Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

…déi lescht Deeg am Bunker
International Neiegkeeten

…déi lescht Deeg am Bunker

Wéinst den unhalende Protester zanter der Presidentschaftswahl vum leschte Sonndeg,

Giel Gileten Akt VIII: ass et nach Protest oder scho Revolutioun?
International Neiegkeeten

Giel Gileten Akt VIII: ass et nach Protest oder scho Revolutioun?

Am Frankräich sinn d‘Feierdeeg eriwwer, zumindest fir de Mouvement vun

Buchpresentatioun vun „Der Report der Magd“
International Neiegkeeten

Buchpresentatioun vun „Der Report der Magd“

Dës Graphic Novel vum Margaret Atwood sengem Report der Magd (berlin

Si wollten eng humanitär Waffepaus fir Berg-Karabach

Si wollten eng humanitär Waffepaus fir Berg-Karabach

Dës Nuecht hätt et – esou haten et gëschter d‘Ausseministère vun Armenien an Aserbaidschan emol verkënnt – sollen zu enger Ënnerbriechung vu Mord an Doudschlag kommen. Schonn déi lescht Woch hat Russland sech fir eng Waffepaus agesat, déi entgéint de véier Stonnen, wéi et de Jean Asselborn, eisen Ausseminister, an der Chamber verkënnt huet, grad emol 5 Minutte gehalen.

Et war dann och, iert et zur Annonce komm ass, ee richteg bluddege Samschdeg, mat Doudegen a Verletzten. Baku hat gemellt, dat an der Nuecht op ee Samschdeg, zu Ganja (déi zweetgréisst Stad vu Berg-Karabach) säitens Armenien zu engem Rakéitebeschoss komm ass. Bei dëser Attack sollen 13 Mënschen ëmbruecht gi sinn. Eriwan mëscht d‘Nopeschland fir Iwwergrëff verantwortlech…

Vill Propaganda a kaum iwwerpréifbar Aussoe, maachen et mëttlerweil onméiglech sech ee richtegt Bild vun der Lag op der Plaz ze maachen. Geséchert ass allerdéngs, datt Aserbaidschan an dësem „Sträit“ verbuede Streemunitioun asetzt an och geziilt Schoule bombardéiert. Armenien zeechent en änlecht Bild, bezitt sech dobäi dann op d‘Haaptstad Stepanakert. Et ass eppes oniwwersiichtlech.

Zu Moskau huet den russeschen Ausseminister Sergej Lavrov béid Säiten opgeruff sech um Rimm ze räissen an sech un déi gottverdammte Vereenbarung ze halen. Hien huet sengen Homologen, dem Sohrab Mnazakajan (Armenien) an Jeyhun Bayramov (Aserbaidschan) per Telefon erkläert, datt dës Wafferou och a virun allem aus humanitäre Grënn noutwenneg ass. Dat kann een esou stoe loossen.

De frankistesch ugehauchten EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheeten, Josep Borrell, huet et dem russeschen Ausseminister gläich gemaach, woubäi hien net mat de viregt genannte Vertrieder vun de Konfliktparteie via Telefon kommunizéiert. Dem konservative Spuenier geet et zudeem méi ëm d‘Show wéi ëm den Inhalt, firwat en Appell un d‘Beligeranten hei och muss duer goen.

Ee vu senge Spriecher huet e Samschdeg gemengt: „All Ugrëff op Zivilisten an zivil Ariichtunge mussen en Enn hunn“. Zu Baku an Eriwan sinn se erféiert, an hu selbstverständlech direkt per Fax der EU-Kommissioun bestätegt, datt si d‘Message verstanen hunn. Gutt dat ass gelunn, mee et ass richteg, datt d‘EU de Beschoss vu Ganja bedauert huet. Esou wei si ëmmer alles „bedaueren“.

Illustratioun: © Rachel Lomas / unsplash

Ähnlech Sujeten Armenien, Aserbaidschan, Berg-Karabach, Europarot, Krichszoustand, ODKP, OSZE
Nächsten Artikel Virrechten Artikel