Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

tongue
NATO: E Rapport proposéiert en Artikel „5b“ géint den „Hybridkrich“
Neiegkeeten

NATO: E Rapport proposéiert en Artikel „5b“ géint den „Hybridkrich“

D’Parlamentarier vun der NATO, déi nach bis haut zu Warschau

tonguecrying
Bei de Walen a Slowenien hunn déi riets-konservativ d‘Favoritteroll sécher
Neiegkeeten

Bei de Walen a Slowenien hunn déi riets-konservativ d‘Favoritteroll sécher

Haut gëtt a Slowenien e neit Parlament gewielt, an de

tonguedislike
Kann een d’Wierk vum Kënschtler trennen?
Neiegkeeten

Kann een d’Wierk vum Kënschtler trennen?

Wien an der Lescht op Netflix no eppes interessantem fir

D‘CSV houfreg op hir Oppositiounsaarbecht

D‘CSV houfreg op hir Oppositiounsaarbecht

Och eng CSV zitt géint Enn vun der Legislaturperiod de Bilan, an geet net grad zaart mat der Koalitiounsregierung ëm. Vill ze vill fir „dernieft“ gaangen, a bei muenchem hätt et zolidd u Seriositéit gefeelt. A well am Oktober Chamberwahle sinn, ass een iwwerzeegt d‘Léisung ze sinn.

De Bilan ass allerdéngs och d‘Geleeënheet fir Campagne ze maachen, woubäi de Wahlprogramm vun der CSV eréischt den 18. Juli offiziell virgestallt gëtt. Dat verhënnert net, datt een dëser Gambia-Regierung, also eigentlech den dräi Parteien déi se stellen, muss eng Datz ausstellen. Geet et dem CSV-Spëtzekandidat Claude Wiseler no, da kann een eigentlech nëmme d‘Versoe feststellen.

Esou wier et dann och gutt, datt dës Legislaturperiod endlech op en Enn geet. Keng vun de Reforme wier fundéiert gewiescht, an hir Ëmsetzung bedauernswäert. Wat de Claude Wiseler heimatter dann eigentlech soe wëll: d‘CSV hätt et anescht, mee virun allem besser gemaach.

Wourunner sech gestouss gëtt

Wat der CSV esou guer net gefall huet, dat waren d‘Steier- an Gemengefinanzereform. Domatter net genuch, d‘Ofschafe vun der Bildung- a Gebuertszoulag wier schlicht an ergräifend e Feeler. An iwwerhaapt hätt dës Regierung an Punkto Sozialpolitik, einfach nëmme versot.

Et ass dann och dee vun der DP agefouerte System vun de Familljenzoulagen an den Elterecongé, dee vun de chrëschtlech-sozialen däitlech kritiséiert ginn ass. An wéi et sech bei der Reform vun der Fleegeversécherung gewisen hätt, déi ëmmerhin direkt zu engem Streik gefouert huet, misst ee vu „grousser Onsécherheet“ bei de betraffene schwätzen, esou de Claude Wiseler.

Iwwerhaapt, esou den CSV-Fraktiounspresident, géif et an de Fleege- an Altersheemer einfach net genuch Kapassitéiten. Wat dat neit Spidolsgesetz betrëfft, esou géif dat keng Äntwert op sëlleche Problemer am Secteur ginn. Ze laang sinn der CSV d‘Waardenzäiten an der Urgence, déi benéidegt Scanner (IRM) kéimen einfach net erbäi, an et feelt schlicht un dezentraliséierte Strukturen.

A well e grad derbäi ass, gëtt och d‘Reform vum nationale Gesondheetslaboratoire zu Diddeleng a Fro gestallt. An och d‘Reform vun der Police an der Justiz, huet keng gutt Zensur vun der CSV ausgestallt kritt. Et wier ee wäit vun deem ewech, wat d‘Koalitioun als „Fortschrëtt“ bezeechent.

Selwer huet ee villes beweegt an ugereegt

Sech mat der Regierung ausenanerzesetzen ass eng Saach, mee och déi eegen Aarbecht wëll bewäert ginn. An hei konnt de Claude Wiseler ee sichtlech zefriddenen Androck hannerloossen. Et gouf vill Zuelen, an mir hunn (hoffentlech) déi bescht zréckbehalen.

D‘CSV-Fraktioun huet esou: 3 Debatten, 6 Resolutiounen, 9 Gesetzvirschléi, 95 Motiounen, 128 Amendementer, 114 mëndlech Froen, 9 erweidert Froen, 2.052 parlamentaresch Froen (dovunner 75 dréngend Froen) 12 Aktualitéitsstonnen an 13 Interpellatiounen ausgeschafft oder mat abruecht. Net ze vergiessen, datt d‘Fraktioun an deene fënnef Joer och 60 Pressekonferenzen ofgehalen huet.

An der Chamber selwer, huet d‘CSV-Fraktioun 108 vun 130 Gesetzprojeten ënnerstëtzt, sech bei 10 Gesetzer enthalen an sech 12 Gesetzer entgéintgestallt. De Claude Wiseler wollt domatter dann och däitlech maachen, datt sech LSAP an DP am Toun vergräifen, wann se da behaapten, d‘Oppositioun hätt keng konstruktiv Aarbecht um Krautmaart geleescht.

Hei wëll den CSV-Spëtzekandidat dann och emol drop hiweisen, datt ee sech staark beim Gesetz zur Fërderung vun der Lëtzebuerger Sproch, der Reform vum Geheimdéngscht oder der Verfassung engagéiert hätt. Wann déi Argumenter esou och am Wahlkampf virgedroe ginn, gëtt et interessant.

Foto: Beim uschléissende „Bilan-Iessen“ war nach d‘Geleeënheet ginn, sech iwwert deen een oder aneren Detail ze ënnerhalen. Den CSV-Spëtzekandidat Claude Wiseler (r) an de jonken „Espoir“ Serge Wilmes, deen sech als éischte Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg och gutt fir d‘Chamberwahle positionéiere wëll, hu bereetwëlleg op all Froe geäntwert. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Chamber, Claude Wiseler, CSV, Legislaturperiod, Oppositioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    1

  • Cool

    99

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    2

  • Crazy

    0

  • Love

    0