Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Muss d‘EU seng Flüchtlingshëllef an der Tierkei a Fro stellen?
Kultur Neiegkeeten

Muss d‘EU seng Flüchtlingshëllef an der Tierkei a Fro stellen?

Europäescht Geld ass agesat gi fir de Refugiéeën an der

Lëtzebuerger ONGen am Asaz géint de Covid19
Kultur Neiegkeeten

Lëtzebuerger ONGen am Asaz géint de Covid19

Um Mëttwoch haten de Premierminister Xavier Bettel (DP) an de

LVI: Mam Vëlo vu Miersch an d’Stad
Kultur Neiegkeeten

LVI: Mam Vëlo vu Miersch an d’Stad

Och an dësem Joer luet d’Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI) an, mam

iBeacon: Fir d’Iwwerraschungsmomenter beim Wanderen

iBeacon: Fir d’Iwwerraschungsmomenter beim Wanderen

An Zesummenaarbecht tëscht dem Naturpark Öewersauer, der Naturverwaltung (ANF) an dem regionalen Tourismusverband Éislek (ORT) kritt Dir dat neit interaktiivt Erliefnis um Rondwanderwee „Natur Pur?“ presentéiert. Mat der Éislek-App an iBeacon ginn Iech an den iwwerraschendsten Amenter interessant a spannend Informatiounen zu enger bestëmmter Plaz op Äre Smartphone zougeschéckt.

De Ronderwanderwee „Natur Pur?“ start um Parking vun der Misärsbréck an zitt sech entweder iwwert 7 oder 1,7 Kilometer. A Kombinatioun mat der Éislek App an iBeacon gëtt den Trëppeltour digital erliefbar.

iBeacon

© Visit-Éislek

Wéi funktionéiert dat?

Bei dëser neier Aart vun der Entdeckung sollt ee sech als éischt emol déi gratis Éislek-App eroflueden an d’Push-Noriichten aktivéieren. Ënnerwee sinn 9 iBeacons verstoppt, wat graff erkläert kleng Sensore sinn, déi iwwert Bluetooth mat Ärem Smartphone kommunizéieren. Gidd Dir laanscht ee verstoppten iBeacon, kritt Dir eng Noriicht mat Informatiounen zum Wee, der Natur an der Ëmgéigend geschéckt.

Meeschtens handelt et sech dobäi ëm Videoen, an deenen den ANF-Fieschter Serge Hermes Iech iwwert de Wee guidéiert. Dir als Visiteur wësst dobäi ni, wéini déi nächst Noriicht kënnt.

Dës Initiative gehéiert zur Campagne „Summer an den Naturparken“. A Kombinatioun mat der Info-Broschür gëtt den Rondwanderwee zu engem richtegen Erliefnis, voller Iwwerraschungsmomenter.

Aktuell existéieren d’Videoen just op Lëtzebuergesch. Den Naturpark Öewersauer schafft awer un der Iwwersetzung op weider 4 Sproochen (EN, DE, FR, NL).

Ähnlech Sujeten ANF, Éislek-App, iBeacon, Interaktiv, Natur Pur?, Naturpark Öewersauer, Naturverwaltung, ORT, Rondwee, Serge Hermes, Visit Éislek, Wanderen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel