Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ACEL: Lëtzebuerger Verband vun de Studentencercele stellt sech géint d‘Stage-Gesetz
International Neiegkeeten

ACEL: Lëtzebuerger Verband vun de Studentencercele stellt sech géint d‘Stage-Gesetz

Mat der „Originalversioun“ vum Gesetzprojet 7265 (Stage fir Schüler a

Russland setzt sech am UN-Sécherheetsrot duerch
International Neiegkeeten

Russland setzt sech am UN-Sécherheetsrot duerch

Si hunn sech de Mond fuseleg geschwat, fir um Enn

Den Immunolog warnt a kee lauschtert no
International Neiegkeeten

Den Immunolog warnt a kee lauschtert no

Den US-Immunolog Dr. Anthony Fauci huet virun der Gesondheetskommissioun vum

Hurrikan Dorian: Et war kee Frëndschaftsbesuch

Op den Abaco-Insele sinn op mannst 5 Mënsche verstuerwen, dausenden Haiser onbewunnbar

Hurrikan Dorian: Et war kee Frëndschaftsbesuch

Den Hurrikan Dorian huet nach ëmmer net ganz vun de Bahamas ofgelooss datt hien sech schonn een eegent Kapitel an am grousse Geschichtsbuch vun de Stierm agedroen huet. Zanter de Mënsch d‘Wieder dokumentéiert huet et esou ee Stuerm net op der Inselgrupp ginn. De Premierminister Hubert Minnis huet via Twitter op dat grousst Leed higewisen dat a seng Welt agedrongen ass.

Fënnef Mënschen hunn op den Abaco-Inselen, déi zu Archipel vun de Bahamas gehéieren, déi vun Dorian ugewannte Gewalt net iwwerlieft. Op de Bahamas selwer soll nach e Kand verstuerwe sinn, an dat internationaalt Rout Kräiz geet vu groussem Materialschued aus. Bis zu 13.000 Haiser sinn zerstéiert oder esou schwéier beschiedegt, datt se net bewunnbar sinn. D‘Hëllef leeft elo awer un.

HurrikanOp Grand Bahama ass et zu Stroumausfäll an Iwwerschwemmunge komm. Op éischte Biller ass ze erkennen datt Fluchhafe vu Freeport och ënner Waasser steet. Net anescht gesäit et op der gréisster vun den Inselen, New Providence, aus: d‘Haaptstad Nassau steet ënner Waasser. An nach kann een zur Stonn kee Bilan maachen. Et dierft nach Deeg brauche fir de ganze Schued ze bestëmmen.

HurrikanEe vun de Grënn fir déi onbeschreiflech Verwüstung: den Hurrikan Dorian hat sech un de Bahamas regelrecht festgebass. Den Zentrum Vum Stuerm ass nëmme ganz gemälleg, deels mat enger Vitess vun engem Kilometer an der Stonn weidergezunn, firwat den Archipel iwwert Stonnen ewech der Gewalt vum Wierbelstuerm ausgesat war. Um Méindeg huet Dorian dann eppes u Kraaft verluer.

HurrikanDen Hurrikan – dee vu Kategorie V op Kategorie IV erofgestuuft gouf – ass weiderhi geféierlech, esou d‘Warnung vum nationalen Hurrikanzenter (NHC) zu Miami. Dorian ass aktuell ënnerwee a Richtung Florida. Aktuell Simulatioune loossen drop schléissen, datt de Stuerm nach iert en op d‘Küst stéisst, no Norde kéint ofzéien. Dat ass awer keng Grond sech a Sécherheet ze fillen.

HurrikanOp Stuermfluten, Iwwerschwemmungen an zolidd Wandstéiss sollten d‘Leit sech astellen. Sollt den Hurrikan op Land Treffen, géif dat schwéier Schied mat sech bréngen. An den US-Bundesstaaten: Florida, Georgia a South Carolina gëllt schonn de Noutstand. D‘Evakuéierung vun den un der Küst geleeë Regiounen ass ugelaf. Hei mussen honnertdausende Mënschen d‘Geforenzon verloossen.

mat indymedia/mia

Foto: Den Hurrikan Dorian aus der Siicht vun der Weltraumstatioun ISS © Christina H. Koch/ISS

Ähnlech Sujeten Bahamas, Florida, Hubert Minnis, Hurrikan Dorian, NHC
Nächsten Artikel Virrechten Artikel