Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
D‘Scholdekris a Griicheland geet op en Enn
dating sites fairbanks ak

ask a girl to hook up over text

An der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg hunn

https://moien.lu/gay-dating-app-france/
dating sites fairbanks ak

dating and hiv

Et kléngt verréckt an dat ass et wahrscheinlech och: bis

Pipo Peng: Märeler Park
dating sites fairbanks ak

Pipo Peng: Märeler Park

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

Lëtzebuerg bedeelegt sech un der humanitärer Hëllef fir de Jemen

Lëtzebuerg bedeelegt sech un der humanitärer Hëllef fir de Jemen

Wéi den Ausseministère gëschter informéiert huet, bedeelegt sech Lëtzebuerg un der humanitärer Hëllef fir de Jemen. Dat virun allem als Äntwert op d‘Kris déi zanter Méint de Jemen am Grëff hält. Bei der internationaler Konferenz vun den Donateuren zu Genève, huet Lëtzebuerg sech engagéiert 1,75 Milliounen an dëse Projet ze investéieren.

Déi lëtzebuergesch Hëllef gëtt a Kollaboratioun mat den humanitäre Partner zu Lëtzebuerg op d‘Bee gestallt. Zu de Partner gehéieren de Welternährungsprogramm (WFP), den internationale Comité vum Roude Kräiz (CICR) an d‘ONG Handicap International Luxembourg (HIL). Et ass dann och fir d‘Éischt, datt Lëtzebuerg sech um gemeinsamen humanitäre Fong bedeelegt, dee vum Koordinatiounsbüro fir humanitär Ugeleeënheete vun der UNO (OCHA) geréiert gëtt.

Et gëtt gehollef wou et geet

An dësem Kontext dierf drun erënnert ginn, datt déi lëtzebuergesch Regierung och all Joers Geld an den zentrale Fong fir d‘Interventioun bei humanitären Urgence (CERF) abezilt. De CERF erlaabt et der UNO, déi benéidegt humanitär Hëllef schnellst méiglech de Leit, déi vun enger humanitärer Kris betraff sinn, zoukommen ze loossen.

Fir de Romain Schneider, Minister fir Kooperatioun an humanitär Aktioun, ass dat primäert Zil vun der Contributioun, den humanitäre Partner am Jemen eng wierksam a previsibel Finanzéierung ze garantéieren. Déi sollen dann och déi néideg Flexibilitéit behalen, déi noutwenneg ass fir den dréngendste Besoinen nozekommen.

Wat d‘Kris selwer ubelaangt, déi duerch de Konflikt an deem sech Saudiarabien an den Iran géinteniwwer stinn, entstanen ass, esou ginn d‘Experten net dovunner aus, datt se séier zu engem Enn ka kommen. De Konflikt huet 2015 ugefaangen a bis ewell iwwer 10.000 Affer gefuerdert. Saudiarabien ënnerstëtzt d‘Regierung am Kampf géint d‘Rebellen, déi hirersäits vun Teheran ënnert d‘Äerm gegraff kréien.

mam SIP

Foto: Den Ausseminister vum Jemen, Abdul Malek al-Mekhalfi, hat sech bei der Reunioun am UN-Büro zu Genève, eng Finanzhëllef an héicht vun 3 Milliarden US-Dollar erhofft. Geld mat deem der humanitärer Kris a sengem Land soll begéint ginn. © Fabrice Coffrini/AFP

Ähnlech Sujeten Abdul Malek al-Mekhalfi, humanitär Kris, Jemen, Romain Schneider, Saudiarabien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel