Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tilly Metz: De klengen a mëttlere Betriber am Bannemaart de Réck stäerken
International Neiegkeeten

Tilly Metz: De klengen a mëttlere Betriber am Bannemaart de Réck stäerken

En Dënschdeg huet d’Europäescht Parlament een ambitiéise Gesetzestext zur Kreatioun

Gutt bedéngt vum Buergermeeschter
International Neiegkeeten

Gutt bedéngt vum Buergermeeschter

Wéi all Joer, mécht d‘Schueberfouer och 2017 keng Ausnam an

Eng charakterlos Stad?
International Neiegkeeten

Eng charakterlos Stad?

D’Traditiounsgeschäft Kass-Jentgen mécht dëst Joer hir Dieren zou. An dësem

Jemen um Rand vum Ënnergang

D'international Communautéit reagéiert kaum

Jemen um Rand vum Ënnergang

Laut engem aktuelle Faktencheck vun der UNO, benéidege 70% vun de jemenitescher Bevëlkerung direkt Hëllef. Honger, Cholera an zwou Krichsparteien déi keng Rou ginn hunn d‘Land un de Rand vum Ënnergang gefouert.

Mattendran den Direkter vum UN-Entwécklungsprogramm, Auke Lootsma. Hien dierft dann och ee vun de verzweiweltste Mataarbechter vun der UNO iwwerhaapt sinn. D‘Hëllefsorganisatiounen dinn hiert bescht, mee Honger kann ee net ouni Iessen, Cholera net ouni Medezin bekämpfen.

Op mannst 27 Millioune Mënschen si vun dëser Katastroph betraff. Dorënner zwou Millioune Kanner a Bëbeeën déi akut ënnererniert sinn. Et feelt einfach un allem, ausser u Krich an Doud. De Jemen huet et dann elo och op déi éischt Plaz am Ranking vun den UN-Katastrophe bruecht.

D‘Hongersnout, déi gréisste Choleraepidemie vun der Welt an elo och nach Fäll vu Hirnhautentzündung. Dobäi keng Méiglechkeet ze hëllefen, obwuel d‘UNO zwee Fliger zur humanitärer Ënnerstëtzung huet. Déi maachen d‘Liaisoun mat Amman an Djibouti, kënnen awer net zu Sanaa landen, well et do kee Sprit gëtt fir nees fortzekommen.

Mat Vollgas an d‘Mauer

Iwwer Videokonferenz huet den Hollänner erkläert: „Mir hu Schwieregkeete vun de jemenitescher Regierung en Accord ze kréien, fir Fligerbensin op d‘Plaz ze bréngen, fir d‘Hëllefsflich ze erméiglechen“. Gefrot wourunner et géif leien, huet den Auke Lootsma gesot: „Dat ass eng gutt Fro. Ech hunn d‘Äntwert net“.

De Sprit muss no Sanaa vum Hafen Aden aus transportéiert ginn. Deen ass an den Hänn vun der Regierung déi vu Saudi-Arabien ënnerstëtzt gëtt. D‘Koalitioun ass och schonn an der Vergaangenheet beschëllegt ginn, den Transport vun humanitärer Hëllef ze blockéieren. Et schéngt dann och keen ze këmmeren, datt d‘Land esou mat Vollgas géint d‘Mauer rennt.

Och dat ass d‘Gesiicht vum Biergerkrich. E Kand mat enger Kalaschnikow bei den Houthi-Truppen an der Haaptstad Sanaa. Och esou kann ee méi Kämpfer géint déi Pro-Regierungstruppe rekrutéieren (© Mohammed Huwais/AFP)

An de Krich, deen elo scho gutt iwwer zwee Joer unhält, geet zudeem och nach un der Welt erlaanscht. Der Regierung, déi vun enger militärescher Koalitioun ënnert der Leedung vu Saudi-Arabien gestëtzt gëtt, sti schiitesch Houthi-Rebellen géinteniwwer. Déi hunn sech mat Eenheete vun der Arméi zesummegedoen, déi dem fréiere President Ali Abdallah Saleh trei bliwwe sinn.

Krich vun der Stellvertrieder

D‘Houthi gi beschëllegt mam Iran verbonnen ze sinn. Se halen awer och ee groussen Territoire an d‘Haaptstad Sanaa ënner hirer Kontroll. Déi sunnitesch regierungstrei Truppe kontrolléiere mat saudescher Ënnerstëtzung de Süde vum Land. Keng vun de Parteie kënnt awer virun an och d‘Experte ginn net dovunner aus, datt eng Säit ka gewannen.

D‘USA halen sech zwar medial eraus, mee deen tëscht Saudi-Arabien an Amerika ofgeschlosse Waffendeal ass net oniwwerluecht. Den Trump deen och seng Schwieregkeete mam Iran huet an zousätzlech senger Industrie Verträg besuergt huet, dierft déi humanitär Situatioun wéineg beréieren. Dorausser ergëtt sech, datt sech am Biergerkrich zwou Parteie géinteniwwer stinn, déi längst d‘Interesse vun anere verdeedegen, net awer déi eegen.

Am Jemen sinn nieft der UNO, Hëllefsorganisatioune wéi MSF (Dokteren ouni Grenzen), d‘Roud Kräiz a CARE aktiv. Och dës Organisatioune bestätege reegelméisseg d‘Situatioun esou wéi se hei beschriwwe gëtt. Vun de konservative Medie gëtt dëse Konflikt nëmme sporadesch ernimmt. D‘Zivilbevëlkerung vum Jemen, an hei besonnesch d‘Kanner, huet wéi et schéngt keng Lobby déi sech hirer Nout unzehuele weess.

mat AFP

Foto: E Jemenit dee sech méiglecherweis mat Cholera infizéiert huet gëtt zu Sanaa behandelt. Op den 31. Juli ware ronn 400.000 Cholerafäll registréiert an all Dag kommen 7.000 neier derbäi. Dausende Mënsche sinn dann och schonn un de Suite verstuerwen (© AFP)

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Iran, Jemen, Saudi-Arabien, UNO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel