Esou gëtt Lëtzebuerg zum „Vakanzeland“.

Iwwert den offizielle Site www.classification.lu kënnen sech d‘Hotelieren informéieren, eng eegen Evaluatioun virhuelen, an natierlech hir Demande online ausfëllen an areechen. Da kommen déi Hären „Inspekter“ sech op d‘Plaz iwwerzeegen, datt och alles esou stëmmt wéi et behaapt ginn ass. D‘Klassifikatioun ass da véier Joer laang gülteg.

An dat eleite sinn déi zéng Etablissementer, déi de leschte Mëttwoch hiert Ofzeeche kritt hunn:

  • Hôtel Alzinn, Alzingen (4*)
  • Best Western Euro Hotel, Gonderange (3* Superior)
  • Hôtel le Châtelet, Luxembourg (3*)
  • Campanile Aéroport, Luxembourg (3*)
  • Hotel Carlton, Luxembourg (3* Superior)
  • Hotel Empire, Luxembourg (3*)
  • Ibis Styles Luxembourg Centre Gare, Luxembourg (3*)
  • Ibis Esch Belval, Esch/Alzette (3*)
  • Sofitel Le Grand Ducal, Luxembourg (5*)
  • Sofitel Luxembourg Europe, Luxembourg (5*)

Déi ganz Lëscht vun de klasséierten Hoteller, fannt dir ënnert www.classification.lu

Foto: Den Tourismusminister Lex Delles (3. vu riets) am Krees vun de glécklechen Hotelieren, deenen hiert Klassifikatioun-Ofzeechen offiziell iwwerreecht ginn ass. © MECO

Ähnlech Sujeten HORESCA, Hotellerie, Lex Delles, Tourismus, Tourismusministère
Nächsten Artikel Virrechten Artikel