Polen: Vullegripp a Schwéngspescht
Nodeems an Ugangs der Woch an dräi Betriber déi Schnuddelhénger
Nodeems an Ugangs der Woch an dräi Betriber déi Schnuddelhénger
Am Kontext vun der Tripartite-Aviatioun, wou sech viru gutt engem
D‘Loftschléi géint Syrien, déi um Weekend vun der Koalitioun USA-Groussbritannien-Frankräich
Wien – An der Affaire ëm e „schmuddelege“ Video, wou den zeréckgetruedene Vizekanzler Heinz-Christian Strache enger Fake-Oligarchin aus Russland soll Staatsverträg versprach hunn, wa si ëm Géigenzuch Wahlkampfhëllef leeschte géif, soll sech den Auteur zu Wuert gemellt hunn.
Hannert dem Video soll en Affekot stoen an d‘Dot selwer wier zivilrechtlech motivéiert gewiescht, den Affekot vum verdächtegen Affekot. Dee behaapt sech drop, datt et sech hei ëm een investigativ journalistesche „Projet“ handelt. Datt d‘Verëffentlechung vun dësem Video zum Broch vun der Koalitiounsregierung gefouert huet, dat wier enger „eegener Dynamik“ vun der Politik geschëlt.
Am Schreiwes vum Affekot erkläert dësen, datt sengem Mandant zur Verëffentlechung vun den Opnamen, demokratesch relevant a rechtlech Iwwerleeunge grondleeënd waren. Hie betount an dësem Zesummenhang, datt sat sech den Auteur vum Video zu kengem Zäitpunkt un strofbaren Handlunge bedeelegt huet. Firwat d‘Opnamen elo ëffentlech gi sinn, ass net weider erläutert ginn.
Interessant an dësem Dossier, deen erwisenermoossen den EU-Wahlkampf a senger decisiver Phas beaflosst huet: Den Heinz-Christian Strache huet – eegenen Aussoen no – géint dräi Persounen eng Plainte agereecht. Laut der éisträichescher Noriichtenagence APA, soll den FPÖ-Politiker déi als méiglech Komplize bezeechent hunn. Op wéi eng Strofdoten sech d‘Plainte bezitt ass net gewosst.
Schaarf Kritik un der Justiz huet de geschassten Inneminister Herbert Kickl (FPÖ) geüübt. Hie werft den Autoritéiten an Ermëttler vir, sech am Kontext vun der Enquête zu den Hannergrënn besonnesch vill Zäit ze loossen. Wéi relevant den Ibiza-Video ass, a wéi eng Moossnamen an/oder Schrëtter d‘Justiz géint de vermuttlechen Auteur ergräife kann, muss sech och nach erginn.
mat indymedia/vie/lnz