Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Doud duerch Stierfhëllef: An Zukunft als natierlech Doudesursaach ugesinn
dating zoosk profile hi dating website

bsa rifle dating

No der Propositioun vum Vize-Premier a Gesondheetsminister Étienne Schneider huet

dating site for sports fans
dating zoosk profile hi dating website

US-Regierung wëll Tech-Konzerner op den Zant fillen

An der Silicon Valley si se alarméiert an d‘Juriste stellen

De Schmunzel – Eng ko(s)mesch Geschicht
dating zoosk profile hi dating website

De Schmunzel – Eng ko(s)mesch Geschicht

Am Kader vun der Ausstellung “Otherworlds” liest de Jhemp Hoscheit

Vun der Weltcommunautéit vergiess: déi humanitär Kris an Nigeria

Dokteren ouni Grenze mat enger aktualiséierter Bestandsopnam vun enger gewollter Nout

Vun der Weltcommunautéit vergiess: déi humanitär Kris an Nigeria

Fir déi ronn 2 Millioune Mënschen am Nordoste vu Nigeria, déi an de leschten néng Joer verdriwwe goufen, ass d‘Noutsituatioun onverännert bedréckend a wäit dovunner ewech iwwerwonnen ze sinn. D‘Gewalt bestëmmt den Alldag, wie ka begeet sech op d‘Flucht.

Et ass Fakt – och wann d‘Medien Nigeria als krisegerëselt Land net méi um Schierm hunn – datt an dësem afrikaneschem Land, de Konflikt tëscht Regierungstruppen a bewaffente Clanen net ofgeholl huet. Esou sinn d‘Affer vun dëser Kris vun humanitärer Hëllef ofhängeg, an dat betrëfft ganz besonnesch d‘Mënschen aus de Bundesstaaten Borno a Yobe. Hei feelt et un allem…

Mat der „dréchener Saison“ kënnt d‘Angscht. Angscht fir zwou Millioune verdriwwe Mënschen, déi eng Zounam vun der Gewalt ze erdroen hunn, wat si nach méi schutzbedierfteg mécht. Déi meescht hunn net nëmme Grond a Buedem verluer, nee och Familljememberen huet de Konflikt gefuerdert, si waren Iwwergrëff ausgesat, mussen a Lager iwwerliewen an hu kaum Perspektiven.

De Luis Eguiluz, Lännerverantwortleche fir Nigeria bei MSF, erkläert: „Vill Mënsche liewe säit Joren an Lager. Hir Beweegungsfräiheet baussent dem Lager ass ageschränkt. Esou kënnen si net fir sech selwer suergen, a well de Konflikt unhält, hunn dës Mënsche wéineg Aussiichten nees an hiert Heem zréckgoen ze kënnen“. An kee kritt et mat, well net driwwer geschwat gëtt.

Vollstänneg Ofhängegkeet

Hei sinn d‘Mënschen dann och vollstänneg vun externer Hëllef ofhängeg, woubäi dës Hëllef ganz oft net duer geet. „Déi humanitär Hëllef ass onzouräichend an deckt de Bedarf bei wäitem net. E feelt un Hëllefsleeschtung an der Beräicher: Gesondheet a Schutz, Waasser a Wunnraum“, esou den Luis Eguiluz weider. A fir sech kënnen e realistescht Bild vun der Situatioun ze maachen:

Nigeria

Wie muss flüchten huet oft grad dat néidegst, also wat hien op der Haut dréit oder an Hänn hale kann, bei sech. Vill Mënsche sinn ënnererniert. © MSF Nigeria

„Zu Gwoza huet d‘Liewensmëttelausgab misse reduzéiert ginn, zu Pulka gëtt et net genuch Waasser an, an engem Transitlager waarden eng 4.000 deplacéiert/verdriwwe Mënschen drop, datt hinnen eppes wéi eng Ënnerkonft zougedeelt gëtt. Zu Bama ass d‘Bild en ähnlecht: Leit déi et bis heihinner gepackt hunn, musse méintelaang ënner Beem oder a 70-Mann Zelter iwwerliewen“.

Dozou kënnt, datt d‘Aarbecht vun den Hëllefsorganisatiounen duerch déi prekär Sécherheetslag, an dem Fait datt vill Regioune guer net accessibel sinn, net einfach ass. Am Bundesstaat Borno si Militäroperatiounen un der Dagesuerdnung, an et kënnt deeglech zu Iwwerfäll. Op de Stroossen tëscht de Stied, an deels bis an d‘Zentre vun de Stied. Néierewou ass een a Sécherheet.

Begrenzte Méiglechkeeten

Dat huet entspriechend Folgen: All Hëllefsorganisatioun déi baussent Maiduguri – der Haaptstad vum Bundesstaat Borno – Personal oder Hëllefsgidder transportéiere wëllen, sinn op Fliger oder Helikopter ugewisen. MSF weist awer ausdrécklech drop hin, datt och an deene Géigenden oder Uertschafte mat manner Sécherheetsoplagen d‘Hëllefsleeschtung oft net duer geet.

An dat huet wäitreechend Konsequenzen: déi desolat Liewenskonditiounen an de Lager an déi feelend humanitär Hëllef huet zu engem gesondheetlechen Noutstand gefouert. Esou bereet eng Cholera-Epidemie den Hëllefsorganisatioune vill Kappzerbrieches. Den Dokter Louis Vala, medezinesche Koordinator fir MSF an Nigeria, erkläert dozou:

„MSF huet seng Aktivitéiten zu Maiduguri an, an anere Stied vum Bundesstaat Borno, wéinst der Cholera-Epidemie, déi vum nigerianesche Gesondheetsministère am September 2018 annoncéiert ginn ass, missen erweideren. Esou huet MSF 2018 iwwer 8.000 Cholera-Patiente behandelt, an alles an allem 332.700 Mënsche géint dës Krankheet geimpft“.

2019 fänkt schlecht un

Dat neit Joer versprécht keng Besserung vun der allgemenger Situatioun. Schonn ufanks Januar huet MSF zu Maiduguri enger Well vun „neie“ Flüchtlingen/Verdriwwene Standhalen. Hei sinn an de leschte Wochen iwwer 8.000 Mënschen ukomm, déi virun engem sech zouspëtzende Konflikt am Norde vu Borno, d‘Flucht ergraff hunn. D‘Equippe vu MSF leeschten hei Iwwermënschleches…

Nigeria

D‘Mataarbechter vu MSF leeschten dat mënscheméiglecht, a leider geet et net duer. Hei muss déi international Communautéit intervenéieren. © MSF Nigeria

D‘Severine Courtiol-Eguiluz, MSF-Advocacy Manager am Nigeria ënnersträicht: „D‘Kris hält un an déi humanitär Folgen si verheerend. Vill Mënschen erhalen déi Hëllef déi si esou néideg bréichten net“. E Fait dee vum Amt fir d‘Koordinatioun vun humanitären Ugeleeënheeten (UNOCHA) bestätegt gëtt. Dës UN-Organisatioun bezitt sech dofir op eegen Estimatiounen.

Vun de Vereenten Natiounen heescht et, datt 800.000 Mënschen a Regioune liewen, zu deenen d‘Hëllefsorganisatioune keen Zougang hunn. Eng Zuel déi esou net ze iwwerpréiwen ass. Et ass aktuell schlicht net méiglech geséchert Informatiounen zu de Liewenskonditiounen an dem humanitäre Besoin ze erhalen. Eenzeg déi wou et bis an e Lager packen, kënnen erzielen…

„Katastrophal“ ass ënnerdriwwen

Unhand den Temoignagë vun de Leit déi aus dëse Regioune flüchte konnten, a vun de MSF-Mataarbechter opgeholl ginn, geet awer däitlech ervir, datt d‘Lag mindestens „Katastrophal“ ass. Déi epidemiologesch Etüd vu MSF aus dem September 2018, erlaabt awer en onerfreelechen Abléck. Si hu sech dem Ausmooss vun der Hongersnout ugeholl an d‘Zuele maachen Angscht.

Vun de sëlleche Kanner déi zanter Mee 2018 zu Bama ukomm sinn, hunn 8,2% ënner schwéierer Mangelernierung gelidden, weider 20,4% leiden ënner akuter Mangelernierung. Dat sinn Zuelen déi wäit iwwert dem Noutfallgrenzwäert leien dee vun der UNO festgeluecht gouf. Si sinn awer Beweis genuch, fir ze demonstréieren, wéi schrecklech sech d‘Situatioun fir déi Betraffen duerstellt.

„Déi humanitär Hëllef zu Borno dierf den Ament op kee Fall reduzéiert ginn. Fir eng Chance ze hunn ze iwwerliewen, sinn dës Mënschen op Hëllef vu Baussen ugewisen. Aktuell ginn net emol déi absolut Grondbedierfnesser ofgedeckt“, esou de Luis Eguiluz. Hie weist drop hin, datt muss séchergestallt ginn, dëse Leit wéinstens grondleeënd Hëllefsleeschtungen zoukommen ze loossen.

Foto: Et vergeet keen Dag, ouni datt MSF verdriwwe Mënschen, an hirer Majoritéit Fraen a Kanner mussen ophuelen an enregistréieren. De nigerianesche Konflikt ass bedauernswäerterweis aus der allgemenger Berichterstattung verschwonnen, beklot MSF. © MSF Nigeria

Ähnlech Sujeten Borno, Cholera, Edpidemie, Hongersnout, humanitär Kris, Konflikt, MSF, Nigeria, Yobe
Nächsten Artikel Virrechten Artikel