Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng bedreeten Aart: d‘Voiture (Analys)
International Neiegkeeten

Eng bedreeten Aart: d‘Voiture (Analys)

Vum 1. Mäerz un, esou de Mobilitéitsminister François Bausch (déi

Nom Referendum an Egypten: „Si hunn et net besser verdéngt“
International Neiegkeeten

Nom Referendum an Egypten: „Si hunn et net besser verdéngt“

Eigentlech wollten d‘Egypter den demokratesche Prozess an hirem Land etabléieren,

Grönland-Deal geplatzt, wéi wier et mat engem Stéck Belsch?
International Neiegkeeten

Grönland-Deal geplatzt, wéi wier et mat engem Stéck Belsch?

Fir déi eng ass et Humor, fir déi aner en

Hurrikan Dorian: Vun der Karibik bis an den héijen Norden

Hurrikan Dorian: Vun der Karibik bis an den héijen Norden

Immense Schued op de Bahamas, Chaos un der amerikanescher Ostküst an bis 20 Meter héich Wellen un der Kanadescher Küst. Den Hurrikan Dorian dierft de Mënschen déi him begéint sinn laang an Erënnerung bleiwen. Hei en Iwwerbléck:

Bahamas

Den Archipel vun de Bahamas war dem Hurrikan Dorian seng éischt „Etapp“. Als Hurrikan vun der Klass V huet de Wierbelstuerm, deen sech iwwert 24 Stonne laang iwwert den Insele festgebass hat, eng enorm Verwüstung ugeriicht a leider och vill Affer gefuerdert. Op der Insel Abaco, ass d‘Stad Marsh Harbour regelrecht vun der Landkaart gewëscht ginn. Trëmmer wouhinner e kucke kann.

DorianAn enger Kierch wou Mënschen no Schutz gesicht haten, hunn d‘Rettungsdéngschter 17 Läiche gebuergen. Asazkräften hu bericht, datt de Verweesungsgeroch allgéigewäerteg ass an et zur Zäit einfach net méiglech ofzeschätze wéi vill Mënschen hei nach ënnert den Trëmmer begruewe sinn. Et gëtt keng Liewensmëttel méi an och un Drénkwaasser feelt et. D‘Leit wëllen nach just fort.

Et heescht weider – woubäi dës Informatioun net vun den Autoritéite bestätegt ass – datt dausende Läichesäck geliwwert gi wieren. Ugesiichts dem nach ëmmer virleefege Bilan erschéngt dat awer plausibel. Offiziell sinn eng 50 Doudesfäll bestätegt ginn, mee et muss mat wäitaus héijeren Zuele gerechent ginn. Weider heescht et, datt een dat net méi opbaue kann, hei muss nei ugefaange ginn.

US-Ostküst

No de Bahamas huet Dorian un der Küst vu Florida gekraazt fir uschléissend mat Wandspëtzte vun 150 Stonnekilometer bei Cape Hatteras (Inselgrupp „Outer Banks“, North Carolina) seng Wut un de Mënschen auszeloossen. A South a North Carolina haten iwwer 200.000 Stéit kee Stroum. An der Stad Charleston war de Stadzentrum iwwerschwemmt ginn, Stroummasten a Beem ëmgefall…

DorianOp Uerder vun den Autoritéite war et zu Evakuéierunge komm iert den Hurrikan sech gewisen hat. En Hurrikan dee vum nationalen Hurrikanzenter (NHC) zu Miami bis dohinner op d‘Kategorie I erofgestuuft gouf. D‘Meteorologen hunn awer insistéiert drop hinzeweisen, datt de Wierbelstuerm nach ëmmer eng Gefor duerstellt. Viru Stuermfluten ass an North Carolina a Virginia gewarnt ginn.

Kanada net verschount

No der amerikanescher Ostküst huet den Hurrikan Dorian an der kanadescher Provënz Nova Scotia seng Spuren hannerlooss. An der Hafestad Halifax si Wandspëtzte vun 140 Stonnekilometer notéiert ginn, eng 500.000 Stéit waren och hei ouni Stroum. Vill Beem goufen aus dem Buedem gerappt, Kelleren ënner Waasser gesat. D‘Regierung huet 700 Zaldoten an d‘Provënz beuerdert.

DorianDéi kanadesch Küstewaach huet gemellt, datt et wéinst dem Wierbelstuerm zu monstréise Welle komm ass. Esou goufe Welle mat enger Héicht vun 20 Meter registréiert. An der Hafestad Halifax haten sech d‘Awunner alleguerte méi oder wéineger a Sécherheet bruecht. D‘Stroossen waren eidel während Dorian seng Roserei erausgelooss huet. Vill Schued et sinn awer keng Persoune betraff.

mat indymedia/mia/phl/ott

Foto: De Wierbelstuerm Dorian huet – obwuel en op d‘Kategorie I erofgestuuft gouf – zu Halifax an der Provënz Nova Scotia (Kanada) och nach immense Schued ugeriicht. © Chris Hill (via Reed Timmer/Twitter)

Ähnlech Sujeten Bahamas, Hurrikan Dorian, Nova Scotia, US-Ostküst, Wierbelstuerm
Nächsten Artikel Virrechten Artikel