Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fleegeversécherung: Den ADR wéist gäre wéi eescht et dem Minister ass?
International Neiegkeeten

Fleegeversécherung: Den ADR wéist gäre wéi eescht et dem Minister ass?

Bei der Fleegeversécherung läit nach ëmmer d‘Krom an der Heck,

Jonkt Liewen: Een Owend fir Erënnerungen an Opbréch
International Neiegkeeten

Jonkt Liewen: Een Owend fir Erënnerungen an Opbréch

Wéi loossen sech Kandheets- an Erwuessenenerënnerungen literaresch erfaassen? A wéi

D‘EU beschäftegt sech mat de Budgeten nom Brexit
International Neiegkeeten

D‘EU beschäftegt sech mat de Budgeten nom Brexit

Um Méindeg huet d‘EU-Kommissioun den Debat zu de Budgeten nom

Chineseschen Technologiekonzern verklot US-Regierung

Chineseschen Technologiekonzern verklot US-Regierung

Huawei-Produite wieren e „Sécherheetsrisiko“, esou d‘US-Regierung, an aus dësem Grond dierfen Administratioune keng Ausrëschtung vum Konzern kafen. Dogéint wiert sech Huawei, an geet viru Geriicht.

Mat senger Klo, erwiert sech Huawei net eleng enger „Handelsbarrière“, mee geet an éischter Linn och géint de Virworf vun der Spionage vir. De CEO vun Huawei, Guo Ping, huet gëschter um Sëtz vum Konzern zu Shenzhen (China) matgedeelt: „Mir gi géint e Verbuet vir, dat Administratiounen an den USA de Kaf an den Asaz vun Huawei-Technologie an -Déngschtleeschtunge verbitt“.

Hie gëtt ze bedenken, datt dat entspriechend Gesetz, dat den US-President 2018 wéinst Bedenke bei der „Sécherheet“ ënnerschriwwen huet, net nëmmen am Widdersproch zu geltendem Recht ass, mee virun allem dozou bäidréit, datt sech Huawei net fair um Maart bedeelege kann. Zudeem hätt den US-Kongress keng Beweiser virgeluecht, déi esou eng Moossnam géife rechtfäerdegen.

Aus dësem Grond wier dann och Huawei genéidegt, juristesch géint dem Donald Trump säi Gesetz virzegoen. En entspriechend Klo ass beim US-Bezierksgeriicht zu Plano (Texas) agereecht ginn. Hei sollen d‘Affekote vun Huawei géint den Ofschnëtt 899 vum „National Defense Authorization Act“ (NDAA). Fir de Jurist vun Huawei, Song Liuoing, berout d‘Gesetz op falschen Tatsaachen.

Huawei ass eegestänneg

Veriergert ass de Jurist iwwert déi onhaltbar Ënnerstellungen, datt Huawei e staatlech dirigéierte Konzern wier. „Huawei ass weder ënnert de Kontroll nach dem Afloss vun der chinesescher Regierung“, esou de Song Liuoing, dee bestätegt, datt et net nëmmen ënnersot ass, Technologie ze kafen, et dierfen och keng Geschäfter mat Entreprise gemaach ginn, déi des Technologie benotzen.

Dat wier verfassungswiddereg, heescht et säitens Huawei. De Guo Ping huet nach aner Suergen, wa vun US-Administratioune rieds ass. Esou hätten US-Beamten Huawei-Server piratéiert, Daten a Quellcode geklaut. An natierlech hunn se dat gemaach, well jo de Virworf vun der Spionage am Raum steet, an den Amerikaner d‘Gewunnecht huet de „Saachen op de Fong ze goe“…

Wat elo de Prozess selwer ubelaangt, esou muss ee fir ee bessere Versteesdemech feststellen, datt et hei éischter e symbolesche Virgank ass. D‘Chance als „Gewënner“ aus dësem Prozess ervirzegoen ass schlicht net ginn. Woubäi et fir Huawei imminent wichteg ass, en ëffentlecht Zeechen ze setzen, a Widderstand ze demonstréieren. Et geet schliisslech och ëm d‘Vertrauen um Weltmaart.

Sécherheetsbedenken och an Europa?

Am Kontext „Huawei“ muss nach drop higewise ginn, datt de chinesesche Konzern „eng Muecht“ ass. Et ass mat Ofstand ee vun de Leader am Telekommunikatiounssecteur, besonnesch am Hibléck op de G5-Reseau. E Maart deen och US-Konzerner interesséiert, an esou verwonnert et net, datt d‘USA d‘Kaart vun der „Cyber-Sécherheet“ ausspillen, fir engem lästege Konkurrent lasszeginn.

Folgerichteg huet Washington „seng Partner“ entspriechend ënner Drock gesat – an iwwerzeegt kritt – de chineseschen Technologiekonzern als eng „substantiell Gefor“ ze betruechten. Vill EU-Memberlänner droen dem „Uerder“ aus Washington Rechnung, a verbidden Huawei d‘Bedeelegung un den Ausschreiwunge fir den zukünftege G5-Reseau. Och dat gehéiert zum Handelskrich

mat indymedia/nyc/lon/bru

Foto: © FN

Ähnlech Sujeten G5-Resesau, Huawei, NDAA, Spionage, Telekommunikatioun, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel