Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gréng Luucht: 37 Milliarden Euro als Ënnerstëtzung vum EU-Parlament wärend der Coronakris
International Neiegkeeten

Gréng Luucht: 37 Milliarden Euro als Ënnerstëtzung vum EU-Parlament wärend der Coronakris

En Donneschdeg huet d’EU-Parlament sech fir eng Unzuel vun Noutfallmoossnamen

Geschwënn ass nees „Black Friday“ an den Handel wëll nëmmen äert Bescht
International Neiegkeeten

Geschwënn ass nees „Black Friday“ an den Handel wëll nëmmen äert Bescht

E gëtt ëmmer nees als dee „Verkafsevent“ vum Joer verkläert

Schéisserei an Akafszenter zu El Paso: Mindestens 20 Affer
International Neiegkeeten

Schéisserei an Akafszenter zu El Paso: Mindestens 20 Affer

Am texaneschen El Paso ass et gëschter zu enger Schéisserei

USA: Hurrikan Laura huet sech ausgetoobt

Et ass ee vun de stäerkste Stierm den US-Golfküst getraff huet – sechs Mënschen si gestuerwen

USA: Hurrikan Laura huet sech ausgetoobt

Hurrikan Laura huet am US-Bundesstaat Louisiana op wäit iwwer honnert Kilometer eng Spur vun der Verwüstung hannerlooss. Sechs Affer sinn ze bekloen an dat geneet Ausmooss vun de Schied wäert eréischt an de nächsten Deeg ze ermëttele sinn. Et gesäit allerdéngs aus, wéi wann et net esou schlëmm komm wier, wéi dat vun den Experte befiercht gouf.

Laura

De Stuerm war um Donneschdegmuere mat der Stäerkt 4 (vu 5) liicht ëstlech vun der Grenz tëscht Louisiana an Texas op Land getraff. D‘Laura huet masseg Haiser beschiedegt: ganz Quartiere sinn nach just Ruinen, 875.000 Mënschen hu kee Stroum méi. Klengt schrecklech, an ass et wuel och, woubäi Entspanung herrscht, well d‘Meteorologen hate wesentlech méi Schied ugekënnegt.

Laura

Zu Lake Charles (LA) si ganz Quartiere vum Hurrikan Laura einfach dem Buedem gläich gemaach ginn. © Tornado Trackers

Och de Gouverneur vu Louisiana, John Bel Edwards, gesäit et ähnlech: „Et ass däitlech, datt mir net deen absolutt katastrophale Schued erlidden hunn, vun deem mir ausgaange sinn. (…) Mee mir hunn en enorme Schued erlidden“. A streng geholl huet de Gouverneur Recht. Den Hurrikan Laura huet de Stuerm Katrina iwwertraff, deen eng Stäerkt vun „3“ hat, wéi hien 2005 Land getraff hat.

Am Texas ginn zur Stonn keng Affer gemellt. De Gouverneur Greg Abbott huet vun engem Wonner geschwat, sollt sech dat esou bestätegen. Den US-President Donald Trump huet annoncéiert, datt hie sech iwwert de Weekend mat eegenen Ae vum Schued-Ausmooss wëll iwwerzeegen. Hëllef ass awer schon zougesot ginn. Et ass deen zweete Stuerm vun der nach jonker Hurrikan-Saison.

LauraDen Hurrikan Laura ass mat Wandspëtzte bis zu 240 Km/h iwwert Land gezunn. No eelef Stonnen austoben ass dem Laura wuertwiertlech d‘Loft ausgaangen. Trotzdeem goufe géint der Owend nach ëmmer Spëtzte vu bis zu 65 Km/h gemooss. Aus dem Hurrikan ass en Tropestuerm ginn. Wéinst der Covid19-Pandemie huet d‘Evakuatioun vun de ville Mënschen sech „schwiereg“ gestalt.

mat indymedia/msy/hou an der Ënnerstëtzung vun den Tornado Trackers

Foto: Lake Charles (LA) huet et voll erwëscht. De Schued un dësem Gebai weist mat wéi enger Kraaft den Hurrikan Laura op d‘Infrastrukture gewierkt huet. © Tornado Trackers

Ähnlech Sujeten FEMA, Hurrikan Laura, Louisiana, Texas, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel