Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

déi gréng: Jidderengem säin Daach iwwert dem Kapp
Kultur Neiegkeeten

déi gréng: Jidderengem säin Daach iwwert dem Kapp

En Donneschdeg hunn déi gréng am Kontext vun de Chamberwahle

Ab dësem Joer kann een sech online an d’Wielerlëschten androen
Kultur Neiegkeeten

Ab dësem Joer kann een sech online an d’Wielerlëschten androen

Dat huet den Dan Kersch (DP), Minister vum Ëffentlechen Déngscht an

Editorial: Alles am Kapp? Firwat Iddien am Moment am Mangel sinn.
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Alles am Kapp? Firwat Iddien am Moment am Mangel sinn.

Fir déi, déi et nach net woussten: E Wahlkampf ass e Wettsträit

HUMAN – De Film vum Yann Arthus-Bertrand am Kinosch

En Dënschdeg 16. Abrëll um 18.30 Auer, 116 Lëtzebuerger Strooss, Esch-Uelzecht (KuFa)

HUMAN – De Film vum Yann Arthus-Bertrand am Kinosch

Wat mécht eis mënschlech? Ass nëmmen eng vu ville Froen déi den Dokumentarfilmer Yann Arthus-Bertrand gedriwwen hunn, a fir déi hien 3 Joer opgewannt huet fir en eenzegaartegen Dokumentarfilm hierzestellen. Eng 2.000 Mënschen a 60 Länner huet hien opgesicht.

Zesumme mat engem team vun Iwwersetzer, Kameraleit a Journalisten, huet de Yann Arthus-Bertrand ganz perséinlech an emotional Aussoen agefaangen, déi eis all méi oder wéineger verbannen: de Kampf géint Aarmut, Krich an Homophobie, mee och d‘Léift an d‘Gléck.

„Weltmuechten, erméiglecht eis en anstännegt Liewe soss erhéngere mir! Et ass d‘Schold vun der Regierung an de Politiker datt mir keng Kleeder hunn, keng Plaz fir ze schlofen an näischt z‘iessen“, esou déi verzweiwelt Ausso vun enger Fra där hiren Alter sech net méi mat Sécherheet bestëmme léisst, där hir Roserei sech awer vun der Kamera beandrockend afänke léisst.

Wat këmmert et eis?

Et dierfte wuel net masseg vill Leit dëse Film hei zu Lëtzebuerg gesinn, déi sech zu den ugeschwate Persounegruppen zielen, mee si ass eng vun de ville Fraen a Männer déi de Yann Arthus-Bertrand fir seng Dokumentatioun ausgewielt huet. Vill ënnerschiddlech Personnagen, déi all vun hirer Liewenserfarung erzielen. Et gëtt d‘Kämpfer, an déi wou resignéiert hunn…

Interessant ass de Fait, datt den Dokumentarfilmer bewosst op Hiweiser zu Uert, Hierkonft oder Tätegkeet vun den Intervenante verzicht. D‘Iddi dohannert: weise wat mënschlech Schicksaler verbënnt. Dat geet eppes zu Laaschte vun der inhaltlecher Komplexitéit, well et dem Public net einfach gemaach gëtt déi ganz Zesummenhäng ze verstoen. Trotzdeem e wäertvolle Film.

Gewise gëtt de Film an englescher Sprooch, et huet eng Spillzäit vun 190 Minutten, an am Uschloss gëtt dem Public eng informell Diskussioun ugebueden. De Kinosch an der KuFa bitt den film an Zesummenaarbecht mat „Conscious an Cultural Student Association“ un. Den Entrée ass gratis mee d‘Plaze sinn – et ass e klenge Kino – begrenzt. Wie mat Zäite kënnt ass dann och am Virdeel.

Ähnlech Sujeten Conscious an Cultural Student Association, Dokumentarfilm, Human, Kinosch, Yann Arthus-Bertrand
Nächsten Artikel Virrechten Artikel