Search

You may also like

Fridays for Future: Weltwäit Protestwell virum Sommet vu Madrid
International Neiegkeeten

Fridays for Future: Weltwäit Protestwell virum Sommet vu Madrid

Zu Madrid fënnt ee Méindeg d‘COP25, d‘UN-Weltklimakonferenz, statt. Grond genuch

Hong Kong dreift d‘Diplomatie a rau Gewässer
International Neiegkeeten

Hong Kong dreift d‘Diplomatie a rau Gewässer

Nom Aussetze vum Ausliwwerungsofkommes vu Groussbritannien mat Hong Kong, huet

Sang a Klang Pafendall: et gëtt nees e Kanner-Chouer!
International Neiegkeeten

Sang a Klang Pafendall: et gëtt nees e Kanner-Chouer!

1966 gouf ënnert der Chorale Royale Grand-ducale Sang a Klang

Neies vun der Insel: de Brexit kënnt!

Neies vun der Insel: de Brexit kënnt!

Dem brittesche Premierminister säin ëmstriddent Bannemaartgesetz huet am House of Commons eng nei Hürd iwwerwonnen. Eng Majoritéit vun Deputéierten hunn engem Kompromëss tëscht dem Boris Johnson a senge Kritiker zougestëmmt, wouduerch eng formell Ofstëmmung iwwert den Antrag entfält. De Premier wëll mat dësem Gesetz de Brexit-Accord partiell revidéiere loossen.

An dem Klatzkapp aus der Downing Street mussen déi richteg Argumenter agefall sinn, well och déi konservativ Volleksvertrieder, déi eigentlech dergéint waren, hunn sech elo de Pläng vum Boris Johnson ugeschloss. Dee war mat engem Kompromëss den Dissidenten am eegene Lager entgéint komm: Hien huet den Deputéierten eng weider Ofstëmmung am Parlament zougestanen, fir de Fall datt déi am Gesetz virgesinn Noutfallmoossnamen tatsächlech zum Asaz komme sollten.

Elo muss een awer betounen, datt dëse Kompromëss net bedeit, datt elo am House of Commons op emol géif Eenegkeet herrschen. Säitens der Oppositioun gëtt „schaarf geschoss“ an esou heescht et beispillsweis, datt d‘Regierung d‘Integritéit vum vereente Kinnekräich op d‘Spill setze géif, ouni d‘Konsequenze fir d‘Renommée vum Land an der Welt am Bléck ze behalen. Abee merd alors…

HouseAn et geet et beim Bannemaartgesetz ëm d‘Sonnerregele fir Nordirland, mat deenen eng „haart Grenz“ zu Irland, dat jo nach ëmmer Member vun der EU ass, sollt verhënnert ginn. De Problem mat Boris Johnson sengem Bannemaartgesetz: d‘EU-Kommissioun hält dat Ganzt fir e Verstouss a fuerdert vun der brittescher Regierung sech nees anzekréien. Duerno gesäit et awer net aus. Schonn déi lescht Woch hat sech d‘Parlament fir d‘Gesetz ausgeschwat an de Kompromëss ass duerch.

Déi ofschléissend Decisioun steet awer nach op. Eréischt an der nächster Woch soll den Text nach emol am House of Commons berode ginn, iert dann am House of Lords nach emol wäert doriwwer debattéiert ginn. Sollt d‘Gesetz a Kraaft trieden dann, esou befierchten et d‘Kritiker, wier dat ugestrieften Handelsofkommes mat der EU a Fro gestallt. Et kéim folgerichteg zum haarde Brexit.

mat indymedia/lon

Illustratioun: © Annie Spratt / unsplash

Related topics Bannemaartgesetz, Boris Johnson, Brexit, Groussbritannien, Handelsofkommes, House of Commons
Next post Previous post