Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Äerdrutsch bei der Zitadell zu Namur
Meenung Neiegkeeten

Äerdrutsch bei der Zitadell zu Namur

Gëschter am spéiden Nomëtteg ass et bei der Zitadell zu

Accisenerhéijung op Pëtrolsproduiten – d‘OGBL-Presidentin huet Bedenken…
Meenung Neiegkeeten

Accisenerhéijung op Pëtrolsproduiten – d‘OGBL-Presidentin huet Bedenken…

Nodeems gëschter de ministeriellen Trio, Dan Kersch (LSAP), Pierre Gramegna

Mike Pompeo kritiséiert d‘Briten a warnt Griicheland
Meenung Neiegkeeten

Mike Pompeo kritiséiert d‘Briten a warnt Griicheland

Den amerikaneschen Ausseminister Mike Pompeo huet sech gëschter zolidd geiergert.

Editorial: Et ass jo elo gutt, mir hunn et verstanen

Editorial: Et ass jo elo gutt, mir hunn et verstanen

Och a Krisenzäite muss een eis Regierung luewen, wëll si ëmmer Zäit fir d‘Medien huet. Et ass zwar richteg, datt d‘Journalisten net méi physesch un de Pressekonferenzen dierfen deel huelen, firwat déi hir Froe mëttels enger e-Mail areeche mussen. Eng Ausnam huet de Finanzminister Pierre Gramegna (DP) dem US-Sender CNBC gewäert, déi elo de Moien, ee Live-Interview accordéiert kruten. Gutt och deen an däitscher Hand befëndleche Staatssender RTL, huet Privileegien.

Fir all déi aner schéngt ze gëllen: „Dir musst leider dobausse bleiwen“, wat jo Sënn mécht, wann een alles wat net Systemrelevant ass, opfuerdert sech gefällegst doheem opzehalen. An eigentlech, wëssen d‘Journalisten hautdesdaags gutt mat den neien Technologien ëmzegoen, a wann ee Gléck (oder déi richteg Bezéiungen) huet, oder zu engem vun de publizistesche Parteiorganer gehéiert, dann dierf een esouguer uruffen ouni ofgeblockt ze ginn. Transparenz ass jo grad elo wichteg.

Mir an der Redaktioun (2 Persoune mat enger fräier Journalistin) hunn dann och wierklech absolut Verständnis dofir, datt dat „Froe/Äntwerte Spill“ eppes verännert Reegelen huet, schliisslech sollt dëse Volet an de Pressekonferenzen, net iwwer Mooss strapazéiert ginn. Dofir begréisse mir, datt aus Respekt virun den traditionelle Medien, primär déi de Parteie frëndlech gesënnte Systemmedien (RTL, Saint Paul an Editpress), an duerno déi englesch a lusitanesch Medie bedéngt ginn.

verstanenMoien huet an alle bis ewell ugebuedene Livestream-Pressekonferenzen déi eng oder aner Fro agereecht, an et gouf esouguer eng, mat enger Fro vu RTL verknäppt. Gutt datt den Inhalt vun eiser Fro dorënner eppes gelidden huet, muss ee verstoen, schliisslech ass d‘Zäit knapp bemooss, an eng Online-Zeitung a Lëtzebuerger Sprooch huet keng Reechwäit, déi en Usproch op Gläichbehandlung kann erhiewen. Dofir hu mir och dat gréisste Versteesdemech, wou géif dat soss hiféieren?

A wann ee feststellt dat een hënnert oder stéiert, sollt ee sech besënnen an net iergeren. Et gleeft ee guer net wat een alles am Homeoffice erleedegt kritt, wann ee sech keng Froe muss ausdenken, déi – esou gouf et eis kierzlech galant bestätegt – weder fundéiert nach themebezu sinn. Jo et ass schonn eppes mat Aarbecht verbonnen sech déi falsch Froen auszedenken, och wann een dat net direkt esou gesäit. Well Asiicht dat bescht ass, versprieche mir der Regierung, keng Froe méi un si ze riichten.

Foto: Well et imminent wichteg ass, a warscheinlech well och d‘US-Ambassade zu Lëtzebuerg säin Afloss geltend gemaach huet, huet de Pierre Gramegna dem US-Sender CNBC e Gespréich accordéiert, mat deem eis amerikanesch Frënn a Partner, erkläert kréie wéi mir eis Ekonomie virun de Folge vun der Sanitärer Kris schützen. Si si schliisslech mat de Chinesen, déi fir eis wichtegst Handelspartner. A mat deene muss ee sech elo gutthalen, well kee weess op et no der Kris nach eng europäesch Unioun gëtt. © Finanzministère (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Ironie, Journalismus, Pressefräiheet, Presserot, Respekt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel