Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

angry
Katalounien: Éischt prominent Verhaftungen
International Neiegkeeten

Katalounien: Éischt prominent Verhaftungen

Um Méindegowend huet eng Untersuchungsriichterin, déi zwee Leader vun de

Ankara wëll déi wirtschaftlech Kooperatioun mat Frankräich stäerken
International Neiegkeeten

Ankara wëll déi wirtschaftlech Kooperatioun mat Frankräich stäerken

Vun der tierkescher Presidence gëtt matgedeelt, datt béid Presidenten, de

En neit Kapitel am Liewe vun 2.615 jonke Persoune fänkt un
International Neiegkeeten

En neit Kapitel am Liewe vun 2.615 jonke Persoune fänkt un

Si hu geziddert, geléiert a geschweesst. A vir déi meescht

Hurrikan Florence: Éischt Affer an dausende Mënschen ouni Stroum

Hurrikan Florence: Éischt Affer an dausende Mënschen ouni Stroum

Den ugekënnegten Hurrikan „Florence“, dee mëttlerweil zum „Tropestuerm“ erofgestuuft ginn ass, huet sech mat all senger Gewalt op der amerikanescher Ostküst entlueden. Iwwerschwemmungen, Stroumausfäll a vill Schued ass ugeriicht ginn.

Aus dem Büro vum Gouverneur dann och d‘Informatioun, datt d‘A vum Hurrikan d‘Küst erreecht huet. Och wann den Hurrikan zum Tropestuerm erofgestuuft konnt ginn, esou wiere bis ewell mindestens véier Mënschen dem „Florence“ zum Affer gefall. Eng Fra mat hirem Kand sinn ëm d‘Liewe komm, wéi e Bam op hiert Haus gefall ass. Eng drëtt Persoun ass bei Aarbechten un engem Generator verstuerwen, esou éischte Policeberichter no.

Zu Jacksonville ass en Hotel esou schwéier beschiedegt ginn, datt et huet missen evakuéiert ginn. „Mir hunn e Noutruff erhalen, an d‘Rettungsdéngschter hunn den Hotel evakuéiert. Betraff waren 62 Clienten. Kee Mënsch ass blesséiert ginn, alleguerte geet et gutt“, esou de Buergermeeschter vu Jacksonville, Sammy Philipps op der lokaler Tëlee. D‘Gäscht vum Hotel konnten an engem provisoresche Schutzraum ënnerbruecht ginn.

D‘Situatioun ass chaotesch

Bis ewell gëtt et nëmmen „virleefeg“ Berichter, déi awer als „Momentopnam“ e virsiichtegen Iwwerbléck erlaben. Esou sinn d‘Iwwerschwemmungen den Ament de gréisste Problem. An der Stad New Bern, déi 45 Kilometer vun der Küst ewech ass, hunn d‘Rettungsdéngschter an de leschte Stonnen iwwer 200 Asätz misse bewältegen. Hei huet den Hurrikan Florence d‘Mierwaasser esou staark an d‘Mündung vum Floss Neuse gedréckt, datt d‘Pegel klammen.

Hurrikan

De Versuch en Androck ze vermëttelen, wéi et ausgesinn huet, wéi den zum Tropestuerm erofgestuuften Hurrikan Florence sech iwwer Myrtle Beach (Südcarolina) geluecht huet. © Alex Edelman/AFP

Honnert dausenden Awunner waarden elo drop aus de Waassermasse gerett ze ginn. De Chef vun der FEMA, Brock Long: „Déi Leit, wou d‘Küst hu misse verloossen an elo an engem Schutzraum liewen, wäerte fir eng länger Zäit net méi heem goe kënnen. Wann de Stuerm duerchgezunn ass, kënne mir d‘Leit an Noutënnerkënft ënnerbréngen. Iergendwann kënnen se dann zréck, mee ugesiichts de Schied, ass dat fir vill Mënschen net méi méiglech.

D‘Florence léisst sech Zäit

Déi gutt Nouvelle: den Hurrikan Florence konnt nach an der Nuecht an d‘Kategorie Tropestuerm erofgestuuft ginn. D‘Wandspëtzte leien elo ënner 120 Km/H, an de Stuerm huet a Richtung Süden ofgedréint. D‘Florence zitt elo extrem lues laanscht d‘Küst, a bréngt Stuermflute vun iwwer dräi Meter mat. Et reent weider wéi aus Eemeren, an dat schéngt och keen Enn ze huelen. D‘Autoritéite rechnen dann och eréischt déi nächst Woch mat de heftegsten Iwwerschwemmungen.

Hurrikan

Hei geet et nëmmen nach mat liichten Embarcatioune virun. Zu New Bern huet d‘Florence d‘Mier esou zolidd an d‘Floossmündung vum Floss Neuse gedréckt, datt d‘Pegel net méi ophale mat klammen. Laut der FEMA dierft et Wochen daueren, bis d‘Leit nees an hir Haiser dierfen. © Chip Somodevilla/Getty Images/AFP

A Nordcarolina sinn honnert dausende Mënschen ouni Stroum, an dat wäert och nach eng Zäit laang esou bleiwen. De Brock Long bitt d‘Awunner ëm Gedold: „D‘Luuchte wäerten deeglaang, wann net esouguer iwwer Wochen ausbleiwen. Dat ass et och, firwat mir vu Katastroph hei schwätze mussen. D‘Infrastrukture gi beschiedegt, an alles nees opzebauen ass e frustréierende Prozess“.

Hurrikan… Tropestuerm… wat ass dat?

En tropesche Wierbelstuerm entsteet iwwert dem Mier wann d‘Waasser wéinstens 26° waarm ass. Dann ass d‘Verdonstung besonnesch staark, an dës Stäerkt kann ee Moossen. D‘Meteorologen Herbert Saffir a Robert Simpson hunn dozou eng Skala entwéckelt. Esou geet ee bei Loftgeschwindegkeeten ënner 63 Km/H vun engem „Tropendéif“ aus. Bei Geschwindegkeeten tëscht 63 an 118 Km/H ass et en Tropestuerm, doriwwer eraus gëtt vun engem Hurrikan geschwat.

Hurrikan

Zu New Bern hëllefe Fräiwëlleger aus ganz Nordcarolina den Awunner op der Flucht virun den Iwwerschwemmungen. Den Hurrikan, deen nach „just“ en Tropestuerm ass, beweegt sech nëmme ganz lues laanscht d‘Küst. Et wäert hei nach deeglaang reenen, an d‘Waasser wäert seng Zäit brauche bis et sech zeréckgezunn huet. © Chip Somodevilla/Getty Images/AFP

Den Hurrikan selwer huet och verschidde Kategorien: déi éischt gëllt bis 153 Km/H, d‘Kategorie 2 geet bis 177 Km/H, d‘Kategorie 3 bis 208 Km/H an d‘Kategorie 4 bis 251 Km/H. Déi héchste Kategorie 5, gëllt fir Loftgeschwindegkeeten ab 252 Km/H. Wann en Hurrikan dann och enorm Loftgeschwindegkeeten ervirrifft, esou beweegt sech dësen awer nëmme mat 15 Km/H weider. An dat ass den eigentleche Problem, well et Deeglaang iwwert dem selwechte Gebitt Néierschlag gëtt.

mat AFP

Foto: D‘Beem si wéi Fixspéin ëmgeknéckt ginn, wéi een hei zu Pollocksville (Nordcarolina) ka gesinn. Den Hurrikan Florence, elo nach just en Tropestuerm, huet déi amerikanesch Ostküst um Freideg erreecht, fir vill Schued an Iwwerschwemmunge gesuergt. Leider gëtt et och schonn Affer ze bekloen. © Logan Cyrus/AFP

Ähnlech Sujeten FEMA, Hurrikan Florence, Naturkatastroph, Tropestuerm, US-Ostküst
Nächsten Artikel Virrechten Artikel