Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

TDF: E Sprint ouni Tëschefall
International Neiegkeeten dating app where you swipe up

trimester dating

Knapp gewonnen ass och gewonnen. De Marcel Kittel (Quick-Step) gewënnt

Cabaret zu Steesel: Et geet ëm de Fric
International Neiegkeeten dating app where you swipe up

Cabaret zu Steesel: Et geet ëm de Fric

Wann een d‘Hannergrënn vun deene groussen an och deene méi

dislike
D’Nuklearofkommes mam Iran a Gefor
International Neiegkeeten dating app where you swipe up

D’Nuklearofkommes mam Iran a Gefor

E ballistesche Rakéitentest vum Iran setzt den internationalen Accord zur

Huet sech de Sultan verrechent?

Den tierkesche President wëll de Flüchtlinge lassginn, mee ganz esou einfach ass dat dann awer net

Huet sech de Sultan verrechent?

Laut dem politesche Wëlle sollte bis zu 250.000 Syrer nees Istanbul verloossen. Eng Moossnam déi mat där de Regimm d‘Bierger nees wollt „zefriddestellen“, mee net liicht ëmzesetzen ass. Generell wëll Ankara d‘Flüchtlingen ouni Openthaltserlaabnes nees an déi Dierfer zréckschécken, wou si bei hirer Arees registréiert goufen.

Gleeft een den Aussoe vum tierkeschen Inneminister, da si mëttlerweil eng 60.000 Syrer aus der Metropol Istanbul fortbruecht ginn. Aus dem Büro vum Gouverneur vun Istanbul heesch et dogéint, datt bis virun zwou Wochen, 6.000 syresch Flüchtlinge „zréckgefouert“ gi wieren. Et gëtt also och Regimm-Intern eng gewëssen Diskrepanz wat den Ëmgang mat Zuele betrëfft.

Woubäi d‘Autoritéite schwéier motivéiert sinn. Mat Razzien a Stroossekontrolle versicht d‘Police d‘Syrer ze identifizéieren a fir déi Betraffen ass et eng komplizéiert Situatioun. Si sinn op Istanbul komm, well et hei méi einfach ass eng Schaff an eng Wunneng ze fannen. Wie vun der Police opgegraff gëtt, muss dat wat e sech opgebaut huet dann nees opginn. Meeschtens op der Plaz.

Dat war emol besser

Bedenklech un dëser Situatioun ass d‘Feststellung, datt déi tierkesch Bevëlkerung am grousse Ganzen déi syresch Flüchtlinge gutt opgeholl haten. Et gouf esou eppes wéi Versteesdemech. Zanter et an der Tierkei awer wirtschaftlech éischter „schlecht“ ausgesäit, ass d‘Stëmmung gekippt. A besonnesch déi jonk Tierke fanne keng Aarbecht méi. An dorunner soll de Syrer elo Schold sinn.

SultanAn der Tierkei – wéi och an Europa – geet et net drëms politesch Verantwortung ze iwwerhuelen, mee e Schëllegen auszemaachen, deem déi eege „Managementsfeeler“ iwwerdroe kënne ginn. Gëtt et net genuch Aarbechtsplazen a Wunnengen, dann ass dat dem Auslänner seng Schold, well dësen déi Plaze géif beleeën. Och d‘Ligen datt d‘Syrer méi gehollef kréien, suergt fir schlecht Blutt.

Mat der „Ausweisung“ vun de Syrer aus Istanbul geet et der AKP an dem Recep Tayyip Erdogan an éischter Linn drëms „Stäerkt“ ze demonstréieren an d‘Bierger nees zréckzegewannen. Déi verluere Buergermeeschterwahl huet een nach net wierklech verdaut an och d‘Invasioun vu Syrien leeft net ganz esou wéi sech de Sultan dat eigentlech erhofft hat. Elo heescht et endlech Erfolleger virweisen.

Kollateralschied net ausgeschloss

Bei de Razzien an de Kontrolle falen den Autoritéiten net nëmme Syrer an d‘Gräpp. Och Migranten oder Flüchtlingen aus anere Länner ginn esou entdeckt. Virun allem Afghane géifen opgegraff, esou d‘Police zu Istanbul. Et heescht datt déi an hir Heemechtslänner sollen zréckgefouert ginn. Mee och Syrer ginn zréck an hir Heemecht „geschéckt“, dobäi soll och Zwang ugewannt gi sinn.

Erwisen ass d‘Zwangsréckféierung vun e puer honnert Syrer am August, wéi och de Wonsch vu ville Flüchtlingen nees an hir Heemecht zréck ze goen. Vill Syrer fannen sech an der Tierkei net erëm, d‘Liewen ass deier an et vermësst een d‘Famill. Dat erlaabt d‘Ausso, datt déi meescht vun den 350.000 Syrer déi zréck bruecht goufen, dat dann och fräiwëlleg gemaach hunn.

Den Europäer dreet de Sultan awer mat der Ëffnung vun de Grenzen iwwert déi d‘Flüchtlingen no Europa gelaange kënnen. (Och d‘IS-Kämpfer a Syrien sollen d‘Europäer zréckhuelen). Elo kann ee sech froen, op den tierkesche President mat de Flüchtlinge „Politik bedreiwe wëll“ a wa jo wéi eng? Et geet jo nieft vill Geld a Muecht, och ëm d‘Stabilitéit vun der Regioun an d‘Kurden a Syrien.

Wie ka wëll bleiwen

Wéi 2011 de Krich sech iwwer Syrien néiergeluecht huet, war de Recep Tayyip Erdogan dovunner ausgaangen, datt de Regime vum Baschar al-Assad séier géif gestierzt ginn. Dat hat sengerzäit Ankara ermontert d‘Grenze fir syresch Krichsflüchtlingen opzemaachen an d‘Rebellen, déi den al-Assad stierze wëllen entspriechend ze ënnerstëtzen. Dat huet de Vladimir Putin du verhënnert…

SultanEt war wéi et ëmmer ass – an d‘Geschichtsbicher si voller Beispiller – d‘Diktatoren dreeme vum kuerze Krich an enger séierer Victoire, déi et net gëtt, well sech och anerer bedeelegen a seelen déi Virstellunge vun der géignerescher Säit deelen. Déi Flüchtlingen, déi een aus politeschem Kalkül opgeholl an vun deenen ee sech e kuerzen Openthalt erwaart huet, sinn elo do a wëllen och bleiwen.

Vill vun de syresche Flüchtlingen, déi länger wéi fënnef Joer an der Tierkei sinn, wëllen eigentlech net méi zréck. Si hu sech en neit Liewen opgebaut a si frou e friddlechen Alldag hiert eegen nennen ze kënnen. Datt et de Syrer gutt geet, während et den Tierken am eegene Land schlecht geet, esou zumindest d‘Siicht vun Ankara, kann esou net weidergoen, firwat d‘Flüchtlingen nees heem sollen.

mat indymedia/tlv

Foto: Ben Kerckx / Pixabay

Ähnlech Sujeten Ankara, Flüchtlingen, Recep Tayyip Erdogan, Sultan, Syrien, Tierkei, Zwangsausweisung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel