Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Aggressiivt Feier zu Gran Canaria: Dausende Mënsche goufen evakuéiert!
International Neiegkeeten

Aggressiivt Feier zu Gran Canaria: Dausende Mënsche goufen evakuéiert!

De Bëschbrand op der Insel Gran Canaria ass weiderhin net

Wahlmanifest vun den „déi Konservativ“ (eng Analys)
International Neiegkeeten

Wahlmanifest vun den „déi Konservativ“ (eng Analys)

Esou richteg schéngt keen se ze kennen an esou ass

Muechtwiessel a Griicheland
International Neiegkeeten

Muechtwiessel a Griicheland

Bei de virgezunne Parlamentswahlen a Griicheland ass déi lénks Regierung

Wéinst dem Hurrikan Dorian rifft Florida den Noutstand aus

Donald Trump annuléiert Staatsvisite a Polen a wëll senge Landsleit zur Säit stoen

Wéinst dem Hurrikan Dorian rifft Florida den Noutstand aus

Et kënnt eppes op d‘Ostküst Florida duer: Den nationalen Hurrikanzenter (NHS) hat „Dorian“ nach als en Hurrikan vun der Klass 1 agestuuft, mee deen huet iwwert de waarme Gewässer an der Karibik zolidd u Kraaft zougeholl. Den US-President huet d‘Leit gewarnt: „Et gëtt ee ganz groussen Hurrikan, villäicht ee vun de gréissten“. Den Trump huet seng Polen-Rees ofgesot.

De Gouverneur vu Florida, Ron DeSantis, huet d‘Awunner opgeruff de Verlaf vum Hurrikan genee ze verfollegen. Zudeem sollt all Bierger vu Florida fir mindestens fir siwen Deeg Reserven hunn. Et sollt een ausser Iessen, ze drénken an Medikamenter och ee Plang fir de Katastrophefall hunn. Fir deem schlëmmste virzegräifen, huet den US-President fir déi an der Karibik geleeë Joffereninselen den Noutstand erkläert. Esou gëtt och dëst Gebitt méi Hëllef zur Verfügung gestallt.

DorianSäitens dem Nationale Wiederdéngscht (NWS) misst een dovunner ausgoen, datt „Dorian“um Weekend als „gewaltegen Hurrikan“ vun der Klass 3 Florida erreeche kéint. Dat wier en zolidd Onwieder, dat an de meeschte Fäll vun heftegsten Néierschléi a brutale Wandstéiss vu bis zu 200 Km/H begleet gëtt. Säi genauer Verlaf léisst sech awer net mat Sécherheet bestëmmen.

DorianA während sech d‘Mënschen a Florida, mee och a South Carolina a Georgia preventiv op den Dorian astellen, hunn d‘Awunner vu Puerto Rico d‘Onwieder iwwerstanen. D‘Insel war zimlech verschount bliwwen. De Stuerm war net direkt op Puerto Rico getraff, mee ass eppes méi ëstlech ganz no un de Joffereninselen laanscht gezunn. De Milliardär huet seng Freed getwittert an der FEMA wéi och de sëlleche Rettungsdéngschter fir hiren onermiddlechen Asaz Merci gesot.

DorianUm Mëttwoch war Puerto Rico schwéiere Néierschléi a staarkem Wand ausgesat. Eng eelere Mann ass ëm d‘Liewe komm, wéi hie vun engem zolitte Wandstouss mat senger Leeder ëmgehäit gouf. Dat 80 järegt Affer hat versicht am Onwieder säin Dach ze flécken. D‘Insel war 2017 scho vum Orkan „Maria“ verwüst ginn, deemools waren eng 3.000 Mënsche verstuerwen…

mat indymedia/mia/fld

Foto: Michelle Maria / Pixabay

Ähnlech Sujeten FEMA, Florida, Hurrikan Dorian, Joffereninselen, Katastrophenalarm, NHS, Noutstand, NWS, Puerto Rico
Nächsten Artikel Virrechten Artikel