Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

15. November: De Lëtzebuerger an europäesche Solarpräis
International Neiegkeeten

dating is not worth the hassle

Nodeems den europäesche Solarpräis schonn zu Berlin, Roum Prag, Wien,

https://moien.lu/itv-dating-show-apply/
International Neiegkeeten

Gett et deemnächst Cola mat Cannabis Geschmaach?

Cannabis duerchleeft aktuell eng Period vun der „gesellschaftlecher Toleranz“, gëtt

Wie lauschtert no, wann den US-President telefonéiert?
International Neiegkeeten

Wie lauschtert no, wann den US-President telefonéiert?

No engem erneite Skandal wou dem Donald Trump nees d‘Haaptroll

Hurrikan Dorian iwwerfält d‘Bahamas

Wierbelstuerm vun der Kategorie IV bréngt massiv Néierschlag, Wand a Stuermflute mat sech

Hurrikan Dorian iwwerfält d‘Bahamas

Wéi vun den Autoritéiten ugemellt ass den Hurrikan Dorian e Sonndeg op d‘Inselgrupp vun de Bahamas (Karibik) gestouss. Hei waren déi ronn 400.000 Awunner opgeruff ginn, sech op héijer geleeë Plazen an/oder Noutënnerkënft a Sécherheet ze bréngen.

Eng vun de grousse Suerge bereet dem Wierbelstuerm seng „Reesgeschwindegkeet“. Den Zentrum vum Hurrikan beweegt sech nëmme ganz lues a Richtung Westen, wat bedéngt, datt sech de Stuerm laang iwwert de Bahamas wäert ophalen. Laut de Meteorologen ass dat keng gutt Situatioun: de Wand wier enorm Geféierlech an et ass vun engem Néierschlag ëm déi 380 Millimeter ze rechnen.

Laut den nationalen Hurrikanzenter (NHC) zu Miami ass Dorian ee mat den heftegsten Onwieder zanter dës Stierm registréiert ginn. Wandspëtzte vu wäit iwwer 350 Stonnekilometer hunn Diecher a Stroummaste regelrecht ass sech „opgeléist“, un der Küst huet de Mieresspigel siwe Meter iwwert dem normalen Niveau geleeën. D‘Servicer hunn d‘Situatioun als Liewensgeféierlech bezeechent.

Dorian ass op d‘Bahamas zu „Elbow Cay“ gestouss. Dat mat Wandspëtzte vun 296 Stonnekilometer an deels nach wäit kräftege Böen. Domatter huet den Hurrikan en 80 Joer ale „Rekord“ agestallt. Et war zanter 1935 keen Hurrikan mat esou enger Gewalt op d‘Inselgrupp gestouss. Méi Staark war 1980 just den Hurrikan Allen dee Wandspëtzte vun 305 erreecht huet awer net op Land getraff war.

Vum nationalen Hurrikanzenter zu Miami ass an der tëscht och eng Tropestuermwarnung fir grouss Deeler vun der Ostküst vu Florida erausgaangen. Laut de Simulatiounen déi d‘Meteorologen ënnerholl hunn, kéint den Hurrikan tëscht Méindegowes an Dënschdegvirmëttes virun der Küst a Richtung Georgia a South Carolina ofdréien. Den US-President verfollegt d‘Entwécklung.

mat indymedia/mia

Foto: © Sean Breslin/weather.com (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Bahamas, Hurrikan Dorian, NHC, NOAA, NWS, Wierbelstuerm
Nächsten Artikel Virrechten Artikel