Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi gutt kenns du Ettelbréck?
International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Ettelbréck?

Iwwert Ettelbréck gëtt vill geschwat. Och am Kontext vun der

Galerie: Visite vun der Protex zu Lëntgen a de Pompjeeë vu Miersch
International Neiegkeeten

Galerie: Visite vun der Protex zu Lëntgen a de Pompjeeë vu Miersch

Um Donneschdeg Ware mir mam Inneminister Dan Kersch op Visite

20+2: Der Eisebunn hiert FLEX-Carsharing Netz wiisst
International Neiegkeeten

20+2: Der Eisebunn hiert FLEX-Carsharing Netz wiisst

D‘Netz vum CFL FLEX-Carsharing gëtt wieder ausgebaut. Mat zwou neie

Humanitär Hëllef vun der EU fir Beirut – 17 Tonne Material goufen ageflunn

Humanitär Hëllef vun der EU fir Beirut – 17 Tonne Material goufen ageflunn

Méi wéi 17 Tonnen humanitär Versuergungsmëttel, Medikamenter a medezineschem Material huet haut de Moien e Fliger op Beirut am Libanon bruecht. Esou soll no der uerger Explosioun an am Kontext vun der Pandemie der Bevëlkerung Accès op Versuergung a Fleeg erméiglecht ginn.

De Janez Lenarčič, zoustännege Kommissär fir d’Krisegestioun, erkläert: „D’Europäesch Unioun bitt de Libanesen weiderhin Nouthëllef. Dëse Fluch vun der Loftbréck verbessert d’Aféierung vu medezineschem Material fir esou de lokale Fleege- a Gesondheetssystem ze ënnerstëtzen, wärend de Persounen eng Hëllef gebuede gëtt, déi am meeschten dorop ugewise sinn.“

Beirut

@EU_Commission / Twitter

D’Käschte goufe komplett vun der Europäescher Kommissioun iwwerholl, wärend d’Material vun den humanitäre Partner vun der EU, der UNICEF an den Doktere vun der Welt zur Verfügung gestalt gi sinn.

Um vergaangene Samschdeg war och de Charles Michel, President vum Europäesche Rot op der Plaz, fir sech een eegent Bild zur Situatioun ze maachen.

Beirut

De Charles Michel, President vum Europäesche Rot besicht Beirut no der Explosioun © European Union

Nodeems et um 4. August 2020 zu enger schrecklecher Ammoniumnitrat-Explosioun komm ass, bei där d’Stad Beirut zerstéiert ginn ass an dausende Blesséiert, souwéi zuelräich Doudeger ze bekloe sinn, ass den Drock op de libanesesche Gesondheetssystem, deen duerch d’Gesondheetskris souwisou schonn komplett iwwerlaascht war, enorm geklommen.

Den Dag nom Virfall hunn 19 Länner spezialiséiert Fuerschungs- a Rettungsservicer op d’Plaz geschéckt. Medezinesch Ekippen an Experten an der Chimie, sou wéi aner Forme vun Hëllef duerch den ziville Schutzmechanismus vun der EU hu schnellstméiglech Ënnerstëtzung gebueden.

Opmaacherfoto © European Union

Ähnlech Sujeten Ammoniumnitrat, Beirut, Charles Mchel, Doktere vun der Welt, Europäesch Kommissioun, Explosioun, Gesondheetssystem, humanitär Hëllef, Libanon, Medikamenter, Unicef
Nächsten Artikel Virrechten Artikel