Amnesty International: Wierder sinn Hoffnung
Am leschte Joer, huet Amnesty International dozou bäigedroen, dem Magai
Am leschte Joer, huet Amnesty International dozou bäigedroen, dem Magai
De Kardinol George Pell deen der Welt ëmmer als virbildleche
Live an hautno kann een den Ian Paice a Clubatmosphär erliewen. Ecrane sinn net néideg, de Batteur wäert just wéineg Meter vu senge Fans ewech sinn. Egal ob „Smoke on the Water“, „Woman from Tokyo“ oder och „Hush“, et wäert wuel kee Wonsch oppe bleiwen, wat déi grouss Klassiker vun der legendärer Band ugeet.
An de 70er Joer gouf Deep Purple als eng vun den innovativsten an erfollegräichste Rockgruppen aller Zäite gefeiert. Hir Musek ass gekennzeechent duerch déi perfekt Balance tëscht genialer Musikalitéit a monumentaler Simplicitéit. Den Ian Paice selwer huet niewebäi och nach nieft Whitesnake, dem Gary Moore oder bei Soloprojete vum Jon Lord, Paul McCartney a Pete York gespillt.
© Poppeck
D’Grupp Pur.pendicular, déi vum Batteur an dem Joe Lynn Turner als bescht Deep Purple Tribute Band vun der Welt bezeechent gëtt, huet d’Fäegkeet, déi eenzegaarteg Magie vun der Rockband opliewen ze loossen. Souguer de Ritchie Blackmore gëtt zou, datt et sech ëm eng „exzellent Band“ handelt, de Roger Glover erkläert no senger Performance mat der grupp zu Basel 2012: „Si kléngen frësch an et ass eng immens Freed, mat hinnen ze spillen.“
Dofir hunn um éischten Album „tHis eis the tHing“ nieft dem Ian Paice och nach weider Gäscht, wéi de Steve Morse, den Don Airey oder och den Neil Murray matgespillt. Um aktuellen Disk „Venus to Volcanus“ kréie mir déi grouss Éier, den Deep-Purple-Batteur, an den ehemolege Rainbow Keyboarder Tony Carey ze héieren. An Däitschland huet den Album et iwwregens an d’Top 20 vun de Metal-Rock Charts gepackt.
Ticketen fir de Concert an der Rockhal ginn et bei alle bekannte Virverkafsplazen an ënnert www.rockhal.lu.
Opmaacherfoto: © Poppeck