Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

tongue
Basisdemokratie: d‘Rezept, wat Rou an eng Partei bréngt?
International Neiegkeeten

Basisdemokratie: d‘Rezept, wat Rou an eng Partei bréngt?

Wéi demokratesch muss eng Partei sinn, déi den Numm Demokratesch

What the Fakt – Haut ass internationalen Dag vun de Veganer
International Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass internationalen Dag vun de Veganer

Si ginn nach ee Stéck méi wäit, wéi d’Vegetarier a

De Disney-Fox Deal, erkläert
International Neiegkeeten

De Disney-Fox Deal, erkläert

Disney huet Fox Entertainment kaft. Et ass wuel ee vun

Hurrikan Michael: De „Mich“ zerleet de Nordoste vu Florida

Hurrikan Michael: De „Mich“ zerleet de Nordoste vu Florida

Mat engem Wand, deem seng iwwerméisseg Gewalt fir schwéierst Schied gesuergt huet, ass den Hurrikan Michael iwwert den Nordoste vu Florida hiergefall. Rieds ass zur Stonn vun engem Affer. Nom Nordoste vu Florida, ass et elo de Bundesstaat Georgia dee vum „Mich“ Besuch kritt.

Déi Verantwortlech vun der Grofschaft Gadsden an Florida, nëmmen e puer Kilometer vun der Küst ewech, hunn der AFP eng Persoun gemellt, déi duerch den Hurrikan säi Liewe verluer huet. Et ass dat éischt Affer, dat dem „Mich“ zouzeschreiwen ass.

A wann den Hurrikan un Intensitéit verluer huet, e gouf gëschter Owend um 20 Auer (lokal) op Kategorie 1 – bei enger Skala vu 5 – ofgestuuft, esou sinn nach ëmmer Wandspëtzte vu bis zu 150 Km/H gemooss ginn, wei de Mich de Südweste vu Georgia erreecht huet. Dat geet aus dem leschten Informatiounsbulletin ervir, deen de nationalen Hurrikanzenter (NHC) erausginn huet.

Zu Panama City, op der Küst vu Florida, war et eng reegelrecht Waassermauer an heftegste Wand, déi iwwer 3 Stonne, dem Buede-Uert zougesat hunn. Bestänneg sinn an der ganzer Stad Trëmmer duerch d‘Géigend geflunn, während sech d‘Awunner esou gutt wéi méiglech verbarrikadéiert hunn.

Hurrikan

Am Zentrum vum Stuerm. Den Hurrikan Michael huet d‘Trëmmer duerch d‘Stroosse vu Panama City „gedriwwen“. © Joe Radle/Getty Images/AFP

Wéi sech den Hurrikan um Mëttwoch Nomëtteg (17.30 Auer Lokal), mat Wandspëtzte vun 250 Km/H, iwwert dës Stad vu 35.000 Awunner hiergefall ass, kruten d‘Leit et mat der Angscht ze dinn. D‘Stad war déi éischt Etapp vum Hurrikan, ee vun de brutaalsten zanter dem „Andrew“ 1992.

Dem Mich seng schlecht Manéieren

Esouvill Gewalt huet ee seele gesinn. Ganzer Wänn aus Zillen huet de Mich aus den Haiser gerappt a vill Beem déi laanscht Stroosse stoungen, goufen, einfach esou, aus dem Buedem gerass. D‘Holz vun de Beem an d‘Trëmmer vun den Haiser, hunn sech „verdeelt“ a verspären elo d‘Stroossen.

„Mir hunn den erschreckende Kaméidi vum Wand héieren. Et huet sech ugehéiert, wei e Monster op der Tëlee“, esou den Temoignage vum Loren Beltran. Si hat en Ënnerdaach bei hirem Frënd fonnt. D‘Hotel vun eisen AFP-Korrespondenten, ass gläichfalls vum Mich beschiedegt ginn.

Op Biller déi an de sozialen Netzwierker verëffentlecht gi sinn, war en deel vu Mexiko Beach ze gesinn. Hei ass et zu zolitten Iwwerschwemmunge komm. D‘Haiser, ënnert meterhéijem Waasser waren nach just un hiren Diech ze erkennen, och wann déi zum Deel matgerappt goufen. Biller vun den Awunner hunn „opgeplatzten“ an zu Brennholz verschafften Haiser gewisen…

„Déi ganz Natioun an d‘Welt hunn dëse monstréisen Hurrikan gesinn, wéi hien eis Golfküst verwüst huet“ esou d‘Deklaratioun vum Gouverneur Rick Scott. Den US-President huet sech vum Meeting a Pennsylvania gemellt a versprach sech ganz séier op der Plaz e Bild vun der Lag ze maachen.

De nationalen Hurrikanzenter huet preziséiert, datt zerstéierend „Wandstéiss“ nach ëmmer Plazeweis (a Florida an a Georgia) fir grousse Schued suergen, an d‘Leit sech net sollten am Fräien ophalen. D‘NHC mellt dann och e sëllechen Iwwerschwemmunge laanscht d‘Küst.

An dunn ass d‘Luucht ausgaangen

Wéi de Mich komm war, ass de Stroum gaangen. Laut de Rettungsdéngschter vu Florida, hate gëschter Owend um 20.45 Auer (lokal) 192.000 Menage kee Stroum méi. D‘Meteorologen haten op de „potentiell katastrophale Charakter“ vum Hurrikan Michael higewisen.

Si hunn d‘Leit viru geféierlechen Iwwerschwemmunge gewarnt, ganz besonnesch d‘Awunner vun de Küstestied. Hei ass d‘Flut deels bis zu 4,3 Meter iwwer Normal op d‘Küst zoukomm. Och beim Nidderschlag huet sech de Mich net zréckgehalen, a Plazeweis ass bis zu 30 Zentimeter Ree gefall.

Hurrikan

Zu Crawfordville huet de Mich ganz Beem aus dem Buedem gerappt. Booter a soss Gefierer waren zum Spillball vum Hurrikan ginn, dee mat Wandspëtzte vu bis 250 Km/H iwwert den Nordweste vu Florida ewech gefeegt ass. © Mark Wallheiser/Getty Images/AFP

A Florida goufen dann och Dosende Refugen opgemaach, fir déi dausenden Awunner, déi virum Hurrikan d‘Flucht ergraff haten, en Ënnerdaach ze bidden. Tallahassee, d‘Haaptstad vu Florida, hat sech um Mëttwoch, nodeems de Fluchverkéier agestallt gi war, an eng reegelrecht Geeschterstad verwandelt. Laut dem Caitlin Staniec (28) war d‘Situatioun apokalyptesch.

E Mëttwochmueren hat de Gouverneur Rick Scott sech besuergt gesot, well vill Awunner sech géint eng Evakuatioun gestrieft hunn. Den „Uerder“ sech ausser Gefor ze bréngen, war un 375.000 Awunner aus 20 Grofschafte gaangen. Aus Grënn déi hinnen eege sinn, si vill Awunner do bliwwen.

D‘Autoritéiten haten dann och um Mëttwochmueren drop higewisen, datt all déi wou dem Opruff net nokomm sinn, dat elo och net méi sollte versichen. Et wier elo ze spéit „sech aus de Féiss“ ze maachen. „Gitt net vrun d‘Dier, dat iwwerlieft dir net. Et ass déidlech“, esou de Message.

Eng Première vir de Mount Oktober

Laut dem Meteorolog Philip Klotzbach (Hurrikan-Spezialist op der Colorado State University) huet et nach ni, an der meteorologescher Geschicht vun den USA, esou en Hurrikan am Oktober ginn. Et ass richteg, datt d‘Hurrikan-Saison vu Juni bis November geet, an den Oktober d‘Enn alaut.

An de Mich war zolidd ënnerwee. Hien huet sech mat enger Vitess vun 28 Km/H a Richtung Nordost beweegt. Haut de Muere gëtt den Hurrikan am Zentrum vu Georgia erwaart. De Mich ass net méi „esou gewalteg“ a soll schonn e Freideg a Richtung Atlantik „ofdréinen“.

D‘Nopesch Bundesstaaten, Alabama a Georgia, hunn allerdéngs och de Katastrophenzoustand deklaréiert. North Carolina, dat Mëtt September vum Hurrikan Florence iwwerrannt gouf, a wou iwwer 40 Affer ze verzeechne waren, ass preventiv an Alerte gesat ginn.

Net ze vergiessen, datt den Orkan Irma, virun engem Joer, Florida schonn zolidd a t‘hënnescht d‘iewescht gedréit hat. Interessant ass, datt den Donald Trump, de Klimawandel nach ëmmer fir eng Erfindung vun de Russen oder de Chinesen hält.

mam Brendan Smialowski an dem Leila Marcor/AFP

Foto: Eng Fra mat hire Kanner, net wäit vun enger Tankstell ewech, nodeems den Hurrikan Michael iwwert Panama City hiergefall ass. © Brendan Smialowski/AFP

Ähnlech Sujeten Florida, Hurrikan Michael, Klimawandel, NHC, Rick Scott
Nächsten Artikel Virrechten Artikel