Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Big Mouth weist, wéi rëffeg Pubertéit ka sinn – an ass grad dowéinst erfrëschend
Fail International job dating pret a porter speed dating suffolk

dating a girl two hours away

Einfach nëmme krass si geet am Beräich vun der Animatioun

US-Mënscherechtsorganisatioune ruffen zum Boykott vu Facebook op
Fail International job dating pret a porter speed dating suffolk

US-Mënscherechtsorganisatioune ruffen zum Boykott vu Facebook op

En Dënschdeg huet sech Facebook, dat weltwäit gréisste sozial Netzwierk,

Déng Zukunft – Däi Wee!
Fail International job dating pret a porter speed dating suffolk

Déng Zukunft – Däi Wee!

e Mëttwoch 20. Februar vun 9.30 bis 17.00 Auer Kulturzentrum

dislikemoney

Huet Europa dem Boergeld de Krich erkläert?

Am Kampf géint den Terrorismus kéinte nei Limitte kommen

Huet Europa dem Boergeld de Krich erkläert?

Dat ass op mannst dat, wat een op ville Plazen am Netz liest. Mëttlerweil huet den Deputéierten Laurent Mosar (CSV) eng parlamentaresch Fro zu dem Thema agereecht. Esou soll elo och a Bulgarien eng Limitt vu Bezuelungen mat Boergeld bis 2.500€ gëllen.

Ab 2020 sollen et der souguer nëmmen nach 500€ sinn, sou wéi dat laut dem Laurent Mosar a Griicheland de Fall soll sinn (U.v.d.R.: Trotz Recherche konnte mir heifir keng seriö Quell fannen. All eis Recherchen erginn, datt eng Limitt vun 1.500€ besteet). Mee wat stécht dohannert?

Bulgarien ass keen Eenzelfall

Laut dem Portal Europe-Consommateurs stëmmt et, datt een a Bulgarien nëmmen bis zu 5112€ ka Boer bezuelen. Doriwwer eraus soll een iwwert Bankiwwerweiseunge fueren. Och an anere Länner vun der EU ginn et ähnlech Begrenzungen. 3.000€ sinn d’Limitt fir d‘Fransousen (woubäi Auslänner bis zu 15.000€ mat Boergeld a Frankräich bezuelen däerfen) an an der Belge sinn et zënter 2014 och 3.000€ (mat Ausnahmen, zb. beim Kaf vun Immobilien, wou 10% Bor bezuelt kënne ginn, mat engem Maximum vun 5.000€).

Lëtzebuerg nëmmen deels begrenzt

An anere Länner ginn et déi Begrenzunge net. Beispillsweis an Eisterräich, Däitschland a Malta. Zu Lëtzebuerg gëtt et esou eng Limitte an engem gewëssene Sënn och: Ab 15.000€ kënnen Boerzuelunge just nach ënnert der Erfëllung vun dräi Kritèren gemaach ginn:

  • De Klient muss identifizéiert ginn
  • Eng ugemoossen intern Organisatioun muss present sinn (Matabegraff: Sensibiliséierungstraining fir Mataarbechter zu den Themen Geldwäsch an Terrorismusbekämpfung souwéi eng direkt Zesummenaarbecht mat de Agence zur Terrorismusbekämpfung)
  • Zesummenaarbecht mat der lëtzebuerger Agence géint d’Geldwäsch

Begrënnung: Kampf géint Terrorismus, Schwaarzmaart a Geldwäsch

Hei ass dann och d’Begrënnung fir des Limitten ze fannen: Et gëllt ënnert aneren den Terrorismus ze bekämpfen. Esou liest een an de Schlussfolgerungen vum Europäeschem Rot zur Bekämpfung vum Terrorismus vum 12. Februar 2016 Folgendes: „Maßnahmen gegen illegale Bewegungen von Barmitteln“. Wann een sech dann d‘Veruerdnung selwer ukuckt, steet do kloer dran, datt Mesurë géint den Terrorismus an dem illegalem Marché solle geholl ginn.

Onbeléift Mesurë, mee eng europawäit Reegelung steet aus

Allerdéngs gëtt an deem Fall manner konkret vun enger EU-wäiter Regelung geschwat. Bis elo hunn d‘Memberstate selbststänneg esou Limitten bestëmmt, wuel mat der Motivatioun a Verweis op d‘Veruerdnungen aus Bréissel. Eng Uewergrenz fir Boergeldzuelungen, déi EU-wäit gëlle soll, gëtt allerdéngs gepréift. Am Mee gouf dozou souguer eng Online-Ëmfro gemaach.

Resultat: Zum engen gi bestoend Restriktiounen vun 27% vun deenen, déi eng Äntwert ginn hunn, als ze staark bezeechent. Zum aneren hunn 94% uginn, datt se sou Restriktiounen insgesamt ofgelehnt ginn. Zu Lëtzebuerg leene bal 89% esou eng Restriktioun of. 86% vun alle Befrote ginn un, datt d‘anonymt Bezuele mat Boergeld zu den essentielle perséinleche Fräiheete gehéiert.

Am Joer 2018 soll et eng Ofschätzung vun de Folge ginn a genauer Suggestiounen op den Dësch kommen.

Ähnlech Sujeten Boergeld, EU, Europa, Laurent Mosar, Lëtzebuerg, Terrorismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel