Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cooltongue
Frankräich: kloer Majoritéit fir „en Marche“
Meenung

Frankräich: kloer Majoritéit fir „en Marche“

De President vu Frankräich kann ouni gréisser Schwieregkeete säi Programm

De Flüchtlingsrot ass besuergt, de Minister huet geäntwert
Meenung

De Flüchtlingsrot ass besuergt, de Minister huet geäntwert

Um Donneschdeg hat de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot (LFR) d‘Press agelueden, fir

angry
Eis Oprëschtung däerf net op d‘Käschte vun den anere goen
Meenung

Eis Oprëschtung däerf net op d‘Käschte vun den anere goen

Wéi eng Plaz huet Lëtzebuerg an der Weltgemeinschaft? Datt ass

Editorial: Houere Miel, gëtt houere Paangech

Editorial: Houere Miel, gëtt houere Paangech

Eigentlech interesséiert et keen an awer kritt jiddereen et mat. Gewosst ass elo emol, datt de sozialisteschen Aarbechtsminister an de gréngen Infrastrukturminister, net méi zesummen an d‘Vakanz wäerte goen. A firwat dee ganze Stress? Ma et si Chamberwahlen am Oktober.

Gutt et kann een dem Nicolas Schmit elo net direkt de Virworf maachen, datt hie sech als LSAP-Spëtzekandidat am Osten net géif fir seng Leit asetzen. Zanter den heftegen Onwieder am Juni, an den domatter am Mëllerdall verbonnenen Iwwerschwemmungen, ass den CR364 tëscht Iechternach a Bäerdref fir de Verkéier gespaart. Och géint seng Biller op Facebook kann ee näischt soen.

An dem Aarbechtsminister geet et dann einfach net séier genuch virun, firwat hien dem François Bausch – am Numm vu senge Wieler – zolidd d‘Lewitte liest. D‘Leit missten hei, well näischt virugeet, ganz desagreabel Ëmweeër op sech huelen, fir dohinner ze komme wou si hi wëllen. Dat gëllt och fir de Nicolas Schmit, deen den Heemwee eigentlech och iwwert d‘CR364 féiert.

Firwat elo de sozialisteschen Aarbechtsminister, vun deem een eigentlech sollt unhuelen, datt hien „erwuessen“ ass, seng Attack géint de gréngen Infrastrukturminister iwwer Facebook lancéiert huet, ass, wann een dat richteg deite wëll: Wahlkampf. Eng „bëlleg“ Manéier op sech opmierksam ze maachen, déi zudeem net wierklech an de Kontext vum Wahlkampfofkommes passe wëll.

De François Bausch, dee sech net wëll op „Sozialnetzwierkniveau“ erofloossen, äntwert dem Koalitiounspartner op der Regierungssäit am Internet. Eng zimlech ëmfangräich a prezis Informatioun zu dem wéi, wou, firwat a wéini, vun den Aarbechten déi noutwenneg sinn fir d‘Strooss nees zougänglech a verkéierssécher ze maachen. Dat beweist Wäitsiicht…

Wann der zwee sech an den Hoer leien, brauch muss een net laang waarde bis sech e weidere Rabbelkapp fënnt, fir nach e Schotz Bensin an d‘Feier ze geheien. An dësem Fall ass et de Luc Frieden (CSV), deen net nëmme bei der BIL eng grouss Nummer ass, mee och nach d‘Geschécker vun der schéinster a gréisster Lëtzebuerger Dageszeitung leet. Deen huet „alles verstane“…

Et ass, just fir komplett ze sinn, wichteg drop hinzeweisen, datt de Luc Frieden an de Nicolas Schmit e Verhältnis hunn, datt deem gläichzestellen ass, dat den Donald Trump mam Iran huet. De Mann dee glécklecherweis ni Premierminister ginn, politesch och éischter „ofgeschriwwen“ ass, huet an dësem Fall awer d‘Geleeënheet verpasst de Mond ze halen.

Grad de Luc Frieden (nach ëmmer am Kontext vum Wahlkampfofkommes) huet et néideg de politesche „Géigner“ als Populist ze bezeechnen. Lëschteg och de Fakt, datt de Luc Frieden, dem Aarbechtsminister de Virworf mécht, net gutt lëtzebuergesch schreiwen ze kënnen. Esou eppes sollt ee sech nëmmen dann erlaben, wann een et wierklech besser kann, deem ass leider net esou.

Dofir ass et gutt, datt sech déi grouss Volleksparteien, an engem Accord drop gëeenegt hunn: net ënnert de Rimm ze fachen, sech net ze beleidegen, an am Wahlkampf bis zum Stéchdatum ze waarden. Et war am Accord esouguer rieds dovunner, sech och beim „Meenungsaustausch“ op sozialen Netzwierker, manéierlech ze behuelen. Bon… dat ass jo dann elo hifälleg, oder?

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, François Bausch, Luc Frieden, Nicolas Schmit, Wahlkampf
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    21

  • Cool

    14

  • Fail

    7

  • Cry

    0

  • Angry

    5

  • WTF

    15

  • Crazy

    33

  • Love

    8