Search

You may also like

Brasilien: Ex-President Lula op fräiem Fouss awer net begnodegt
International Neiegkeeten

Brasilien: Ex-President Lula op fräiem Fouss awer net begnodegt

„Ech kommen aus dëser Saach méi grouss, méi staark, méi

Manner Doudeger op eise Stroossen (mat ofschléissendem Kommentar)
International Neiegkeeten

Manner Doudeger op eise Stroossen (mat ofschléissendem Kommentar)

Zu Stockholm fänkt haut d‘Konferenz „Global Network for Road Safety

D‘Revendicatioune vum SNPGL
International Neiegkeeten

D‘Revendicatioune vum SNPGL

No der rezenter Ëmsetzung vun zwee Arrêten vum Verwaltungsgeriicht vum

Keen Huawei 5G-Netzwierk fir Groussbritannien

Déi brittesch Regierung huet de chinesesche Konzern Huawei als Fournisseur beim Opbau vum Reseau ausgeschloss

Keen Huawei 5G-Netzwierk fir Groussbritannien

Wéi de brittesche Medieminister Oliver Dowden et gëschter ëffentlech gemaach huet, soll de Kaf vun Huawei-Komponente fir Provider a Groussbritannien ab Joresenn verbuede ginn. Dat Material wat scho verbaut ginn ass, muss bis 2027 nees demontéiert ginn. Dat huet Folgen: den Ausbau vum 5G-Reseau wäert sech verzögeren.

Ugangs Joer hat de Boris Johnson eng Bedeelegung vun Huawei beim Ausbau vum 5G-Reseau nach partiell erlaabt, mee och déi politesch Gesamtsituatioun huet sech an der tëscht zolidd verännert. Esou huet Washington Sanktioune géint de chineseschen „Tech-Gigant“ verhaangen an üübt mächteg Drock op seng Partner aus, Huawei net um Ausbau vum 5G-Reseau ze bedeelegen.

Nieft de Sécherheetsbedenken, déi wuel berechtegt sinn, dierft dëse Schratt awer e ganz aneren Hannergrond hunn. Groussbritannien ass ab dem 31. Dezember Mëtternuecht net méi Member vun der europäescher Unioun, a London wëll méiglechst virum endgültegen Austrëtt, nach ee lukratiivt Handelsofkommes mat den USA hikréien, an do kann ee keng Diskussioun ëm Huawei gebrauchen.

Wann d‘Britten, wéi si sech fir den Austrëtt aus der Unioun entscheet haten, duerchaus och un eppes méi Handel mat China nogeduecht hunn, esou huet sech déi politesch Situatioun mëttlerweil staark verännert. Groussbritannien ass schliisslech och an den Dissens ronderëm d‘Sécherheetsgesetz fir Hong Kong agebonnen. Si haten 1997 den Accord mat Peking verhandelt, deen elo net agehale gëtt.

An der europäescher Unioun, wou een zwar generell och éischter veriergert ass, iwwert d‘Aart a Weis wéi Peking mat der Kausa Hong Kong ëmgeet, konnten sech d‘Ausseminister um Méindeg wéi gewinnt net op enge gemeinsam Linn eenegen an hei gëtt och net driwwer nogeduecht, Huawei beim Ausbau vum 5G-Reseau auszeschléissen. Dat ass och guer net esou einfach wéi ee mengt.

Hei muss ee wëssen, datt déi véiert Mobilfunknetz-Generatioun 4G an déi zukünfteg, also de 5G, technesch openaner opbauen, kann déi bestoend LTE-Technik ouni gréisseren Opwand op 5G opgerëscht ginn. Mat anere Wierder, mat der Decisioun Huawei vum 5G-Aubau auszeschléissen, dierften d‘Käschte fir den Ausbau a Groussbritannien reegelrecht duerch de Plafong goen.

Wann d‘Bedreiwer net dierfen op chinesesch Komponenten zougräifen, musse folgerichteg och déi 4G-Anlage vun Huawei am Kontext vun der Ëmrëschtung ofgebaut ginn. Datt déi nach ëmmer voll funktiounsfäeg sinn, spillt keng Roll. Australien, Japan, Neiséiland a Singapur haten Huawei 2018 als Ausrëschter ausgeschloss, Kanada iwwerleet nach an an der EU mécht jidderee wéi e wëll…

mat indymedia/lon

Illustratioun: © Cody Fitzgerald / unsplash

Related topics Groussbritannien, Huawei, Mobilfunknetz 5G, Sécherheet, Spionage
Next post Previous post