Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Wäerteunterrecht, Congé Parental an Steierreform: DP weist sech zefridden
International Stories

Wäerteunterrecht, Congé Parental an Steierreform: DP weist sech zefridden

Déi parlamentaresch Sessioun 2016/17 geet op en Enn an et

Tacheles: Filtere si feelerufälleg an entscheede falsch
International Stories

Tacheles: Filtere si feelerufälleg an entscheede falsch

D’Julia Reda, Member vum Europäeschem Parlament, huet e Puer Fäll

Wäilies op der Musel: Vinsmoselle mat neiem Rekord
International Stories

Wäilies op der Musel: Vinsmoselle mat neiem Rekord

Wéi de Landwirtschaftsminister sech leschten Dënschdeg op d‘Musel beginn huet,

Houston bereet sech op seng zweet Nuecht „ënner Waasser“ vir

Houston bereet sech op seng zweet Nuecht „ënner Waasser“ vir

Houston, déi gréisste Stad vum Texas, huet sech um Sonndegowend virbereet seng zweet Nuecht ënnert fierchterlechen Nidderschléi ze verbréngen. Den Orkan Harvey huet d’Stad mat sengen Iwwerschwemmungen isoléiert. Um Terrain sinn dausende Sauveteuren, Pompjeeën, Polizisten, Zaldote vun der Garde Nationale, d‘Küstewaach an einfach Fräiwëlleger. Alles Mënschen, déi sech de ganzen Dag iwwer agesat hu fir Leit virun de steigende Fluten ze retten.

Leit waarden an engem Kipper evakuéiert ze ginn. Den Dag nom Orkan Harvey huet mam heftege Reen iwwerall fir Iwwerschwemmunge gesuergt (© Brendan Smialowski/AFP)

Den Jeremiah a säi Fils vu sechs Joer, den Jeremiah Junior, hate vill Gléck. Si haten Zäit fir op den éischte Stack vun hirem Haus zu Houston ze kloteren a konnten sech duerch d‘Fënster schläichen iert se u Bord vun engem Helikopter endlech a Sécherheet waren.

„Mir danke Gott“, sot de Papp engem Journaliste vun der Televisiounschaîne ABC. De Mann a säi klenge Bouf hate just hire Short an en T-Shirt fir sech virum Reen ze schützen. E Reen wéi een en nach net zu Houston kannt huet an deen net opzehale schéngt.

Mat den einfachste Moyenen

Heiansdo sinn d‘Rettungsmoossnamen eppes méi „spartanesch“. Polizisten aus dem Quartier „South-Central“ hunn eng Mënschekette gebilt fir e Mann ze retten, deen sech an engem Bam festgehalen hat. E Moment deen um Twitter-Account vun der Police vu Houston veréiwegt ginn ass.

Den Donald Trump, dee versprach hat ofzewaarde fir d‘Rettungsdéngschter net ze behënneren, gëtt fir en Dënschdeg erwaart.

Laut dem nationale Wiederdéngscht (NWS) sollt allerdéngs och en Dënschdeg Houston enorm Reen ofkréien. Mat weidere katastrophalen Iwwerschwemmunge muss laut der NWS gerechent ginn. Den Harvey, deen elo nach „just“ als tropesche Stuerm agestuuft ass, wëll net weider zéien.

All d‘Meteo-Servicer si sech eens. Esou e Nidderschlag huet et nach net ginn. D‘Konsequenze kéint een ënnert dësen Ëmstänn guer net ofschätzen, se géifen awer alles iwwertreffe, wat een zum haidegen Dag erlieft hätt.

Sécherheetsmoossname fir de Besuch vum President

De President kann hei mat eegenen Aen „déi total Zerstéierung“ gesinn a feststellen „datt mir vill Zäit wäerte brauche fir alles nees opzebauen“, esou de Greg Abott, Gouverneur vum Texas op MSNBC. „Et gëtt net einfach fir hien“, esou de Gouverneur deen awer verséchert, datt d‘Visitte vum Donald Trump an engem geschützte Beräich stattfanne wäert, wou de Stuerm sech geluecht hätt.

De Stuerm huet bis ewell schonn dräi Mënscheliewe kascht, woubäi et nach ganz vill Géigende gëtt, déi net erreechbar sinn. Laut dem Gouverneur, wier et dann och nach vill ze fréi fir e mënschleche Bilan ofzeginn. Wat de Materialschued ugeet, esou wier et „schlëmm an géif och nach schlëmmer kommen“ sot den Abbott op Fox an ënnersträicht, dat de schued.

De Buergermeeschter vu Houston, Sylvester Turner huet um Sonndeg en Appell un d‘Awunner geriicht: „Och wann et haut ausgesäit wéi wann et sech berouegt hätt, mengt net datt et schonn eriwwer wier“. Hien huet dann och all Mënsch opgeruff doheem ze bleiwen.

Iwwerschwemmungen esou wäit ee kucke kann

„Et ass verréckt all déi Stroossen ënner Waasser ze gesinn, op deenen e gewinnt ass all Dag ze fueren“, esou den John Travis, Awunner vun Houston. „Mat all deenen Iwwerschwemmunge kann een néierens hi goen“, verréit d‘Brit Berger.

Port Aransas op der texanescher Küst war ganz schwéier vum Orkan getraff ginn. D‘Schied sinn immens, a gefaart gëtt elo d‘Waasser, dat aus Richtung Houston op d‘Küst zouleeft. (© Mark Ralston/AFP)

An et ass nach laang net eriwwer fir d‘Géigend vun der Metropole vun der Pëtrolsindustrie, véiert gréisste Stad vun den USA. Laut dem leschte Bulletin vum nationalen Zenter fir Orkaner (NHC) sollen d‘Nidderschléi nach tëscht 38 an 63 Zentimeter Reen bis en Donneschdeg mat sech bréngen. Am ganze wieren da plazeweis bis zu 127 Zentimeter Reen gefall.

Zur gläicher Zäit op der texanescher Küst, déi vum stäerksten Orkan zanter 1961 getraff ginn ass, muss de Bilan gezu ginn. „Ech war do bliwwen, während der ganzer Zäit, wou den Orkan seng Kraaft entfaalt huet (…) ech hunn d‘Zerstéierung gesinn, d‘Diech vun den Haiser fortfléien, d‘Beem déi ausgerappt goufen. Et ass schrecklech“, erzielt den John Moraida, Awunner vu Victoria am Südweste vu Houston.

Ouni déi Leit vu Houston matzezielen, sinn bis haut 316.000 Awunner ouni Stroum. Mee och un der Küst kann nach net vun Entwarnung riets sinn. Hei muss domadder gerechent, ginn d‘Waasser vun den Iwwerschwemmung zu a ronderëm Houston, sech Richtung Mier wäerte beweegen.

56.000 Noutriff

Pompjeeën, Küstewaach, 3.000 Mann vun der Garde Nationale, 20 Helikopter: alles wat konnt mobiliséiert ginn, gouf mobiliséiert. 1.500 Sauvetage konnten duerchgefouert ginn. Déi zwee grouss Fluchhäfe vun Houston hu missen zoumaachen, déi grouss Stroossen stoungen all ënner Waasser. Och zwee Spidäler hu missen evakuéiert ginn, dorënner de Ben Taub Hospital.

Virun enger Pëtrolsplattform, e Boot dat ënnergaangen ass. Hei zu Port Aransas, hat den Orkan Harvey Wandspëtzte vun 215 Km/H erreecht. (© Mark Ralston/AFP)

De Noutruff (911) vun Houston huet 56.000 Appeller a 15 Stonne kritt. Dat entsprécht dem siwefache vun engem „normalen“ Dag. De Buergermeeschter huet dann och nach mussen seng Entscheedung, Houston net ze evakuéieren, rechtfäerdegen. „Dir kënnt net 2,3 Millioune Mënschen op d‘Strooss bréngen, ënnert dësen Ëmstänn ass et vill ze geféierlech“, verséchert de Sylvester Turner.

Net eleng gelooss

De Barack Obama huet an engem Tweet u seng 94 Milliounen abonnéiert, de Rettungsdéngschter an allen déi gehollef hunn an nach hëllefen, Merci gesot. Hien awer virun allen opgeruff un d‘Rout-Kräiz ze spenden.

Hëllef a Verstäerkung ass dann och aus villen US-Staate komm. Mat derbäi d‘Louisiane, déi 2005 vum Orkan Katrina schwéier getraff gi war. Hei gëtt sech un déi 1.800 Affer erënnert an un d‘Zerstéierung vun ganze Quartieren zu New Orleans. Eng verständlech Hëllef, wann e bedenkt datt wien esou eng Katastroph erlieft huet, net wëll datt engem aneren esou eppes kéint geschéien.

mam Brendan Smialowski an dem Elodie Mazein zu Washington/AFP

Foto: Den Theater-Distrikt vun Houston steet ganz ënner Waaser (© Thomas B.Shea/AFP)

Ähnlech Sujeten Harvey, Houston, Orkan, Texas, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel