Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
De fréieren EU-Kommissiounspresident Barroso steet ënner Lobbyismus-Verdacht
Neiegkeeten

tagline for dating profile

Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker gesäit kee Konflikt bei enger Entrevue

lee bo young lee sang yoon dating
Neiegkeeten

Am Oktober sollt een drun denken d‘Wanterpneuen opzeleeën

A knapp enger Woch gëtt d‘Auer nees ëmgestallt, d‘Deeg si

surprise
Iwwerfall op d‘Bijouterie Philippe II: De Fall ass geléist!
Neiegkeeten

Iwwerfall op d‘Bijouterie Philippe II: De Fall ass geléist!

D‘véier Brigangen déi um Dënschdeg an der Stad eng Bijouterie

Huet Trump de Russe geheim Informatioune weiderginn?

Huet Trump de Russe geheim Informatioune weiderginn?

Den amerikanesche President Donald Trump ass wëll nees an de Bredouille, nodeems hie beschëllegt gëtt dem Chef vun der russescher Diplomatie geheim Informatioune verroden ze hunn. D’Wäisst Haus soll versicht hunn, d’Feier ze erstécken an huet besonnesch ausschwäifend reagéiert.

Laut der Washington Post, hätt den Trump am Kader vun enger Entrevue am Oval Office mam Sergueï Lavrov, Informatioune betreffend eng lafend Operatioun vum Grupp „Islamesche Staat“ erwäänt. Dës Informatioune wiere vun engem „Partner“ un d’USA weidergeleet ginn, deen awer Washington net d’Erlaabnes ginn hätt dës mat Moskau ze deelen.

Wann den Donald Trump domadder awer elo net wierklech ee Gesetz gebrach huet, wëll hien de Pouvoir huet fir Informatiounen ze entklassifizéieren, esou ka seng Initiative den Echange vun Informatioune mat sengen Alliéierten a Gefor bréngen. D’Präisgi vun esou Informatioune bréngt och mat sech, datt dorënner Hiweiser enthale sinn déi Opschléiss betreffend der Aart a Weis wéi se opfonnt gi sinn a kéint och zum Problem fir d’Informatiounsquell ginn.

De Generol H.R. McMaster, deen de nationale Sécherheets Conseil dirigéiert a bei der Entrevue derbäi war seet awer: „D’Geschicht esou wéi se duergestallt gëtt ass falsch“. Laut dem Generol hunn den Trump an de Lavrov zesumme gekuckt „wéi eng Bedreeunge vun terroristeschen Organisatioune béid Länner concernéieren“, dorënner och därer déi d’zivil Aviatioun uginn. „Zu kengem Moment goufen d’Methoden oder d’Quellen erwäänt“, huet de McMaster betount, ouni allerdéngs explizit ze bestreiden, datt geheim Informatioune vum President sollten erausgi sinn.

No dëser ganz kuerzer Deklaratioun baussent dem Westfligel vum Wäissen Haus huet sech de Patron vum nationale Sécherheets Conseil duerch d’Bascht gemaach ouni de Journaliste Ried an Äntwert ze stoen.

Ganz gutt informéiert

De Greg Miller, ee vun de Journaliste vum Washington Post (mam Greg Jaffe) huet op CNN säin Artikel verteidegt an zum Ausdrock bruecht, datt se am Wäissen Haus „mat de Wieder spillen“ an de Froen zu de Fakten auswäichen.

Dës Revelatioune kommen zu engem sichtlech ongënschtegen Zäitpunkt, wëll nach ëmmer riets ass vum Rôle dee Moskau während der Presidentschaftscampagne soll gespillt hunn. Dat am besonneschen no der iwwerraschender Entloossung vum FBI-Direkter James Comey, deem seng Equippen iwwert eng méiglech Kollusioun tëscht dem Trump a Russland enquêtéieren.

De Zäitpunkt ass och dowéinst schlecht getraff, wëll den Trump kuerz viru senger éischter Auslandsrees steet, wou hien a Saudi-Arabien, Israel, dem Vatikan, dem NATO-Sommet zu Bréissel an dem G7-Sommet a Sizilien erwaart gëtt.

Engem amerikanesche Responsabelen no, dee vun der Washington Post genannt gëtt, hätten déi geheim Informatiounen ee vun den héchsten Astufungen déi d’Geheimdéngschter kënne festleeën. Den amerikanesche President „huet méi Informatiounen un den russeschen Ambassadeur weiderginn, wéi mir der mat eisen Alliéierten deelen“, huet dee Responsabelen ënnert der Deckung vun Anonymat matgedeelt.

Déi selwecht Persoun wëll dann och wëssen, datt den Donald Trump sech sollt gebretzt hunn, Accès zu ganz prezisen Informatioune bezüglech de Bedreeungen ze hunn. „Ech hunn exzellent Informatioune. Ech hu Leit déi mir all Dag exzellent Informatioune ginn“, esou dee Responsabel dee vum Washington Post zitéiert gëtt.

Der Dageszeitung no huet den Trump „ugefaangen d’Detailer vun enger Bedreeung vum IS ze beschreiwen déi och Informatiounen iwwert d’Benotzung vu Computer an Tablets am Fliger betreffen“. D’Zeitung preziséiert och, datt si entscheet huet, op déi ausdrécklech Ufro vun der concernéierter Administratioun, net méi Informatiounen ze publizéieren.

Beonrouegend

Wann dat stëmmt, ass et natierlech beonrouegend“, reagéiert den Senator John McCain op CNN. „Mier hunn natierlech keng Méiglechkeet ze wësse wat do (am Oval Office) geschwat ginn ass, mee d’Sécherung vun de Geheimnisser vun eiser Natioun si kruzial“ deklaréiert de Spriecher vum Paul Ryan, republikanesche President vum Representantenhaus. Den Doug Andres weider: „De Paul Ryan erhofft eng ausféierlech Erklärung säitens der Administratioun“.  De President schellt der Welt vun de Geheimdéngschter, den Amerikaner an dem Kongress eng detailléiert Erklärung“, ënnersträicht och den Chuck Schumer, Leader vun den Demokraten am Senat.

D’Entrevue tëscht dem Trump an dem Lavrov war am Virfeld als diplomatesche Coup betruecht ginn. Dat ee puer Méint nom festleeë vu Sanktioune géint Russland wéinst der Amëschung an d’amerikanesch Presidentschaftswahl vun 2016. D’Fotoen déi ee sichtlech zefriddenen Donald Trump gewisen hunn deen den Häre Lavrov a Kisliak d’Hänn dréckt, ware schnell vun der russescher Regierung verbreet ginn.

Via AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Russland, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel